30. Kapitel
De Korihor, den Anti-Christ, verspott de Christus, d’Versönung an de Geescht vun der Prophezeiung—Hien enseignéiert, datt et kee Gott gëtt, kee Fall vum Mënsch, keng Strof fir d’Sënd an och kee Christus—Den Alma temoignéiert, datt de Christus komme wäert an datt alles drop hiweist, datt et e Gott gëtt—De Korihor fuerdert en Zeechen a gëtt mat Stommt geschloen—Den Däiwel war dem Korihor als Engel erschéngt a huet him enseignéiert, wat hie soe sollt—De Korihor gëtt zertrampelt a stierft. Ongeféier 76–74 v. Chr.
1 Kuckt, et huet sech erginn, nodeems d’Vollek vum Ammon am Land Jerschon etabléiert war, jo, an och nodeems d’Lamaniten aus dem Land verjot waren an hir Doudeger vum Vollek vum Land begruewe goufen—
2 Elo goufen hir Doudeger net gezielt, wéinst hirer groussen Zuel; och d’Doudeger vun den Nephite goufen net gezielt—mee nodeems si hir Doudeger begruewen haten, an och nom Faaschten, der Trauer an dem Gebiet (an et war am siechzéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi), huet am ganze Land bestännege Fridden ugefaangen.
3 Jo, an d’Vollek huet drop opgepasst, d’Geboter vum Här ze halen; a si ware strikt am Hale vun de Veruerdnungen a Gebräicher vu Gott, nom Gesetz vum Moses; well si waren enseignéiert ginn, d’Gesetz vum Moses ze halen, bis et erfëllt sollt ginn.
4 An esou hat d’Vollek keng Onrouen am siechzéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi.
5 An er huet sech erginn: Am Ufank vum siwwenzéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter gouf et bestänneg Fridden.
6 Mee et huet sech erginn, datt géint d’Enn vum siwwenzéngte Joer e Mann an d’Land Zarahemla komm ass, an hie war en Anti Christ, well hien huet ugefaangen, dem Vollek géint d’Prophezeiunge vun de Propheten iwwer d’Komme vum Christus ze priedegen.
7 Elo huet et kee Gesetz ginn, dat géint de Glawen oder d’Meenung vun engem war; well et wier streng géint d’Geboter vu Gott gewiescht, wann et e Gesetz gi wier, dat Mënschen op ongläicher Basis gestallt hätt.
8 Well esou seet d’Schrëft: Wielt iech haut, wiem dir dénge wëllt.
9 Wann elo ee Mënsch gewënscht huet, Gott ze déngen, sou war him dëst fräigestallt, oder villméi, wann hien u Gott gegleeft huet, sou war et him fräigestallt, him ze déngen; wann hien awer net un hie gegleeft huet, sou gouf et kee Gesetz, hien ze bestrofen.
10 Awer wann hie gemord huet, sou gouf hie mam Doud bestrooft; a wann hien een iwwerfall huet, sou gouf hien och bestrooft; a wann hie gestuel huet, sou gouf hien och bestrooft; a wann hien Adultère begaangen huet, sou gouf hien och bestrooft; jo, fir all esou Béist goufen si bestrooft.
11 Well et gouf e Gesetz, datt d’Mënschen no hire Verbrieche verurteelt solle ginn. Mee gouf et kee Gesetz géint d’Glawensusiichte vun engem Mënsch; dofir gouf een nëmme fir déi Verbrieche bestrooft, déi ee begaangen hat; an dofir stoungen alleguerten op gläicher Grondlag.
12 An dësen Anti-Christ, deem säin Numm Korihor war, (an d’Gesetz hat keng Muecht iwwert hien) huet ugefaangen, dem Vollek ze priedegen, datt et kee Christus géif ginn. An op dës Manéier huet hie gepriedegt a gesot:
13 O dir, déi dir iech un eng topeg an onnëtz Hoffnung klammert, firwat belaascht dir iech mat esou Topegkeeten? Firwat kuckt dir no engem Christus aus? Well kee Mënsch kann eppes vun deem wëssen, wat komme soll.
