Scriptures
Alma 34


34. Kapitel

Den Amulek temoignéiert, datt d’Wuert am Christus ass, zur Erléisung—Ausser wann eng Versönung gemaach gëtt, muss déi ganz Mënschheet ëmkommen—Dat ganzt Gesetz vum Moses weist op d’Affer vum Jong Gottes hin—Den éiwege Plang vun der Erléisung baséiert op Glawen an Ëmkéiert—Biet fir weltlechen a geeschtleche Seegen—Dëst Liewen ass d’Zäit, wou de Mënsch sech virbereet, fir Gott ze begéinen—Schafft un ärer Erléisung mat Angscht viru Gott. Ongeféier 74 v. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: Nodeems den Alma dës Wierder zu hinne gesprach hat, huet hien sech op de Buedem gesat, an den Amulek ass opgestanen an huet ugefaangen, si ze enseignéieren, nämlech:

2 Meng Bridder, ech halen et fir onméiglech, datt dir dat net wësst, wat a Bezuch op d’Komme vum Christus gesprach ginn ass, vun deem mir enseignéieren, hie wier de Jong Gottes; jo, ech weess, datt iech dëst räichlech enseignéiert ginn ass, bevir dir iech vun eis getrennt hutt.

3 An esou hutt dir vu mengem léiwe Brudder gewënscht, hie soll iech weisen, wat dir wéinst äre Bedrängnisser maache sollt, an hien huet iech e puer Saache gesot, fir äre Sënn virzebereeden; jo, an hien huet iech zu Glawen a Gedold gebieden—

4 jo, datt dir esou vill Glawe kéint hunn, datt dir d’Wuert an äert Häerz planzt an duerch Versuch préiwe kënnt, ob et gutt wier.

5 A mir hu gesinn, datt déi grouss Fro, déi dir am Sënn hutt, déi ass, ob d’Wuert am Jong Gottes wier oder ob et kee Christus wäert ginn.

6 An dir hutt och gesinn, datt mäi Brudder iech a ville Fäll bewisen huet, datt d’Wuert am Christus ass—zur Erléisung.

7 Mäi Brudder huet sech op d’Wierder vum Zenos beruff, nämlech datt d’Erléisung duerch de Jong Gottes entstoe géif, an och op d’Wierder vum Zenoch; an hien huet sech och op de Moses beruff, fir ze beweisen, datt dëst wouer ass.

8 An elo kuckt, ech wëll iech vu mir selwer temoignéieren, datt dëst wouer ass. Kuckt, ech soen iech: Ech weess wierklech, datt de Christus ënner d’Mënschekanner komme wäert, fir d’Iwwertriedunge vu sengem Vollek op sech ze huelen, an datt hie fir d’Sënde vun der Welt versöne wäert; well den Här Gott huet et gesprach.

9 Well et ass néideg, datt eng Versönung gemaach gëtt; well no dem grousse Plang vum Éiwege Gott muss eng Versönung gemaach ginn, soss misst déi ganz Mënschheet onëmstridden ëmkommen; jo, all si verhäert; jo, all si gefall a verluer, a mussen ëmkommen, ausser et ass duerch d’Versönung, déi néideg ass, datt se gemaach gëtt.

10 Well et ass néideg, datt et e grousst a lescht Affer gëtt; jo, net en Affer vu Mënschen, weder vun Déieren, nach vun iergendenger Aart vu Gefligel; well et soll kee mënschlecht Affer sinn; mee et muss en onendlecht an éiwegt Affer sinn.

11 Elo gëtt et kee Mënsch, deen säin eegent Blutt affere kann, fir d’Sënde vun engem aneren ze versönen. Wann ee Mënsch ee Mord begeet—kuckt, hëlt dann onst Gesetz, wat gerecht ass, sengem Brudder d’Liewen? Ech soen iech: Nee.

12 Mee d’Gesetz verlaangt d’Liewe vun deem, deen een ëmbruecht huet; dowéinst kann näischt méi kleng wéi eng onendlech Versönung genuch si fir d’Sënde vun der Welt.

