2. Kapitel
Den Amlissi wëll Kinnek ginn, awer gëtt vun der Stëmm vum Vollek ofgeleent—Seng Unhänger maachen hien zum Kinnek—D’Amlissite féiere Krich géint d’Nephiten a verléieren—D’Lamaniten an d’Amlissite verbannen hir Kräften a verléieren—Den Alma bréngt den Amlissi ëm. Ongeféier 87 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Um Ufank vum fënnefte Joer vun hirer Herrschaft ass et zu engem Sträit ënnert dem Vollek komm; well e bestëmmte Mann, mam Numm Amlissi, deen e ganz schlaue Mann war, jo, e weise Mann, wat d’Weisheet vun der Welt ugeet, hie war no der Uerdnung vum Mann, deen de Gideon mam Schwäert ëmbruecht huet, deen nom Gesetz higeriicht gouf—
2 dësen Amlissi elo hat duerch seng Schlauheet vill Vollek hannert sech hir gezunn; jo, esou vill, dat si ugefaangen hunn, vill Muecht ze hunn; a si hunn ugefaangen, alles an d’Weeër ze setzen, fir den Amlissi als Kinnek iwwer d’Vollek ze setzen.
3 Dëst awer war fir d’Vollek vun der Kierch beonrouegend, an och fir all, déi sech net duerch dem Amlissi seng Iwwerriedungskënscht iwwerriede gelooss hunn; well si woussten, datt esou eppes no hirem Gesetz duerch d’Stëmm vum Vollek op de Wee bruecht muss ginn.
4 Wann et dofir méiglech wär, dat den Amlissi d’Stëmm vum Vollek gewanne kéint, sou géif hien, deen ee béise Mënsch war, si hinnen hir Rechter a Privileegie vun der Kierch ewech huelen; well et war seng Absicht, d’Kierch vu Gott ze zerschloen.
5 An et huet sech erginn: Iwwerall am ganze Land huet sech d’Vollek versammelt, jiddwereen no senger ënnerlechen Astellung, sief et fir oder géint den Amlissi, a getrennte Gruppen, a si hate vill Ausenanersetzungen a wonnerlech Streidereie mateneen.
6 An esou hunn si sech versammelt, fir a Bezuch op dës Ugeleeënheet hir Stëmme geltend ze maachen; an dës goufen de Riichter virgeluecht.
7 An et huet sech erginn: D’Stëmm vum Vollek huet sech géint den Amlissi geriicht, sou dat hien net zum Kinnek iwwer d’Vollek gemaach gouf.
8 Dëst huet vill Freed an den Häerzer vun deene verursaacht, déi géint hie waren; mee den Amlissi huet déijéineg, déi fir hie waren, zur Roserei incitéiert géint déijéineg, déi géint hie waren.
9 An et huet sech erginn: Si hunn sech versammelt an hunn den Amlissi zu hirem Kinnek geweit.
10 Wéi elo den Amlissi zum Kinnek iwwert si gemaach gi war, huet hien hinne gebueden, d’Waffe géint hir Bridder ze hiewen; an dëst huet hie gemaach, fir si him ze ënnerwerfen.
11 Elo gouf dem Amlissi säi Vollek mam Numm Amlissi bezeechent, an et huet een si Amlissite genannt; an déi iwwreg goufen Nephiten oder d’Vollek Gottes genannt.
12 D’Vollek vun den Nephite war sech awer der Absicht vun den Amlissite bewosst, an dofir hunn si sech virbereet, hinnen ze begéinen; jo, si hunn sech bewaffent mat Schwäerter a Krommdolchen a mat Béi a mat Feiler a mat Steng a mat Schleideren a mat allerhand Krichswaffe vu jiddwer Zort.
13 An esou waren si bereet, den Amlissiten zum Zäitpunkt vun hirem Kommen ze begéinen. An et goufen Haaptleit bestëmmt, an och héich Haaptleit an iewescht Haaptleit, no hirer Unzuel.
14 An et huet sech erginn: Den Amlissi huet seng Männer mat allerhand Krichswaffe vu jiddwer Zort bewaffent; och hien huet fir säi Vollek Herrscher a Führer bestëmmt, déi si zum Krich géint hir Bridder féiere sollten.
15 An et huet sech erginn: D’Amlissite koumen op den Hiwwel Amnihu, deen ëstlech vum Floss Sidon ass, deen am Land Zarahemla laanscht fléisst, an do hunn si de Krich mat den Nephiten ugefaangen.
16 Elo war den Alma den Ieweschte Riichter a Gouverneur vum Vollek Nephi, dofir ass hie mat sengem Vollek eropgaangen, jo mat sengen Haaptleit an ieweschten Haaptleit, jo un der Spëtzt vu sengen Arméien, fir géint d’Amlissiten ze kämpfen.
17 A si hunn ugefaangen, d’Amlissiten op dem Hiwwel ëstlech vum Sidon ëmzebréngen. An d’Amlissiten hu mat den Nephitë mat grousser Kraaft gekämpft, sou grousser, dat vill Nephiten duerch d’Amlissiten gefall sinn.
18 Mee den Här huet d’Hand vun den Nephite gestäerkt, sou dat si d’Amlissiten an engem grousse Gemetzelt ëmbruecht hunn, sou dat si ugefaangen hunn, virun hinne fortzelafen.
19 An et huet sech erginn: D’Nephiten hunn d’Amlissiten de ganzen Dag laang verfollegt, a si hunn si an engem grousse Gemetzelt ëmbruecht, sou vill, dat vun den Amlissiten zwielefdausendfënnefhonnertzweeandrësseg Séilen ëmbruecht goufen; vun den Nephiten awer goufe sechsdausendfënnefhonnertzweeasiechzeg Séilen ëmbruecht.
