10. Kapitel
De Lehi staamt vu Manasse of—Den Amulek erzielt vum Gebot vum Engel, datt hien sech ëm den Alma këmmere soll—D’Gebieder vun de Gerechte suergen dofir, datt d’Leit verschount bleiwen—Ongerecht Affekoten a Riichter leeën d’Grondlag fir d’Zerstéierung vum Vollek. Ongeféier 82 v. Chr.
1 Dëst sinn elo déi Wierder, déi den Amulek dem Vollek gepriedegt huet, dat am Land Ammonihah war, nämlech:
2 Ech sinn den Amulek; ech sinn de Jong vum Giddonah, deen de Jong vum Ismael war, deen een Nokomme vun Aminadi war; an et war deeselwechten Aminadi, deen d’Schrëft iwwersat huet, déi un der Mauer vum Tempel war a vum Fanger Gottes geschriwwe gouf.
3 An den Aminadi war een Nokomme vum Nephi, deen de Jong vum Lehi war, deen aus dem Land vu Jerusalem koum an een Nokomme vum Manasse war, deen de Jong vum Joseph war, deen duerch d’Hand vu senge Bridder no Ägypte verkaaft gouf.
4 A kuckt, ech sinn och ee Mann vun net geréngem Ruff bei all deenen, déi mech kennen; jo, a kuckt, ech hu vill Famill a Frënn, an ech hunn och vill Räichtemer kritt duerch d’Hänn vu mengem Fläiss.
5 Mee hunn ech trotz all deem ni vill vun de Weeër vum Här a senge Geheimnisser a senger wonnerbarer Muecht gewosst. Ech hu gesot, ech hunn nimools vill dovunner gewosst; mee kuckt, ech iere mech, well ech hu vill vu senge Geheimnisser a senger wonnerbarer Muecht gesinn, jo, andeems hien d’Liewe vun dësem Vollek preservéiert huet.
6 Mee hunn ech mäin Häerz verhäert, well ech gouf dacks geruff a wollt net héieren; dofir wousst ech dovunner, wollt et awer net wëssen; dofir hunn ech mech ëmmer erëm an der Béist vu mengem Häerz géint Gott gestäipt, jo, bis zum véierten Dag vun dësem siwente Mount, nämlech am zéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter.
7 Wéi ech op d’Rees gaange sinn, fir ee ganz noe Familljemember ze besichen, kuckt, do ass mir een Engel vum Här erschéngt an huet gesprach: Amulek, kéier an däin Haus zeréck, well du solls engem Prophet vum Här ze iesse ginn, jo, een hellege Mann, deen een erwielte Mann Gottes ass; well hien huet vill Deeg laang wéinst de Sënde vun dësem Vollek gefaascht, an hien ass ausgehéngert, an du solls hien an dengem Haus ophuelen an ze iesse ginn, an hie wäert dech an däin Haus séinen; an de Seege vum Här wäert op dir an dengem Haus rouen.
8 An et huet sech erginn: Ech hunn der Stëmm vum Engel gefollegt an hu mech no mengem Haus opgemaach. An wéi ech dohi gaange sinn, hunn ech de Mann fonnt, vun deem den Engel zu mir gesot huet: Du wäerts hien an däin Haus ophuelen—a kuckt, et war dee selwechte Mann, deen zu dir iwwer d’Saache vu Gott geschwat huet.
9 An den Engel huet mir gesot, et wier een hellege Mann; dofir weess ech, datt hien een hellege Mann ass, well een Engel Gottes huet et gesprach.
10 An nach eng Kéier, ech weess, datt dat, wat hien temoignéiert huet, wouer ass; well kuckt, ech soen iech: Sou wouer wéi den Här lieft, huet hien säin Engel geschéckt, fir mir dëst ze manifestéieren; an hien huet dëst gemaach, wärend dësen Alma a mengem Haus gewunnt huet.
11 Well kuckt, hien huet mäin Haus geséint, hien huet mech geséint an d’Fraen, déi bei mir sinn, a meng Kanner a mäi Papp a meng Schwéierelteren; jo, meng ganz Famill huet hie geséint, an de Seege vum Här rout op eis no de Wierder, déi hie gesprach huet.
12 An elo, wéi den Amulek dës Wierder gesprach hat, huet d’Vollek ugefaangen, sech ze verwonneren, wéi si nämlech gesinn hunn, datt et méi ewéi een Zeie gouf, fir dat ze temoignéieren, wat hinne virgeworf gouf, an och dat, wat komme wäert, nom Geescht vun der Prophezeiung, deen an hinne war.
13 Trotzdeem goufen et ënnert hinnen e puer, déi hu geduecht, si ze verhéieren, fir datt si se mat hiren hannerhältege Verhéieren an hiren eegene Wierder fänke kéinten, fir datt si Beweismaterial géint si fannen, fir datt si se hire Riichter iwwerliwwere kéinten, sou datt si nom Gesetz verurteelt géifen, a fir dat si ëmbruecht oder an de Prisong geworf géifen, nom Verbriechen, dat si fälschlech géint si virbréngen oder temoignéiere kéinten.
14 Elo waren et déi Männer, déi si zerstéiere wollten, déi Affekote waren, déi vum Vollek engagéiert oder ernannt goufen, fir d’Gesetz bei hire Prozesser oder bei de Prozesser iwwer d’Verbrieche vum Vollek virun de Riichter ze verwalten.