14 Kuckt, dat, wat dir Prophezeiungen nennt a wouvunner dir sot, et wier vun hellege Propheten iwwerliwwert ginn, kuckt, dat sinn topeg Iwwerliwwerunge vun äre Pappen.
15 Wéi wësst dir, datt dëst gewëss komme wäert? Kuckt, dir kënnt net vun eppes wëssen, wat dir net gesitt; dofir kënnt dir net wëssen, datt et ee Christus wäert ginn.
16 Dir kuckt no vir a sot, dir gesitt eng Verzeiung vun äre Sënden. Awer kuckt, dat ass d’Auswierkung vun engem wiere Geescht; an dës Verwirrung vun ärem Geescht kënnt vun den Iwwerliwwerunge vun äre Pappen, déi iech dozou verleeden, u Saachen ze gleewen, déi net esou sinn.
17 An hien huet nach vill esou Saache mat hinne geschwat a gesot, datt et keng Versönung fir d’Sënde vu Mënsche kéint ginn, mee datt et jidderengem am Liewen esou geet, wéi d’Fäegkeet vun der Kreatur et erlaabt; dofir géing jiddweree prosperéieren, wéi et sengem Geescht entsprécht, a jidderee kéint gewannen, wéi et senger Stäerkt entsprécht; an alles, wat ee Mënsch mécht, wier kee Verbriechen.
18 An esou huet hien hinne gepriedegt an d’Häerzer vu ville verfouert, sou datt si an hirer Béist de Kapp erhuewen hunn; jo, hien huet vill Fraen an och Männer verfouert, fir Prostitutioun ze maachen—andeems hien hinne gesot huet, datt, wann de Mënsch dout ass, datt et domadder eriwwer wier.
19 Dëse Mann ass awer och an d’Land Jerschon eriwwer gaangen, fir dëst och ënnert dem Vollek Ammon ze priedegen, dat fréier dem Vollek vun de Lamaniten ugehéiert hat.
20 Mee kuckt, si ware méi intelligent wéi vill vun den Nephiten; well si hunn hien ergraff a gefesselt a virun den Ammon geschleeft, deen een Héije Priister iwwert dat Vollek war.
21 An et huet sech erginn: Hien huet hien ausser Land brénge gelooss. An hien ass eriwwer an d’Land Gideon gaangen an huet ugefaangen, och hinnen ze priedegen; an hei hat hien net vill Erfolleg, well hie gouf ergraff a gefesselt a virun den Héije Priister an och virun den Ieweschte Riichter vum Land bruecht.
22 An et huet sech erginn: Den Héije Priister huet zu him gesprach: Firwat gees du dorëmmer a verkéiers d’Weeër vum Här? Firwat verkënnegs du dësem Vollek, et wäert kee Christus ginn, a stéiers si domadder an hirer Freed? Firwat spréchs du géint all Prophezeiunge vun den hellege Propheten?
23 De Numm vum Héije Priister awer war Giddonah. An de Korihor huet zu him gesprach: Well ech net déi topeg Traditioune vun äre Pappe enseignéieren a well ech dëst Vollek net enseignéieren, sech un déi topeg Veruerdnungen a Verriichtungen ze klammeren, déi an anticker Zäit vu Priister festgeluecht gi sinn, fir sech Muecht an Autoritéit iwwer d’Vollek un ze eegnen, fir et an Onwëssenheet ze halen, sou datt et net d’Haapt héich hiewe kann, mee no denge Wierder geschwächt wier.
24 Dir sot, dëst Vollek wier ee fräit Vollek. Kuckt, ech soen, et ass a Sklaverei. Dir sot, dës Prophezeiungen aus anticker Zäit wiere wouer. Kuckt, ech soen, dir wësst net, datt se wouer sinn.