20 An et huet sech erginn: Wéi den Alma d’Amlissiten net méi laang verfollege konnt, huet hien d’Zelter vu senge Leit am Dall Gideon opbaue gelooss, well dësen Dall war no deem Gideon genannt ginn, dee vun der Hand vum Nehor mam Schwäert ëmbruecht gi war; an an dësem Dall hunn d’Nephiten hir Zelter fir d’Nuecht opgebaut.
21 An den Alma huet Spioune geschéckt, fir de Rescht vun den Amlissiten ze verfollegen, fir datt hie vun hire Pläng an hirem Komplott Bescheed weess, wouduerch hien sech géint si schütze kéint, fir datt hie säi Vollek virun der Zerstéierung preservéiere kéint.
22 Déijéineg awer, déi hie geschéckt huet, d’Lager vun den Amlissiten ze beobachten, hunn Zeram an Amnor a Manti a Limher geheescht; si waren et, déi mat hire Männer ausgezu sinn, fir d’Lager vun den Amlissiten ze beobachten.
23 An et huet sech erginn: Den nächsten Dag sinn si presséiert an d’Lager vun den Nephiten zeréck komm, a si ware ganz erstaunt a vu grousser Angscht befall, a si hu gesot:
24 Kuckt, mir sinn dem Lager vun den Amlissiten nogaangen, an zu eisem gréissten Erstaunen hu mir am Land Minon, uewe vum Land Zarahemla, a Richtung op d’Land Nephi hin, eng grouss Unzuel vu Lamanite gesinn; a kuckt, d’Amlissiten hunn sech hinnen ugeschloss:
25 an elo hunn si eis Bridder am Land iwwerfall; an dës lafe virun hinne fort mat hiren Häerden a mat hire Fraen a Kanner hin zu eiser Stad; a wa mir ons net begannen, huelen si eis Stad a Besëtz, an eis Pappen an eis Fraen a Kanner ginn ëmbruecht.
26 An et huet sech erginn: D’Vollek Nephi huet seng Zelter geholl an ass ewech aus dem Dall Gideon gezunn no senger Stad, nämlech no der Stad Zarahemla.
27 A kuckt, wéi si de Floss Sidon iwwerquéiert haten, koumen d’Lamaniten an d’Amlissiten, déi, wéi et geschéngt huet, bal esou vill ware wéi de Sand vum Mier, iwwert si, fir si ze vernichten.
28 Trotzdeem, well d’Nephiten duerch d’Hand vum Här gestäerkt goufen, nodeems si him mächteg gebiet haten, fir datt hien si aus der Hand vun hire Feinde géif befreien, huet den Här hir Gejäiz héieren an huet si gestäerkt, an d’Lamaniten an d’Amlissite si virun hinne gefall.
29 An et huet sech erginn: Den Alma huet mam Amlissi mam Schwäert gekämpft, Mann géint Mann; a si hu mächteg gefecht, ee mat deem aneren.
30 An et huet sech erginn: Den Alma, deen ee Mann Gottes war, gouf vum Glawe staark beweegt an huet ausgeruff, nämlech: O Här, erbaarm dech a verschoun mäi Liewen, op datt ech een Instrument an dengen Hänn sief, fir dëst Vollek ze retten an ze beschützen.
31 Wéi den Alma dës Wierder gesprach hat, huet hien erëm mam Amlissi gekämpft; an hie gouf staark gemaach, sou staark, dat hien den Amlissi mam Schwäert ëmbruecht huet.
32 An hien huet och mam Kinnek vun de Lamanite gekämpft; mee de Kinnek vun de Lamaniten ass virun him fort gelaf an huet seng Waache geschéckt, fir mam Alma ze kämpfen.
33 Mee den Alma mat senge Waachen hu géint d’Waache vum Kinnek vun de Lamanite gekämpft, bis hien si ëmbruecht an zeréck gejot huet.
34 An esou huet hien déi Plaz oder villméi d’Ufer, dat op der Westsäit vum Floss Sidon war, propper gemaach: hien huet d’Läiche vun de Lamaniten, déi ëmbruecht gi waren, an d’Waasser Sidon geheit, fir dat säi Vollek op dës Weis Plaz hätt, de Floss ze iwwerquéieren a mat de Lamaniten an Amlissiten op der Westsäit vum Floss Sidon ze kämpfen.
35 An et huet sech erginn: Wéi si all de Sidon iwwerquéiert haten, hunn d’Lamaniten an d’Amlissiten ugefaange virun hinne fortzelafen, obwuel si esou vill waren, dat een si net ziele konnt.
36 A si si virun den Nephiten an d’Wüüst fortgelaf, déi am Westen an Norde war, bis iwwer d’Grenze vum Land eraus; an d’Nephiten hunn si mat aller Muecht verfollegt an hunn si ëmbruecht.
37 Jo, si goufe vun alle Säiten ugegraff an ëmbruecht a gejot, bis si am Westen an am Norden zerstreet waren, bis si d’Wüüst erreecht haten, déi een Hermounts genannt huet; an et war deen Deel vun der Wüüst, dee vu wëllen a hongeregen Déieren onsécher gemaach gouf.
38 An et huet sech erginn: Vill sinn an der Wüüst un hire Wonne gestuerwen a goufe vun deenen Déieren an och vun de Geieren aus der Loft gefriess; an hir Schanke sinn opfonnt an op ee Koup geheit ginn.