19. Kapitel
De Lamoni kritt d’Liicht vum éiwege Liewen a gesäit den Erléiser—Säin Haushalt fält an eng Trance, a vill gesinn Engelen—Den Ammon gëtt op wonnerbar Weis erhalen—Hien deeft der vill a grënnt eng Kierch ënnert hinnen. Ongeféier 90 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: No zwee Deeg an zwou Nuechte waren si dorunner, seng Läich ze huelen an an ee Graf ze leeën, dat si zum Zweck vum Begriefnis gemaach haten.
2 D’Kinnigin awer hat vum Ammon sengem Ruff héieren, dofir huet si hi geschéckt a gewënscht, hie géif zu hir era kommen.
3 An et huet sech erginn: Den Ammon huet gemaach, wéi him gebuede war, an ass zur Kinnigin era gaangen a wollt wëssen, wat si géif wënschen, dat hie maachen soll.
4 A si huet zu him gesprach: D’Kniechte vu mengem Mann hu mir gesot, dat s du ee Prophet vun engem hellege Gott bass an dat s du Muecht hues, vill mächteg Wierker a sengem Numm ze maachen;
5 dofir, wann dat de Fall ass, géif ech wënschen, datt s du era gees an dir mäi Mann ukucks, well hie läit zënter zwee Deeg an zwou Nuechten op sengem Bett; an e puer soen, datt hien net dout ass, anerer soen, datt hien dout ass a sténkt, an datt hie sollt an d’Graf geluecht ginn; awer wat mech ugeet, fir mech sténkt hien net.
6 Elo, dat war et, wat den Ammon wollt, well hie wousst, datt de Kinnek Lamoni ënnert der Muecht vu Gott war; hie wousst, datt den däischtere Schleier vum Onglawe vu sengem Geescht ewechgeheit gouf, an d’Liicht, dat säi Geescht beliicht huet, dat war d’Liicht vun der Herrlechkeet vu Gott, dat e wonnerbaart Liicht vu senger Guttheet war—jo, dëst Liicht hat sou eng Freed a seng Séil agebrannt, d’Wollek vun der Däischtert war verdriwwen, an d’Liicht vum éiwege Liewen huet a senger Séil geliicht, jo, hie wousst, datt dëst säin natierlechen Zoustand iwwerwonnen hat, an hie war a Gott entfouert—
7 dofir war dat, wat d’Kinnigin vun him gewënscht huet och säin eenzege Wonsch. Dofir ass hien era gaangen, fir sech de Kinnek unzekucken, wéi et d’Kinnigin vun him gewënscht hat; an hien huet de Kinnek ugekuckt a wousst, datt hien net dout war.
8 An hien huet zur Kinnigin gesprach: Hien ass net dout, mee hie schléift a Gott, a muer wäert hien sech erëm erhiewen; dofir begruef hien net.
9 An den Ammon huet zu hir gesprach: Gleefs du dat? A si huet zu him gesprach: Ech hu keen Temoignage ausser däi Wuert an d’Wuert vun eise Kniechten; mee awer gleewen ech, datt et esou wäert sinn, wéi s du gesot hues.
10 An den Ammon huet zu hir gesprach: Geséint bass du wéinst dengem immens grousse Glawen: Ech soen dir, Fra, datt et ënnert allem Vollek vun den Nephitë keen esou grousse Glawe ginn huet.
11 An et huet sech erginn: Si huet iwwert d’Bett vun hirem Mann gewaacht, vun där Zäit un bis zu där Zäit den aneren Dag, déi den Ammon bestëmmt hat, datt hien sech dann erhiewe géif.
12 An et huet sech erginn: Hien huet sech nom Ammon senge Wierder erhuewen; a wéi hien sech erhuewen huet, huet hien seng Hand zu senger Fra ausgestreckt a gesot: Geséint sief de Numm Gottes a geséint sief s du.
13 Well esou gewëss du liefs, kuck, esou hunn ech mäin Erléiser gesinn; an hie wäert ervirkommen a vun enger Fra gebuere ginn, an hie wäert all Mënschen erléisen, déi u säin Numm gleewen. Wéi hien awer dës Wierder gesot hat, ass him d’Häerz geschwollen, an hien ass vu Freed erëm nidder gesackt; an och d’Kinnigin ass nidder gesackt, well si war vum Geescht iwwerwältegt.
