D’Geboter vum Alma u säi Jong Korianton
Besteet aus de Kapitelen 39 bis 42.
39. Kapitel
Sexuell Sënd ass eng Abscheilechkeet—D’Sënde vum Korianton hunn d’Zoramiten dovun ofgehalen, d’Wuert ze kréien—D’Erléisung vum Christus ass réckwierkend andeems se déi Gleeweg rett, déi virdru waren. Ongeféier 74 v. Chr.
1 An elo, mäi Jong, hunn ech dir nach eppes méi ze soe wéi dengem Brudder; well kuck, hues du dann déi Bestännegkeet vun dengem Brudder, seng Glawenstrei a säi Fläiss am Hale vun de Geboter Gottes net beuecht? Huet hien dir net ee gutt Beispill ginn?
2 Well du hues ënnert dem Vollek vun den Zoramite menge Wierder net esou vill Gehéier geschenkt ewéi däi Brudder. Wat ech awer géint dech hunn, ass dëst: Du bass souguer higaangen an hues dech mat denger Stäerkt an denger Weisheet gebretzt.
3 An dëst ass net alles, mäi Jong. Du hues gemaach, wat mir Suerge bereet huet; well du hues de geeschtlechen Déngscht verlooss a bass eriwwer gaangen an d’Land vu Siron, an d’Grenzgebitt vun de Lamaniten, zur Houer Isabel.
4 Jo, hatt huet villen d’Häerz gestuel; mee dat war keng Entschëllegung fir dech, mäi Jong. Du häss dech ëm de geeschtlechen Déngscht këmmere sollen, deen dir uvertraut gi war.
5 Weess du net, mäi Jong, datt dëst eng Abscheilechkeet an den Ae vum Här ass, jo, déi abscheilechst vun alle Sënden, ausser wann onschëllegt Blutt vergoss oder den Hellege Geescht verleegent gëtt?
6 Well kuck, wann s du den Hellege Geescht verleegens, nodeems hien eemol an dir Plaz fonnt huet, an du weess, datt s du hie verleegens, kuck, sou ass dëst eng Sënd, déi onverzeilech ass; jo, a wann ee géint d’Liicht a géint d’Wëssen, déi hie vu Gott huet, ëmbréngt, sou ass et fir hien net einfach, Verzeiung ze kréien; jo, ech soen dir, mäi Jong, datt et fir hien net einfach ass, Verzeiung ze kréien.
7 An elo, mäi Jong, ech hätt gäre bei Gott, dat s du engem esou grousse Verbriechen net schëlleg wäers. Ech géif net bei denge Verbrieche bleiwen an dir d’Séil zerräissen, wann et net zu dengem Beschte wier.
8 Mee kuck, du kanns deng Verbriechen net viru Gott verstoppen; a wann s du net ëmkéiers, wäerten se um leschten Dag als Temoignage géint dech dostoen.
9 Elo, mäi Jong, ech hätt gären, dat s du ëmkéiers a vun denge Sënde léiss an net méi der Begier vun dengen Aen nofollegs, mee dir selwer an deem allem widderstees; well wann s du dëst net méchs, kanns du d’Räich Gottes op kee Fall ierwen. O denk dorunner an huel et op dech, a widderstéi doranner dir selwer.
10 An ech kommandéieren dir, et op dech ze huelen, datt s du dech an dengen Ënnerhuelunge mat dengen eelere Bridder beréits; well kuck, du bass an denger Jugend, an du hues et néideg, vun denge Bridder erniert ze ginn. A schenk hirem Rotschlag Beuechtung.
11 Looss dech net vun iergendenger eidelen an domme Saach oflenken; looss net zou, datt den Däiwel däin Häerz erëm zu dëse béisen Houeren hi verleet. Kuck, o mäi Jong, wat fir grouss Ongerechtegkeet hues du iwwert Zoramite bruecht; well wéi si däi Verhale gesinn hunn, wollten si net méi u meng Wierder gleewen.
12 De Geescht vum Här awer schwätzt zu mir: Kommandéier denge Kanner, Guddes ze maachen, fir datt si net ville Mënschen d’Häerz verleeden, sou datt si vernicht ginn; dofir kommandéieren ech dir, mäi Jong, an der Angscht viru Gott, vun dengen Ongerechtegkeeten ofzegesinn,
13 Datt s du dech mat dengem ganze Verstand, denger Muecht a denger ganzer Kraaft zum Här wenns; datt s du d’Häerzer net méi dozou bréngs, béis ze handelen; mee éischter zu hinnen zeréckkënns an deng Feeler an dat Onrecht, wat s du gemaach hues, unerkenns.
14 Sich net no Räichtum oder den eidele Saache vun dëser Welt; well kuck, du kanns se net mat huelen.
15 An elo, mäi Jong, wëll ech dir e puer Saachen a Bezuch op d’Komme vum Christus soen. Kuck, ech soen dir, datt hien et ass, dee gewëss komme wäert, fir d’Sënde vun der Welt ewech ze huelen; jo, hie kënnt, fir sengem Vollek déi frou Noriicht vun der Errettung ze verkënnegen.
16 An elo, mäi Jong, dëst war de Ministère, zu deem s du beruff gi bass, fir dës gutt Noriicht dësem Vollek ze verkënnegen, fir hir Gedanke virzebereeden; oder besser gesot, datt d’Erléisung zu hinne kënnt, fir datt si d’Gedanke vun hire Kanner virbereede kënnen, fir d’Wuert ze héieren, wann hie kënnt.
17 An elo wëll ech däi Gemitt an dëser Hisiicht e bësse berouegen. Kuck, du wonners dech, datt dëst esou laang virdru bekannt ass. Kuck, ech soen dir, ass eng Séil zu dëser Zäit net genausou wäertvoll fir Gott, wéi eng Séil zu der Zäit vu sengem Komme et wäert sinn?
18 Ass et dann net noutwenneg, datt de Plang vun der Erléisung dësem Vollek genausou gewise gëtt ewéi deenen hire Kanner?
19 Ass et dann net fir den Här an onserer Zäit genausou einfach, säin Engel aus ze schécken, datt hien ons dës frou Noriicht verkënnegt, ewéi onsere Kanner oder no der Zäit vu sengem Kommen?