Scriptures
Alma 17


E Bericht iwwer d’Jonge vum Mosiah, déi hir Rechter op d’Kinnekräich zugonschten dem Wuert vu Gott verworf hunn a bis an d’Land vum Nephi gaange sinn, fir de Lamaniten ze priedegen; hiert Leed an hir Befreiung—laut der Opzeechnung vum Alma.

Besteet aus de Kapitele 17 bis 27.

17. Kapitel

D’Jonge vum Mosiah hunn de Geescht vun der Prophezeiung an der Offenbarung—Si ginn op verschidde Weeër, fir d’Wuert de Lamaniten ze verkënnegen—Den Ammon geet an d’Land vum Ismael a gëtt den Dénger vum Kinnek Lamoni—Den Ammon rett d’Häerd vum Kinnek a bréngt seng Feinde beim Waasser vu Sebus ëm. Versen 1–3, ongeféier 77 v. Chr.; Vers 4, ongeféier 91–77 v. Chr.; a Verse 5–39, ongeféier 91 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Wéi den Alma vum Land Gideon no Süde gezunn ass, erof an d’Land Manti, kuckt, do huet hien zu senger Verwonnerung d’Jonge vum Mosiah getraff, déi grad an d’Land Zarahemla gezu sinn.

2 Dës Jonge vum Mosiah waren elo beim Alma gewiescht, wéi den Engel him fir d’éischt erschéngt ass; dofir huet den Alma sech immens gefreet, seng Bridder ze gesinn; a wat seng Freed nach méi grouss gemaach huet, war, datt si ëmmer nach seng Bridder am Här waren; jo, a si haten sech am Wësse vun der Wourecht verstäerkt; well si Männer mat engem gesonde Versteesdemech waren, an si haten d’Schrëfte fläisseg ënnersicht, fir datt si d’Wuert vu Gott kenneléiere konnten.

3 Awer dat war net alles; si haten sech villem Faaschten a Bieden higinn; dofir haten si de Geescht vun der Prophezeiung an de Geescht vun der Offenbarung, a wann si geléiert hunn, sou hunn si mat der Muecht an Autoritéit vu Gott enseignéiert.

4 A si haten d’Wuert vu Gott véierzéng Joer laang ënnert de Lamanite enseignéiert; a si ware ganz erfollegräich gewiescht, andeems si vill zum Wësse vun der Wourecht gefouert hunn; jo, duerch d’Muecht vun hirem Wuert goufe vill virun den Altor Gottes gefouert, säin Numm unzeruffen an hir Sënde virun him ze bekennen.

5 Dëst sinn d’Ëmstänn, déi si op hire Reese begleet hunn, well si hate vill Leed; si hu vill gelidden, souwuel kierperlech wéi och geeschteg, wéi Honger, Duuscht a Middegkeet, an och vill Aarbecht am Geescht.

6 Dëst awer waren hir Reesen: Si haten hirem Papp Mosiah am éischte Joer vun de Riichter Äddi gesot; si haten d’Kinnekräich refuséiert, dat hire Papp hinnen iwwerdroe wollt, wéi et och dem Sënn vum Vollek entsprach hätt,

7 mee si sinn aus dem Land Zarahemla ewech gezunn an hunn hir Schwäerter an hir Lanzen an hir Béi an hir Feiler an hir Schleidere matgeholl; an dëst hunn si gemaach, fir sech ze iesse beschafen ze kënnen, soulaang si an der Wüüst waren.

8 An esou sinn si mat der Unzuel, déi si ausgewielt haten, an d’Wüüst gaangen, fir an d’Land Nephi eropzezéien an de Lamaniten d’Wuert vu Gott ze priedegen.

9 An et huet sech erginn, datt si vill Deeg an der Wüüst gereest sinn, an si hu vill gefaascht a vill gebiet, datt den Här hinnen en Deel vu sengem Geescht géif ginn, fir mat hinnen ze goen a bei hinnen ze bleiwen, fir datt si en Instrument an den Hänn vu Gott kéinte sinn, fir, wa méiglech, hir Bridder, d’Lamaniten, zum Wësse vun der Wourecht ze bréngen, zum Wësse vum nidderege Wäert vun den Traditioune vun hire Pappen, déi net korrekt waren.

10 An et huet sech erginn, datt den Här si mat sengem Geescht besicht huet a zu hinne sot: Sidd getréischt. A si ware getréischt.

11 An den Här huet zu hinnen och gesprach: Gitt dohinner zu de Lamaniten, äre Bridder, a riicht mäi Wuert op; mee sollt dir a laangem Leiden an am Leed gedëlleg sinn, fir dat dir hinnen ee gutt Beispill a mir weist, an ech wëll iech zu engem Instrument a menger Hand maachen, fir vill Séilen ze retten.

12 An et huet sech erginn: D’Jonge vum Mosiah an och déijéineg, déi mat hinne waren, hunn am Häerze Mutt gefaasst, fir bei d’Lamaniten hinzegoen an hinnen d’Wuert vu Gott ze verkënnegen.