14 Wéi den Ammon gesinn huet, wéi de Geescht vum Här, no senge Gebieder, op d’Lamaniten, senge Bridder, ausgeschott gouf, déi d’Ursaach vun sou vill Trauer ënnert den Nephiten, oder ënner dem ganze Vollek vu Gott, wéinst hiren Ongerechtegkeeten an hiren Traditiounen, waren, ass hien op d’Knéie gefall an huet ugefaang, seng Séil am Gebiet an an Dankbarkeet u Gott auszeschëdden, fir dat, wat hie fir seng Bridder gemaach hat; an hie war och vu Freed iwwerwältegt; an esou waren si all dräi op d’Äerd gefall.
15 Wéi awer d’Kniechte vum Kinnek gesinn hunn, datt si hi gefall waren, hunn och si ugefaangen, Gott unzeruffen, well d’Angscht vum Här war och iwwert si komm; well si waren et gewiescht, déi virum Kinnek stoungen an him déi grouss Muecht vum Ammon temoignéiert haten.
16 An et huet sech erginn, datt si den Numm vum Här mat aller Muecht ugeruff hunn, souguer bis si all op d’Äerd gefall waren, ausser enger vun de lamanitesche Fraen, där hiren Numm Abish war, déi zënter ville Joren zum Här bekéiert war, wéinst enger bemierkenswäerte Visioun vun hirem Papp—
17 well hatt also zum Här bekéiert gi war, an et ni bekannt gemaach hat, wousst hatt, wéi hatt gesinn huet, datt all d’Kniechte vum Lamoni op d’Äerd gefall waren, an och hir Härin, d’Kinnigin, an de Kinnek, an den Ammon op d’Äerd gefall waren, datt et d’Muecht vu Gott war; a well hatt ugeholl huet, datt dëst eng Geleeënheet wier, fir datt, andeems hatt de Leit bekannt maache géif, wat ënnert hinne geschitt war, si duerch den Ubléck vun dëser Szen dozou bruecht géifen, un d’Muecht vu Gott ze gleewen, dofir ass hatt vun Haus zu Haus gelaf an huet et de Leit bekannt gemaach.
18 A si hunn ugefaangen, sech zum Haus vum Kinnek hin ze versammelen. An et koum eng grouss Versammlung, an zu hirer Verwonnerung hunn si de Kinnek an d’Kinnigin an hir Kniechten hi gestreckt op der Äerd gesinn, a si louchen all do, wéi wann si dout wieren; a si hunn och den Ammon gesinn, a kuckt, hie war een Nephit.
19 An elo hunn d’Leit ugefaangen, ënnert sech ze grommelen; e puer hu gesot, et wier ee grousst Iwwel, dat iwwert si oder iwwer de Kinnek a säin Haus komm wier, well hien et gedold hat, datt een Nephit am Land bleiwe konnt.
20 Mee anerer hunn si ermaant, nämlech: De Kinnek huet dëst Iwwel iwwert säin Haus bruecht, well hien seng Kniechten ëmbruecht hat, deenen hir Häerden beim Waasser Sebus zerstreet gi sinn.
21 An dës goufen och reprimandéiert, an zwar vun de Männer, déi beim Waasser Sebus gewiescht waren an d’Häerden, déi dem Kinnek gehéiert haten, zerstreet haten; well si waren op den Ammon rosen, wéinst der Unzuel hirer Bridder, déi hie beim Waasser Sebus ëmbruecht hat, wéi hien d’Häerde vum Kinnek verteidegt huet.
22 Ee vun hinnen awer, deem säi Brudder vum Ammon sengem Schwäert ëmbruecht gi war, war immens rosen op den Ammon; hien huet säi Schwäert gezunn an ass no vir getrueden, fir datt hien et op den Ammon fale loosse kéint, fir hien ëmzebréngen; a wéi hien d’Schwäert opgehuewen huet, fir hien ze erschloen, kuckt, do ass hien dout ëmgefall.
23 Elo gesi mir, datt den Ammon net ëmbruecht konnt ginn, well den Här hat zum Mosiah, sengem Papp, gesprach—Ech wäert hie verschounen, an et wäert him no dengem Glawe geschéien—dofir hat de Mosiah hien dem Här uvertraut.