13 Dofir ass et néideg, datt et e grousst a lescht Affer gëtt, an da soll et, oder et ass néideg, datt et en Enn vum Bluttvergéisse gëtt; da soll d’Gesetz vum Moses erfëllt ginn; jo, et soll alles erfëllt ginn, all Stréch an all Punkt, an näischt soll vergaange sinn.

14 A kuckt, dëst ass de ganze Sënn vum Gesetz, alles weist op dat grousst a lescht Affer hin; an dat grousst a lescht Affer wäert de Jong Gottes sinn, jo, onendlech an éiweg.

15 An esou bréngt hien d’Erléisung vun all deenen, déi u säin Numm gleewen; an dat ass den Zweck vun dësem leschten Affer, nämlech dat häerzlecht Erbaarmen ze kreéieren, dat d’Gerechtegkeet iwwerwältegt an dat dem Mënsch d’Mëttel ubitt, wouduerch hie Glawe fir d’Ëmkéiert kann hunn.

16 An esou kann d’Barmhäerzegkeet d’Ufuerderunge vun der Gerechtegkeet erfëllen, a schléit se an d’Äerm vun der Sécherheet, wärend deen, dee kee Glawen zur Ëmkéiert ausüübt, dem ganze Gesetz vun den Ufuerderunge vun der Gerechtegkeet ausgesat ass; dowéinst gëtt nëmme fir deen, dee Glawen zur Ëmkéiert huet, de groussen an éiwege Plang vun der Erléisung bewierkt.

17 Dofir géif Gott iech, menge Bridder, erlaben, datt dir äre Glawe fir d’Ëmkéiert ausüübt, datt dir ufänkt, säin hellegen Numm unzeruffen, fir datt hien zu iech baarmhäerzeg wier;

18 jo, rufft hien un ëm Baarmhäerzegkeet; well hien ass mächteg, ze retten.

19 Jo, humiliéiert iech a maacht weider, zu him ze bieden.

20 Rufft hien un, wann dir op äre Felder sidd, jo, fir all är Häerden.

21 Rufft hien un an ären Haiser, jo, fir äert ganzt Haus, moies, mëttes an owes.

22 Jo, rufft hien un géint d’Muecht vun äre Feinden.

23 Jo, rufft hien u géint den Däiwel, deen ee Feind vun all Gerechtegkeet ass.

24 Rufft hien un fir d’Recolten op äre Felder, fir datt et iech dorunner gutt geet.

25 Rufft hien un fir d’Häerden op äre Felder, fir datt se sech multiplizéieren.

26 Awer dëst ass net alles; dir musst är Séil an äre Kummeren an an ären heemleche Plazen an an ärer Wüüst ausschëdden.

27 Jo, a wann dir net zum Här rufft, da loosst äert Häerz voll sinn, a stänneg am Gebiet zu him ausgestreckt fir äert Wuel, an och fir d’Wuel vun deenen, déi ronderëm iech sinn.

28 An elo kuckt, meng léif Bridder, ech soen iech, mengt net, datt dëst alles ass; well nodeems dir all dës Saache gemaach hutt, awer déi Bedierfteg an déi Plakeg ofweist, an déi Krank an déi, déi leiden, net besicht, an aus ärem Besëtz, wann dir eppes hutt, net deene gitt, déi an Nout sinn—ech soen iech, wann dir näischt vun dësem maacht, da kuckt, äert Gebiet ass eidel, an et hëlleft iech näischt, an dir sidd wéi d’Heuchler, déi de Glawe verleegnen.

29 Dowéinst, wann dir net drun denkt, baarmhäerzeg ze sinn, da sidd dir wéi Offall, deen d’Schmelzer erausgeheien (well en näischt wäert ass) an dee vun de Mënschen zertrëppelt gëtt.

30 An elo, meng Bridder, wëll ech, datt dir, nodeems dir sou vill Temoignagen empfaangen hutt, well d’helleg Schrëfte vun dëse Saachen temoignéieren, no vir kommt a Fruucht bréngt zur Ëmkéiert.

