42. Kapitel
D’Stierflechkeet ass eng Proufzäit, déi dem Mënsch erméiglecht, ëmzekéieren a Gott ze déngen—De Fall huet den zäitlechen an de geeschtegen Doud iwwert déi ganz Mënschheet bruecht—D’Erléisung kënnt duerch d’Ëmkéiert—Gott Selwer huet fir d’Sënde vun der Welt versöönt—D’Barmhäerzegkeet ass fir déi, déi ëmkéieren—All anerer sinn der Gerechtegkeet vu Gott ënnerworf—D’Barmhäerzegkeet kënnt wéinst der Versönung—Nëmmen déi, déi wierklech bekéiert sinn, gi gerett. Ongeféier 74 v. Chr.
1 An elo, mäi Jong, ech mierken, datt et nach eppes méi gëtt, wat dengem Geescht Suerge mécht, wat s du net verstoe kanns—nämlech d’Gerechtegkeet vu Gott bei der Strof vum Sënder; well du näips zu der Meenung, datt et Ongerechtegkeet ass, datt de Sënder an en Zoustand vu Misär verurteelt soll ginn.
2 Elo kuck, mäi Jong, ech wëll et dir erklären. Well kuck, nodeems den Här Gott eis éischt Elteren aus dem Gaart vun Eden erausgeschéckt huet, fir de Buedem ze beaarbechten, vu wou si geholl goufen—jo, hien huet de Mënsch erausgezunn, an hien huet um Oste vum Gaart vun Eden de Kerubim an e brennend Schwäert gesat, dat sech an all Richtung gedréint huet, fir de Bam vum Liewen ze schützen—
3 Elo gesi mir, datt de Mënsch wéi Gott gi war, andeems hie Gutt a Béis kennt; a fir datt hien seng Hand net ausstreckt an och vum Bam vum Liewen ësst a fir ëmmer lieft, huet den Här Gott de Kerubim an dat brennend Schwäert gesat, fir datt hien net vun der Fruucht genéisse sollt—
4 an esou gesi mir, datt dem Mënsch eng Zäit erlaabt gouf fir ëmzekéieren, jo, eng Bewärungszäit, eng Zäit, ëmzekéieren a Gott ze déngen.
5 Well kuckt, wann den Adam seng Hand direkt ausgestreckt hätt an um Bam vum Liewe giess hätt, dann hätt hie fir ëmmer gelieft, nom Wuert vu Gott, ouni Plaz fir d’Ëmkéiert; jo, an och d’Wuert vu Gott wier ongëlteg gewiescht, an de grousse Plang vun der Erléisung wier vereitelt ginn.
6 Mee kuck, et war dem Mënsch veruerdent ze stierwen—dofir, well si vum Bam vum Liewen ofgeschnidde goufen, sollten si vun der Uewerfläch vun der Äerd ausgeschloss ginn—an de Mënsch ass fir ëmmer verluer gaangen, jo, si sinn zum gefalene Mënsch ginn.
7 An elo gesäis du dorausser, datt eis éischt Eltere souwuel zäitlech wéi och geeschteg aus der Géigewaart vum Här ewech geholl waren; an esou gesi mir, datt si ënner geuerdent goufen, nämlech hirem eegene Wëllen nozegoen.
8 Elo kuck, et war net conseilléiert, datt de Mënsch aus dësem zäitlechen Doud zeréck geholl gouf, well dat hätt de grousse Plang vum glécklech sinn zerschloen.
9 Elo also, wou d’Séil nimools stierwe kann an de Fall souwuel ee geeschtegen Doud wéi och een zäitlechen Doud iwwert all Mënsche bruecht hat, dat heescht, wou si aus der Géigewaart vum Här ewech geholl waren, war et conseilléiert, d’Mënschen aus dësem geeschtegen Doud zeréckzehuelen.
10 Dofir, well si vun Natur aus fleeschlech, sënnlech an däiwelzeg gi waren, ass dëse Prouf-Zoustand zu engem Zoustand fir si ginn, fir sech virzebereeden; et gouf e Virbereedungs-Zoustand.
11 An elo denk dorunner, mäi Jong: Géif et net de Plang vun der Erléisung (wier en ofgeschaaft), esou wär, soubal si dout wieren, hir Séil miserabel gewiescht, well si waren aus der Géigewaart vum Här ewech geholl.
12 Elo awer gouf et näischt, woumadder d’Mënschen aus dësem gefalenen Zoustand zeréck geholl konnte ginn, deen de Mënsch wéinst sengem Ongehorsam selwer iwwer sech bruecht hat;
13 no der Gerechtegkeet konnt also de Plang vun der Erléisung net anescht wéi nëmmen ënnert der Bedingung vun der Ëmkéiert vun de Mënschen an dësem Bewärungszoustand, jo, dësem Virbereedungszoustand op de Wee bruecht ginn; well anescht wéi ënnert dëse Bedingunge konnt d’Gnod net wierksam ginn, well se d’Wierk vun der Gerechtegkeet net zerstéiere sollt. D’Wierk vun der Gerechtegkeet kann awer net zerstéiert ginn; well soss géif Gott ophalen, Gott ze sinn.
14 An esou gesi mir, datt all Mënsche gefall waren, a si waren an der Hand vun der Gerechtegkeet, jo, der Gerechtegkeet Gottes, déi fir si gemaach huet, datt si fir ëmmer aus senger Géigewaart ewech geholl waren.