24 An et huet sech erginn: Wéi d’Versammlung gesinn huet, datt de Mann, deen d’Schwäert gehuewen hat, fir den Ammon ëmzebréngen, dout ëmgefall war, do koum Angscht iwwert si alleguerten, an si hunn sech net getraut, d’Hand auszestrecken, fir hien oder iergendeen vun deenen, déi um Buedem geleeën hunn, ze beréieren; a si hunn ugefaangen sech ënnereneen ze verwonneren, wat wuel d’Ursaach vun dëser grousser Muecht kéint sinn oder wat dëst alles ze bedeiten hätt.
25 An et huet sech erginn: Et waren der vill ënnert hinnen, déi gesot hunn, den Ammon wier de Grousse Geescht, an anerer hu gesot, hie wier vum Grousse Geescht geschéckt ginn;
26 Mee anerer hunn si all ermaant a gesot, datt hien e Monster wier, dee vun den Nephite geschéckt gi wier, fir si ze quälen.
27 An et gouf der e puer, déi gesot hunn, den Ammon wär vum Grousse Geescht geschéckt ginn, fir si wéinst hiren Ongerechtegkeeten ze bedrängen; an hie wier dee Grousse Geescht, deen sech ëmmer den Nephiten ugeholl huet, deen si ëmmer aus hiren Hänn befreit huet; a si hu gesot, et wier dëse Grousse Geescht, deen esou vill vun hire Bridder, de Lamaniten, vernicht huet.
28 An esou huet ee ganz heftege Sträit ënnert hinnen ugefaangen. A wärend si esou gestridden hunn, koum déi jonk Fra erbäi, déi gemaach hat, dat d’Leit sech sollte versammelen, a wéi hatt de Sträit gesinn huet, deen et ënnert de Leit ginn ass, war hatt iwwer d’Moosse besuergt, jo, sou dat hatt gekrasch huet.
29 An et huet sech erginn: Hatt ass gaangen an huet d’Kinnigin bei der Hand geholl, fir si vläicht vum Buedem opzeriichten; a soubal hatt hir Hänn beréiert hat, huet si sech erhuewen a stoung op hire Féiss an huet mat haarder Stëmm geruff, nämlech: O hellege Jesus, dee mech virun enger fuerchtbaren Hell gerett huet! O hellege Gott, sief baarmhäerzeg zu dësem Vollek!
30 A wéi si dëst gesot hat, huet si d’Hänn zesumme geschloen, well si war vu Freed erfëllt, an huet vill Wierder gesprach, déi net verstane goufen; an nodeems si dëst gemaach hat, huet si de Kinnek Lamoni bei der Hand geholl a kuckt, hien huet sech erhuewen a stoung op de Féiss.
31 A wéi hien de Sträit ënnert sengem Vollek gesinn huet, ass hien direkt dohinner gaangen an huet ugefaangen, si ze ermanen an hinnen d’Wierder ze enseignéieren, déi hien aus dem Mond vum Ammon héieren hat; a wien seng Wierder héieren huet, deen huet gegleeft a sech zum Här bekéiert.
32 Mee et gouf der vill ënnert hinnen, déi seng Wierder net héiere wollten; dofir sinn si hirer Wee gaangen.
33 An et huet sech erginn: Wéi den Ammon sech erhuewen huet, huet hien sech och hirer ugeholl; dat hunn och all Kniechte vum Lamoni gemaach; a si all hunn dem Vollek datselwecht verkënnegt, nämlech datt hiert Häerz sech gewandelt hat an datt si net méi dee Wonsch haten, Béises ze maachen.
34 A kuckt, vill hunn dem Vollek verkënnegt, si hätten Engel gesinn a mat hinne gesprach; an esou hätten si vun deem, wat vu Gott ass, a vu senger Gerechtegkeet erzielt.
35 An et huet sech erginn: Et goufen der vill, déi hire Wierder gegleeft hunn; a wien gegleeft huet, dee gouf gedeeft; a si goufen ee gerecht Vollek an hunn ënnert sech eng Kierch opgeriicht.
36 An esou huet d’Wierk vum Här ënnert de Lamaniten ugefaangen; sou huet den Här ugefaangen, säi Geescht iwwert si auszegéissen; a mir gesinn, datt säin Aarm zu alle Mënschen ausgestreckt ass, déi ëmkéieren an u säin Numm gleewe wëllen.