31 Jo, ech hätt gären, datt dir no vir kommt an äert Häerz net méi laang verhäert; well kuckt, elo ass déi Zäit an den Dag fir är Rettung, an dofir, wann dir ëmkéieren an äert Häerz net verhäerte wëllt, wäert de grousse Plang vun der Erléisung direkt fir iech gemaach ginn.

32 Well kuckt, dëst Liewen ass déi Zäit, wou de Mënsch sech virbereede soll, Gott ze begéinen; jo, kuckt, den Dag vun dësem Liewen ass deen Dag, wou de Mënsch seng Aarbechten ausféiere soll.

33 An elo, wéi ech iech virdru gesot hunn, well dir sou vill Temoignagen hat, bieden ech iech, datt dir den Dag vun ärer Ëmkéiert net bis un d’Enn erauszitt; well no dësem Liewensdag, deen eis ginn ass, fir eis op d’Éiwegkeet virzebereeden, kuckt, wa mir eis Zäit an dësem Liewen net notzen, da kënnt d’Nuecht vun der Däischtert, an där keng Aarbecht méi gemaach ka ginn.

34 Wann dir un dëse fuerchtbare Punkt kommt, kënnt dir net soen: Ech wëll ëmkéieren, ech wëll zu mengem Gott zeréck. Nee, dir kënnt dat net soen; well dee selwechte Geescht, deen äre Kierper besëtzt zu där Zäit, wou dir aus dësem Liewe gitt, dee selwechte Geescht wäert Muecht hunn, äre Kierper an där éiweger Welt ze besëtzen.

35 Well kuckt, wann dir den Dag vun ärer Ëmkéiert bis un den Doud reportéiert hutt, kuckt, da sidd dir dem Geescht vum Däiwel ënnerworf ginn, an hie sigelt iech als déi Seng; dofir huet de Geescht vum Här sech vun iech zeréckgezunn an huet keng Plaz an iech, an den Däiwel huet all Gewalt iwwert iech; an dëst ass den Endzoustand vun de Béisen.

36 An dat weess ech, well den Här gesot huet, datt hien net an onhellegen Tempele wunnt, mee an den Häerzer vun de Gerechte wunnt hien; jo, an hien huet och gesot, datt déi Gerecht a sengem Räich sëtze sollen, fir net méi erauszegoen; mee hir Kleeder solle wäiss gemaach ginn duerch d’Blutt vum Lämmchen.

37 An elo, meng léif Bridder, wënschen ech, datt dir iech un dës Saachen erënnert, an datt dir fir är Erléisung mat Angscht viru Gott schafft, an datt dir d’Komme vum Christus net méi verleegent;

38 Datt dir net méi géint den Hellege Geescht streit, mee datt dir en empfänkt, an de Numm vum Christus op iech huelt; datt dir iech humiliéiert, souguer bis an de Stëbs, a Gott ubiet, egal wou dir sidd, am Geescht an an der Wourecht; an datt dir alldeeglech an Dankbarkeet lieft, fir déi vill Baarmhäerzegkeeten a Seegen, déi hien iech schenkt.

39 Jo, an ech bieden iech och, meng Bridder, stänneg am Bieden opzepassen, fir datt dir duerch d’Versuchunge vum Däiwel net verfouert gitt, fir datt hien iech net iwwerwältegt, fir datt dir him um leschten Dag net ënnerworf gitt; well kuckt, hie belount iech mat näischt Guddem.

40 An elo, meng léif Bridder, géif ech iech opfuerderen, Gedold ze hunn an all Zorte vu Leed ze erdroen; datt dir net géint déi schwätzt, déi iech wéinst ärer grousser Aarmut erausgeheien, fir datt dir net Sënder gitt wéi si;

41 Mee Gedold ze hunn an dës Bedrängnisser ze erdroe mat der festen Hoffnung, datt dir enges Daags vun all äre Bedrängnisser ausroue wäert.