15 Elo konnt awer de Plang vun der Baarmhäerzegkeet nëmmen op de Wee bruecht ginn, wann eng Versönung gemaach géif; dofir huet Gott selwer fir d’Sënde vun der Welt versöönt, fir de Plang vun der Baarmhäerzegkeet op de Wee ze bréngen, fir d’Fuerderunge vun der Gerechtegkeet ze befriddegen, op datt Gott ee vollkommenen a gerechten, mee och baarmhäerzege Gott wier.
16 Ëmkéiert kann awer dem Mënsch nëmmen dann zoukommen, wann et eng Strof gëtt, déi genausou éiweg ass wéi d’Liewe vun der Séil, festgesat als Géigestéck zum Plang vum Glécklech sinn, dee genausou éiweg ass wéi d’Liewe vun der Séil.
17 Wéi awer kann de Mënsch ëmkéieren, wann hien net sëndegt? Wéi kann hie sëndegen, wann et kee Gesetz gëtt? Wéi kann et ee Gesetz ginn, wann et keng Strof gëtt?
18 Et ass awer eng Strof festgesat an ee gerecht Gesetz ginn, dat dem Mënsch Gewëssensbëss bereet.
19 Elo, wann et kee Gesetz géif ginn—wann e Mann géif en aneren ëmbréngen, sollt hie stierwen—hätt hien dann Angscht, datt hie géif stierwen, wann hie géif en aneren ëmbréngen?
20 Wann also kee Gesetz géint d’Sënd gi wär, sou géifen d’Mënschen net fäerten ze sëndegen.
21 A wann et kee Gesetz géif ginn, wa Mënsche sëndegen, wat kéint d’Gerechtegkeet oder d’Baarmhäerzegkeet maachen, well si hätte kee Recht op d’Kreatur?
22 Mee et ass ee Gesetz ginn an eng Strof festgesat an eng Ëmkéiert accordéiert; dës Ëmkéiert awer erhieft Usproch op Baarmhäerzegkeet; anerefalls erhieft d’Gerechtegkeet Usproch op d’Kreatur a wennt d’Gesetz un, an d’Gesetz verhänkt d’Strof; wär et anescht, sou géifen d’Wierker vun der Gerechtegkeet zerstéiert, a Gott géif ophalen, Gott ze sinn.
23 Mee Gott hält net op, Gott ze sinn, an d’Baarmhäerzegkeet erhieft Usproch op déi, déi ëmkéieren, an d’Baarmhäerzegkeet ass wéinst der Verönung; an d’Versönung bréngt d’Opersteeung vun den Doudegen op de Wee; an d’Opersteeung vun den Doudege bréngt d’Mënschen zeréck an d’Géigewaart Gottes; an esou ginn si erëm a seng Géigewaart zeréck bruecht, fir no hire Wierker geriicht ze ginn, nom Gesetz an der Gerechtegkeet.
24 Well kuck, d’Gerechtegkeet mécht all hir Fuerderunge wouer, an d’Baarmhäerzegkeet beusprocht och alles, wat hir zoukënnt; an esou gëtt keen ewéi nëmmen deen, dee wierklech ëmkéiert, gerett.
25 Wéi, mengs du vläicht, d’Baarmhäerzegkeet kéint d’Gerechtegkeet beklauen? Ech soen dir: Nee, ganz a guer net. Wann et esou wär, géif Gott ophalen, Gott ze sinn.
26 An esou verwierklecht Gott seng grouss an éiweg Absichten, déi vun der Grënnung vun der Welt u prett gemaach sinn. An esou entstinn d’Errettung an d’Erléisung vum Mënsch, mee och seng Zerstéierung a säi Misär.
27 Dofir, o mäi Jong, ka jiddwereen, dee wëll, kommen an ouni Weideres vun de Waasser vum Liewe genéissen; a jiddwereen, deen net komme wëll, ass net gezwongen ze kommen; mee um leschten Dag wäert him no sengen Doten erëm hiergestallt ginn.
28 Wann hien de Wonsch gehat huet, Béises ze maachen, an a sengen Deeg net Ëmkéiert geüübt huet, kuck, sou wäert him Béises gemaach ginn, no der Restauratioun duerch Gott.
29 An elo, mäi Jong, wënschen ech, du géifs dech dovunner net méi beonrouege loossen, mee dech nëmme vun denge Sënde beonrouege loossen, mat där Onrou, déi dech erof féiert zur Ëmkéiert.
30 O mäi Jong, ech wënschen, du géifs d’Gerechtegkeet Gottes net méi laang verleegnen. Ënnerstéi dech net, dech denger Sënd wéinst och nëmmen am geréngsten ze entschëllegen, andeems du d’Gerechtegkeet Gottes verleegens; mee looss d’Gerechtegkeet Gottes a seng Baarmhäerzegkeet a seng Toleranz vollen Afloss op däin Häerz hunn; a looss dech dovunner an Humilitéit erofféiere bis an de Stëbs.
31 An elo, o mäi Jong, du bass vu Gott beruff, dësem Vollek d’Wuert ze priedegen. An elo, mäi Jong, géi däi Wee a verkënneg d’Wuert mat Wourecht a Seriositéit, op dat s du Séilen zur Ëmkéiert féiers, fir datt de grousse Plang vun der Baarmhäerzegkeet Usproch op si erhiewe kann. A géif Gott dir no menge Wierder ginn. Amen.