13 An et huet sech erginn: Wéi si un der Grenz vum Land vun de Lamaniten ukomm waren, hunn si sech gedeelt a si vunenee gaangen; si hunn hiert Vertrauen an den Här gesat, datt si sech um Enn vun hirer Recolten erëm treffe géifen; well si hu gemengt, déi Aarbecht, déi si ënnerholl haten, wier ganz grouss.

14 A gewëss war se ganz grouss, well si haten sech virgeholl, d’Wuert vu Gott engem wëllen a verstockten a grausame Vollek ze priedegen, engem Vollek, dat sech dorunner freet, d’Nephiten ze ermorden an ze bestielen an ze beklauen; an hiert Häerz haten si op Räichtemer gesat, nämlech op Gold a Sëlwer an Edelsteng; mee si hunn duerno getruecht, dëst duerch Morden a Stielen ze kréien, fir dat si dofir net mat eegener Hand schaffe missten.

15 Sou waren si e ganz fault Vollek, vill vun deenen hu Gëtzen veréiert, an de Fluch vu Gott war op si gefall wéinst den Traditioune vun hire Pappen; trotzdeem goufen hinnen d’Versprieche vum Här ënnert de Konditioune vun der Ëmkéiert ausgeüübt.

16 Dofir war dëst de Grond, aus deem d’Jonge vum Mosiah d’Aarbecht gemaach haten, fir datt si si vläicht zur Ëmkéiert brénge kéinten; fir si vläicht esou wäit ze bréngen, datt si de Plang vun der Erléisung erkenne géifen.

17 Dofir hunn si sech vunenee getrennt a sinn zu hinne gaangen, jiddweree fir sech, nom Wuert an derMuecht Gottes, déi hinne gi waren.

18 Den Ammon war den Ieweschten ënnert hinnen, oder villméi war hien et, dee fir si gesuergt huet; an hien ass vun hinne forgaangen, nodeems hien si no hire verschiddene Stellunge geséint hat, nodeems hien hinnen d’Wuert vu Gott matgedeelt hat oder viru sengem Abschid fir si gesuergt hat; an esou ass jiddweree senges Wee gaangen, iwwerall am Land.

19 An den Ammon ass an d’Land vun Ismael gaangen; dëst Land war no de Jonge vum Ismael benannt, déi och Lamanite waren.

20 A wéi den Ammon d’Land Ismael betrueden huet, hunn d’Lamaniten hien ergraff a gefesselt, wéi et jo hire Brauch war, all Nephiten ze fesselen, déi hinnen an d’Hänn gefall sinn, a si virun de Kinnek ze schleefen; an esou war et der Laun vum Kinnek iwwerlooss, si ëmzebréngen oder si gefaangen ze halen oder si an de Prisong ze geheien a si aus dem Land auszestoussen, wéi hie wollt a wéi et him gefall huet.

21 An esou gouf den Ammon virun de Kinnek geschleeft, deen iwwer d’Land Ismael geherrscht huet; a säin Numm war Lamoni; an hie war ee Nokomm vum Ismael.

22 An de Kinnek huet den Ammon gefrot, op hien am Land ënnert de Lamaniten oder ënnert sengem Vollek liewe wéilt.

23 An den Ammon huet zu him gesprach: Jo, ech wënschen, eng Zäitlaang ënnert dësem Vollek ze liewen, jo, vläicht bis zu deem Dag, wou ech stierwen.

24 An et huet sech erginn: De Kinnek Lamoni hat grousst Gefalen un Ammon an huet seng Fessele léise gelooss; an hie wollt, datt den Ammon eng vu sengen Duechteren zur Fra huele géif.

25 Mee den Ammon huet zu him gesprach: Nee, mee ech wëll däi Kniecht sinn. Dofir gouf den Ammon ee Kniecht vum Kinnek Lamoni. An et huet sech erginn, datt hien ënner aner Dénger gesat gouf, fir d’Häerde vum Lamoni ze bewaachen, nom Brauch vun de Lamaniten.

26 An nodeems hien dräi Deeg am Déngscht vum Kinnek war, wéi hie mat de lamaniteschen Kniechte mat hire Schofshäerden op d’Waasserplaz gaange war, déi d’Waasser vu Sebus genannt gouf, a wou all d’Lamaniten hir Schofshäerde gedriwwen hunn, fir datt se Waasser hunn—

27 wéi dofir den Ammon an d’Kniechte vum Kinnek hir Häerden zu dëser Tränk gedriwwen hunn, kuckt, do stoung eng Unzuel Lamaniten do, déi komm waren, hiren Häerden ze drénken ze ginn, an si hunn d’Häerde vum Ammon a vun de Kniechte vum Kinnek verstreet, a si hunn se sou vill verstreet, datt se a vill Richtunge fort gelaf sinn.