15 Dës Kënneger vum Gesetz waren awer an alle Konschten an aller Schlauheet vum Vollek bewandert; an dëst sollt si befäegen, an hirem Beruff gutt ze sinn.
16 An et huet sech erginn: Si hunn ugefaangen, den Amulek ze verhéieren, fir hien doduerch a sengen eegene Wierder duerchkräizen ze loossen oder fir d’Wierder ze widderleeën, déi hie soe géif.
17 Si woussten awer net, datt den Amulek vun hiren Absichte wësse konnt. Mee et huet sech erginn: Wéi si ugefaangen hunn, hien ze verhéieren, huet hien hir Gedanken opgeholl an zu hinne gesprach: O dir béis a pervers Generatioun, dir Kënneger vum Gesetz an Hypokritten, well dir leet d’Grondlag fir den Däiwel; well dir leet Falen a Schléngen, fir d’Helleger vu Gott ze fänken.
18 Dir hutt Pläng, fir d’Weeër vun de Gerechten ze pervertéieren an iech d’Roserei Gottes op d’Haapt erofzebréngen, jo, bis zur vëlleger Vernichtung vun dësem Vollek.
19 Jo, richteg huet de Mosiah gesot, deen eise leschte Kinnek war, wéi hien am Begrëff war, d’Kinnekräich ofzeginn, a keen hat, fir et ze weiderzeféieren, sou datt dëst Vollek vun hiren eegene Stëmme regéiert sollt ginn—jo, richteg huet hie gesot, datt wann d’Zäit kéim, datt d’Stëmm vun dësem Vollek Ongerechtegkeet géif wielen, dat heescht, wann d’Zäit kéim, datt dëst Vollek an d’Transgressioun fält, si räif fir d’Vernichtung wieren.
20 An elo soen ech iech, datt den Här är Ongerechtekeete richteg jugéiert; wéi richteg jäizt hien dësem Vollek duerch seng Engelen zou: Kéiert ëm, kéiert ëm, well d’Himmelräich ass no.
21 Jo, wéi richteg rifft hien duerch d’Stëmm vu sengen Engelen: Ech well ënnert mäi Vollek erof kommen, mat Gerechtegkeet a Rechtsspriechung a mengen Hänn.
22 Jo, ech soen iech: Wär et net ëm d’Gebieder vun de Gerechte wëllen, déi elo am Land sinn, sou géift dir schonn elo mat vëlleger Vernichtung heemgesicht ginn; mee et wär net duerch eng Flut wéi beim Vollek an den Deeg vum Noah, mee et géif duerch Hongersnout an duerch Pescht an d’Schwäert geschéien.
23 Mee duerch d’Gebieder vun de Gerechte gitt dir verschount; wann dir dowéinst déi Gerecht vun iech ausstousst, da wäert den Här seng Hand net méi zeréck halen; mee a senger hefteger Roserei wäert hie géint iech ervirtrieden; da wäert dir duerch Hongersnout an duerch Pescht an d’Schwäert geschloe ginn; an d’Zäit ass gläich do, wann dir net ëmkéiert.
24 An elo huet sech erginn, datt d’Leit nach méi rosen op den Amulek waren, an si hu geruff a gesot: Dëse Mann beleidegt eis Gesetzer, déi gerecht sinn, an eis weis Affekoten, déi mir erausgesicht hunn.
25 Mee den Amulek huet seng Hand ausgestreckt an hinnen ëm sou muechtvoller zougeruff, nämlech: O dir béis a pervers Generatioun, firwat huet de Satan esou eng grouss Gewalt iwwert äert Häerz kritt? Firwat gitt dir iech him hin, fir datt hie Muecht iwwert iech kritt, fir är Aen ze verblenden, sou datt dir d’Wierder net verstitt, déi geschwat ginn, no hirer Wourecht?
26 Well kuckt, hunn ech géint äert Gesetz geschwat? Dir verstitt net; dir sot, ech hu géint äert Gesetz gesprach; mee dat hunn ech net, mee ech hunn zugonschte vun ärem Gesetz gesprach, mee zu ärer Verurteelung.
27 An elo kuckt, ech soen iech: D’Grondlag fir d’Vernichtung vun dësem Vollek gëtt elo grad duerch d’Ongerechtegkeet vun äre Kënneger vum Gesetz a Riichter geluecht.
28 An elo huet et sech erginn: Wéi den Amulek dës Wierder gesprach huet, huet d’Vollek haart géint hien op gejaut, nämlech: Elo wësse mir, datt dëse Mann ee Kand vum Däiwel ass, well hien huet eis ugelunn; well hien huet géint eist Gesetz gesprach. An elo seet hien, hien hätt net dogéint gesprach.
29 An nach eng Kéier huet hien eis Affekoten an eis Riichter veruecht.
30 An et huet sech erginn: D’Affekoten hunn sech am Häerze virgeholl, sech dëst géint hien ze mierken.
31 An et gouf ënnert hinnen een, deem säin Numm war Zeezrom. Hien awer war allen anere virdrun, den Amulek an den Alma unzekloen, well hie war ee vun den Experten ënnert hinnen an hat ënnert dem Vollek vill Geschäft ze dinn.
32 Elo war d’Zil vun dësen Affekoten, Gewënn ze maachen; a si hu Gewënn no hirem Asaz kritt.