25 Dir sot, dëst Vollek wier ee schëllegt a gefalent Vollek, an zwar wéinst der Transgressioun vun engem Virfuer. Kuckt, ee Kand ass net wéinst sengen Eltere schëlleg.
26 An dir sot och, de Christus wäert kommen. Mee kuckt, ech soen, dir wësst net, datt et ee Christus wäert ginn. An dir sot och, datt hie fir d’Sënde vun der Welt ëmbruecht gëtt—
27 an esou verféiert dir dëst Vollek no den dommen Traditioune vun äre Pappen an no ären eegene Wënsch; an dir haalt si kléng, jo, wéi wann si a Sklaverei wieren, sou datt dir iech un hirer Aarbecht mat hiren Hänn beräichere kënnt, sou datt si sech net trauen, fräi an offen erop ze kucken an sech net trauen, sech hirer Rechter a Privileegien ze freeën.
28 Jo, si hunn sech net getraut, vun deem ze gebrauchen, wat hinne selwer gehéiert, fir net hir Priister ze beleidegen, déi si no hirem Wëllen ënnerwerfen an si, duerch Iwwerliwwerungen an Dreem a Launen a Visiounen an angeblech Geheimnisser, dozou bruecht hunn, ze gleewen, datt si—wann si net nom Wuert vun hinnen handelen—een onbekannt Wiese beleidege géifen, vun deem si soen, dass et Gott wier—ee Wiesen, dat ni gesinn oder erkannt ginn ass, dat ni gewiescht ass oder jeemools wäert sinn.
29 Wéi awer den Héije Priister an den Ieweschte Riichter gesinn hunn, wéi verhäert säin Häerz war, jo, wéi si gesinn hunn, datt hie souguer Gott beleidege wollt, hunn si him op seng Wierder keng Äntwert ginn, mee si hunn hie banne gelooss; a si hunn hien an d’Hänn vun de Beamten iwwerginn an hien an d’Land Zarahemla geschéckt, fir datt hie virun den Alma an den Ieweschte Riichter, deen, deen iwwer d’ganzt Land regéiert, gefouert géif.
30 An et huet sech erginn: Wéi hie virun den Alma an den Ieweschte Riichter gefouert gouf, ass hien op déiselwecht Weis weider gefuer, wéi hien et am Land Gideon gemaach hat; jo, hien huet weider Gott gelästert.
31 An hien huet sech virun den Alma mat grousser, geschwollener Ried erhuewen an huet d’Priister an d’Enseignante beleidegt; hie beschëllegt si, d’Vollek no den dommen Traditioune vun hire Pappen ze verféieren, fir sech un der Aarbecht vum Vollek ze beräicheren.
32 Den Alma awer huet zu him gesprach: Du weess, datt mir eis net un der Aarbecht vun dësem Vollek beräicheren; well kuck, ech hu vum Ufank vun der Regierung vun de Riichter bis elo mat den eegenen Hänn fir mäin Ënnerhalt geschafft, obwuel ech esou vill am Land gereest sinn, fir mengem Vollek d’Wuert Gottes ze verkënnegen.
33 An trotz de villen Aarbechten, déi ech an der Kierch verriicht hunn, hunn ech nimools och nëmmen eng eenzeg Senine fir meng Aarbecht kritt, och kee vu menge Bridder, ausser am Riichterstull; a souguer dann hu mir nom Gesetz kritt, nämlech fir eis Zäit.
34 Elo awer, wa mir fir eis Aarbecht an der Kierch näischt kréien, wat nëtzt et eis dann, an der Kierch ze schaffen, ausser datt mir d’Wourecht verkënnegen, fir datt mir eis un der Freed vun eise Bridder freeën?
35 Firwat sees du dann, mir géifen dësem Vollek nëmme priedegen, fir Gewënn ze kréien, wann s du selwer weess, datt mir kee Gewënn kréien? An elo, gleefs du, mir täuschen dëst Vollek a verursaachen esou dës Freed, déi et am Häerzen huet?