28 Elo hunn d’Kniechte vum Kinnek ugefaange mat grommelen, nämlech: De Kinnek wäert eis wuel ëmbréngen, wéi hien et mat eise Bridder gemaach huet, well hir Häerden duerch d’Béist vun dëse Männer verstreet goufen. A si hunn ugefaangen, iwwer d’Moosen ze kräischen an hu gesprach: Kuckt, scho sinn eis Häerden verstreet.

29 Si hunn awer aus Angscht gekrasch, ëmbruecht ze ginn. Wéi elo den Ammon dat gesinn huet, ass him d’Häerz vu Freed geschwollen; well, esou huet hie gesot, ech wëll dëse menge Matkniechte meng Muecht weisen, nämlech déi Muecht, déi a mir ass, andeems ech dem Kinnek dës Häerden zeréck huelen, fir datt ech d’Häerz vun dëse menge Matkniechte gewanne géif, fir dat ech si dohinner brénge géif, datt si menge Wierder gleewen.

30 Dëst awer waren d’Gedanke vum Ammon, wéi hien d’Problemer vun deenejéinege gesinn huet, déi hien als seng Bridder bezeechent huet.

31 An et huet sech erginn: Hien huet mat senge Wierder tréischtend zu hinne geschwat, nämlech: Meng Bridder, sidd gudde Mutts a loosst eis op d’Sich no den Häerde goen, a mir wëllen se zesummendreiwen an zeréck zur Dränk féieren; an esou wäerte mir dem Kinnek d’Häerden preservéieren, an hie wäert eis net ëmbréngen.

32 An et huet sech erginn: Si sinn op d’Sich no den Häerde gaangen, a si sinn dem Ammon no gefollegt, a si si mat grousser Schnellegkeet higaangen an hunn d’Häerde vum Kinnek ënnert hir Führung bruecht an hunn se erëm zur Tränk hi gesammelt.

33 An déi Männer stoungen erëm do, fir d’Häerden ze zerstreeën; mee den Ammon huet zu senge Bridder gesprach: Ëmschléisst d’Häerden ronderëm, sou datt se net fortlafen; an ech ginn dohinner a streide mat dëse Männer, déi eis Häerden zerstreeën.

34 Also hunn si gemaach, wat den Ammon hinne gebueden huet, an hien ass higaangen an huet sech higestallt, mat deenen ze streiden, déi um Waasser Sebus stoungen; an un Zuel waren et net e puer.

35 Dofir hunn si den Ammon net gefaart, well si hu gemengt, een eenzege vun hinne kéint hien ëmbréngen, wéi et hinne gefale géif; well si woussten net, datt de Mosiah vum Här d’Verheeschung kritt hat, dëse géif seng Jongen aus hiren Hänn befreien; si woussten och näischt a Bezuch op den Här; dofir hunn si sech un der Vernichtung vun hire Bridder gefreet; an aus dësem Grond stoungen si do, fir d’Häerde vum Kinnek ze zerstreeën.

36 Mee den Ammon ass virgetrueden an huet ugefaangen, mat senger Schleider Steng géint si ze geheien. Jo, mat grousser Kraaft huet hie Steng géint si geschleidert; an esou huet hien eng Unzuel vun hinnen ëmbruecht, sou datt si ugefaangen hunn, sech iwwert seng Kraaft ze verwonneren; mee waren si rose wéinst hiren doudege Bridder, an si waren entschloss, hien ze schloen; wéi si dunn gesinn hunn, datt si hie mat hire Steng net treffe konnten, koumen si mat Keulen erun, fir hien ëmzebréngen.

37 Mee kuckt, jiddwerengem, deen d’Keul erhuewen huet, fir den Ammon ze schloen, deem huet hie mam Schwäert den Aarm ofgeschnidden; well hien huet hire Schléi widderstanen, andeems hien hinnen d’Äerm mat der Schäerft vu sengem Schwäert ofgeschloen huet, sou datt si ugefaangen hunn, sech ze verwonneren, an ugefaangen hunn, virun him fortzelafen; jo, an et waren där un Zuel net e puer; an hien huet si mat der Stäerkt vu sengem Aarm an d’Flucht geschloen.

38 Sechs vun hinne waren duerch d’Schleider gefall; mee mam Schwäert huet hie keen ëmbruecht, ausser hirem Führer; an all Äerm, déi sech géint hien erhuewen hunn, huet hien hinne mam Schwäert ofgeschloen, an et waren där net e puer.

39 A wéi hien si wäit ewech gejot hat, ass hien zeréck komm, a si hunn hir Häerden drénke gelooss an si mat hinnen op d’Wiss vum Kinnek zeréck gekéiert, an dunn sinn si zum Kinnek eragaangen an hunn all Äerm matbruecht, déi vum Ammon sengem Schwäert ofgeschloe gi waren, nämlech vun deenen, déi duerno getruecht haten, hien ëmzebréngen; a se goufen eragedroen zum Temoignage vun deem, wat si gemaach haten.