36 An de Korihor huet him geäntwert: Jo.
37 An dunn huet den Alma zu him gesprach: Gleefs du, datt et ee Gott gëtt?
38 An hien huet geäntwert: Nee.
39 Den Alma huet awer zu him gesprach: Wëlls du weider verleegnen, datt et ee Gott gëtt, an och de Christus verleegnen? Well kuck, ech soen dir: Ech weess, datt et ee Gott gëtt, an och, datt de Christus komme wäert.
40 A wat fir ee Beweis hues du dann, datt et kee Gott gëtt oder datt de Christus net kënnt? Ech soen dir, du hues keen, ausser eleng deng Wierder.
41 Mee kuck, ech hunn alles als een Temoignage, datt dëst wouer ass; an och du hues alles als een Temoignage fir dech, datt et wouer ass; a wëlls du et verleegnen? Gleefs du, datt dëst wouer ass?
42 Kuck, ech weess, datt s du et gleefs; mee du bass vun engem verlugene Geescht besiess, an du hues de Geescht Gottes ewech gestouss, fir datt hien an dir keng Plaz méi huet; mee den Däiwel huet Muecht iwwer dech, an hie schleeft dech dorëmmer a setzt Pläng un d’Wierk, fir d’Kanner Gottes ze vernichten.
43 De Korihor awer huet zum Alma gesprach: Wann s du mir een Zeeche weise wëlls, fir datt ech mech iwwerzeege kann, datt et ee Gott gëtt—jo, weis mir, datt hie Muecht huet, an da wëll ech mech vun der Muecht vun denge Wierder iwwerzeege loossen.
44 Awer den Alma huet zu him gesprach: Du hues Zeeche genuch erhalen; wëlls du däi Gott versichen? Wëlls du soen: Weis mir een Zeechen, wou s du jo den Temoignage vun all dësen denge Bridder an och vun allen hellege Propheten hues? D’Schrëfte leie virun dir, jo, an alles seet aus, datt et ee Gott gëtt; jo, souguer d’Äerd an alles, wat op hir ass, jo, an och hir Beweegung, jo, an och all Planéiten, déi sech an hirer reegelméisseger Uerdnung beweegen, temoignéieren, datt et een héchste Schëpfer gëtt.
45 An awer gees du dorëmmer a verféiers dësem Vollek d’Häerz, andeems du hinne temoignéiers, et géif kee Gott? An awer wëlls du verleegnen, entgéint allen dësen Temoignagen? An hien huet gesprach: Jo, ech wëll verleegnen, ausser du weis mir een Zeechen.
46 An elo huet et sech erginn: Den Alma huet zu him gesprach: Kuck, ech si wéinst denger Häerzenshäert bekëmmert, jo, dat s du nach ëmmer dem Geescht vun der Wourecht widderstees, datt deng Séil vernicht kéint ginn.
47 Mee kuck, et ass besser, deng Séil geet verluer, ewéi dat s du den Ulooss dofir gëss, datt vill Séilen zur Vernichtung erof gefouert ginn, nämlech duerch deng Ligen an deng schmeechleresch Wierder; wann s du dofir weider verleegens, kuck, da wäert Gott dech schloen, dat s du stomm gëss, dat s du däi Mond ni méi op méchs, dat s du dëst Vollek ni méi täusche kanns.
48 De Korihor huet awer zu him gesprach: Ech verleegnen net d’Existenz vun engem Gott, mee ech gleewen net, datt et ee Gott gëtt; an ech soen och, du weess net, datt et ee Gott gëtt; a wann s du mir net een Zeeche gëss, da wäert ech net gleewen.
49 Den Alma awer huet zu him gesprach: Dës wëll ech dir zum Zeeche ginn: Du wäerts no menge Wierder mat Stommt geschloe ginn, an ech soen, am Numm vu Gott wäerts du mat Stommt geschloe ginn, sou datt s du net méi wäerts schwätze kënnen.
50 Wéi awer den Alma dës Wierder gesprach hat, gouf de Korihor mat Stommt geschloen, sou datt hien net méi schwätze konnt, no de Wierder vum Alma.
51 Wéi awer den Ieweschte Riichter dëst gesinn huet, huet hien seng Hand ausgestreckt an un de Korihor geschriwwen, nämlech: Bass du vun der Muecht Gottes iwwerzeegt? U wiem häss du gewënscht, datt den Alma säin Zeeche weist? Häss du gären, datt hien anerer bedrängt, fir dir een Zeechen ze weisen? Kuck, hien huet dir een Zeeche gewisen; a wëlls du elo nach weider streiden?
52 An de Korihor huet d’Hand ausgestreckt a geschriwwen, nämlech: Ech weess, datt ech stomm sinn, well ech kann net schwätzen; an ech weess, datt eleng d’Muecht Gottes dëst iwwer mech huet brénge kënnen; jo, an ech hunn ëmmer gewosst, datt et ee Gott gëtt.
53 Mee kuckt, den Däiwel huet mech getäuscht; well hien ass mir an der Gestalt vun engem Engel erschéngt an huet zu mir gesprach: Géi dohinner an huel dëst Vollek zeréck; well si sinn all engem onbekanntene Gott de falsche Wee nogaangen. An dann huet hien zu mir gesprach: Et gëtt kee Gott; jo, an hien huet mech dat enseignéiert, wat ech sollt soen. An ech hu seng Wierder enseignéiert; an ech hunn se enseignéiert, well se fir de fleeschege Sënn angeneem waren; an ech hunn se enseignéiert, jo, bis ech vill Erfolleg hat, sou vill, datt ech wierklech gegleeft hunn, se wiere wouer; an aus dësem Grond hunn ech der Wourecht widderstanen, jo, bis ech dëse schwéiere Fluch iwwert mech bruecht hunn.
54 Wéi hien awer dëst ervirbruecht hat, huet hien den Alma ugefleet, hie géif zu Gott bieden, datt de Fluch vun him geholl géif.
55 Mee den Alma huet zu him gesprach: Wann dëse Fluch vun dir geholl géif, da géifs du dësem Vollek d’Häerz erëm verleeden; dofir soll dir geschéien, jo, wéi den Här et wëll.
56 An et huet sech erginn: De Fluch gouf net vum Korihor geholl; mee hie gouf ausgestouss an ass da vun Haus zu Haus gaangen, fir sech eppes ze iessen ze erbettelen.
57 Mee dat, wat dem Korihor geschitt war, gouf ganz séier am ganze Land bekannt gemaach; jo, den Opruff gouf vum Ieweschte Riichter un all Vollek am Land geschéckt, an et gouf deenen, déi dem Korihor senge Wierder gegleeft haten, verkënnegt, datt si schnell Ëmkéiert übe missten, fir datt net ee selwecht Strofgeriicht iwwert si kéim.
58 An et huet sech erginn: Hinnen alleguerte gouf dem Korihor seng Béist zu Bewosstsinn bruecht; dofir hunn si sech alleguerten erëm zum Här bekéiert; an dëst huet den Ongerechtegkeeten nom Korihor senger Weis een Enn gesat. An de Korihor ass vun Haus zu Haus dorëmmer gaangen, fir sech Iesse fir säin Ënnerhalt ze erbettelen.
59 An et huet sech erginn: Wéi hien ënnert dem Vollek dorëmmer gaangen ass—jo, ënnert engem Vollek, dat sech vun den Nephite getrennt an sech Zoramite genannt hat, well et gouf vun engem Mann mam Numm Zoram gefouert—a wéi hien ënnert hinnen dorëmmer gaangen ass, kuckt, do hunn si sech op hie gestierzt an hunn op hien ageschloen, jo, bis hien dout war.
60 An esou gesi mir, wéi et engem ergeet, deen d’Weeër vum Här verkéiert; an esou gesi mir, datt den Däiwel senge Kanner um leschten Dag net bäistoe wäert, mee si schnell zur Hell erofzitt.