16. Kapitel
D’Lamaniten zerstéieren d’Leit vun Ammonihah—Den Zoram féiert d’Nephiten zur Victoire iwwer d’Lamaniter—Den Alma an den Amulek a vill anerer priedegen d’Wuert—Si enseignéieren, datt Christus no Senger Opersteeung den Nephiten erschénge wäert. Ongeféier 81–77 v. Chr.
1 An et huet sech erginn, am eelefte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek vum Nephi, um fënneften Dag vum zweete Mount, nodeems et vill Fridden am Land Zarahemla ginn hat, well et fir eng gewëssen Zuel vu Jore keng Kricher oder Streidereie gouf, bis zum fënneften Dag vum zweete Mount am eelefte Joer, do war Krichsgejäiz am ganze Land ze héieren.
2 Well kuckt, d’Arméie vun de Lamanite ware vun där Säit, wou d’Wüüst war, an d’Grenze vum Land agedrongen, jo, an d’Stad Ammonihah, a si hunn ugefaangen, d’Leit ëmzebréngen an d’Stad ze zerstéieren.
3 An elo huet et sech erginn: Bevir d’Nephiten eng grouss genuch Arméi opstelle konnten, fir si aus dem Land ze joen, haten si déi Mënschen, déi an der Stad Ammonihah waren, vernicht, an och e puer am Grenzgebitt vun Noah, an haten anerer an d’Wüüst gefaange gefouert.
4 Elo huet et sech erginn: D’Nephiten haten de Wonsch, déijéineg zeréck ze huelen, déi als Gefaangener an d’Wüüst gefouert gi waren.
5 Dofir, deen, deen zum Chef-Kapitän iwwer d’Arméie vun den Nephiten ernannt gi war, (a säin Numm war Zoram, an hien hat zwee Jongen, de Lehi an den Aha)—elo, den Zoram a seng zwee Jonge woussten, datt den Alma den Hohepriister iwwer d’Kierch war, an nodeems si héieren hunn, datt hien de Geescht vun der Prophezeiung hat, sinn si bei hie gaangen a wollte vun him wëssen, wou den Här wollt, datt si an d’Wüüst goe sollten, fir hir Bridder ze sichen, déi vun de Lamaniter gefaange geholl gi waren.
6 An et huet sech erginn: Den Alma huet den Här wéinst dëser Saach befrot. An den Alma ass zeréck komm an huet zu hinne gesprach: Kuckt, d’Lamanite wäerten de Floss Sidon an der südlecher Wüüst iwwerquieren, wäit uewen déi aner Säit vun der Grenze vum Land Manti. A kuckt, do wäert dir si treffen, am Oste vum Floss Sidon, an do wäert den Här dir deng Bridder, déi vun de Lamaniten a Gefaangenschaft gefouert gi sinn, befreien.
7 An et huet sech erginn: Den Zoram a seng Jongen hunn de Floss Sidon mat hiren Arméien iwwerquiert a sinn iwwer d’Grenze vu Manti eraus marschéiert an déi südlech Wüüst, déi sech op der Ostsäit vum Floss Sidon erstreckt.
8 A si sinn op d’Arméie vun de Lamanite gestouss, an d’Lamanite goufen verstreet an an d’Wüüst gejot; a si hunn hir Bridder iwwerholl, déi vun de Lamanite gefaange gehale goufen, a vun de Gefaangene war net eng eenzeg Séil verluere gaangen. A si goufe vun hire Bridder matgeholl, fir hiert Land selwer a Besëtz ze huelen.
9 An esou ass dat eeleft Joer vun de Riichter op en Enn gaangen, nodeems d’Lamaniten aus dem Land gejot gi waren an d’Vollek Ammonihah vernicht war, jo, jiddwer lieweg Séil vun den Ammonihaite war vernicht, an och hir grouss Stad, vun där si gesot haten, Gott kéint se net zerstéieren, an zwar wéinst hirer Gréisst.
10 Mee kuckt, an engem eenzegen Dag war se verwüst; an d’Läiche goufe vun Hënn a wëllen Déiere vun der Wüüst zerrass.
11 Trotzdeem, no villen Deeg, goufen hir doudeg Kierper op der Uewerfläch vun der Äerd opgestapelt, an si goufe mat enger dënner Deckschicht bedeckt. An de Gestank dovunner war awer esou staark, dat d’Vollek vill Jore laang net dohinner gaangen ass, fir d’Land Ammonihah ze besëtzen. An et gouf déi Verwüüstung vun den Nehorer genannt; well déi Doudeg hunn dem Bekenntnis vun Nehor ugehéiert, an hir Länner si verwüüst bliwwen.
12 A bis zum véierzéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi sinn d’Lamaniten net méi zum Kampf géint d’Nephiten erop gezunn. An esou hat d’Vollek Nephi dräi Joer laang bestänneg Fridden am ganze Land.
13 An den Alma an den Amulek sinn higaangen an hunn dem Vollek Ëmkéiert gepriedegt, a si hunn dat a sengen Tempele gemaach an a senge Sanctuairen an och an hire Synagogen, déi no der Weis vun de Judde gebaut gi waren.
14 An all déi, déi hir Wierder héiere wollten, hinnen hunn si d’Wuert vu Gott weiderginn, ouni d’Ënnerscheeder vun der Persoun ze kucken, stänneg.
15 An esou sinn den Alma an den Amulek erausgaang, an och vill anerer, déi fir d’Aarbecht ausgewielt gi waren, fir d’Wuert am ganze Land ze priedegen. An et goufen allgemeng am ganze Land Kierchen opgeriicht, am ganze Gebitt ronderëm, ënnert dem ganze Vollek vun den Nephiten.
16 An et gouf keng Ongläichheet ënnert hinnen; den Här huet säi Geescht iwwer déi ganz Uewerfläch vum Land ausgeschott, fir d’Gedanke vun de Mënschekanner virzebereeden, oder fir hir Häerzer virzebereeden, fir datt si d’Wuert empfänken, dat bei sengem Kommen ënnert hinne enseignéiert wäert ginn—
17 fir datt si net géint d’Wuert verschloss géife sinn, fir datt si net ongleeweg wieren an der Vernichtung verfalen, mee datt si d’Wuert mat Freed unhuele géifen a wéi eng Branche an de richtege Wäistack agepfropft géifen, fir datt si an d’Rou vum Här, hirem Gott, eragoe kéinten.
18 Elo, déi Priister, déi ënner d’Vollek erausgaange sinn, hu géint all Ligen, Bedruch, Näid, Sträit, Schlechtegkeet, Beleidegungen, Stielen, Raiberen, Klauen, Morden, Adultère an all Zort vu Liichtfäertegt gepriedegt, a geruff, datt dës Saachen net sou solle sinn—
19 andeems si duergeluecht hunn, wat gläich komme muss, jo, andeems si d’Komme vum Jong vu Gott, seng Leiden a säin Doud an och seng Opersteeung vun den Doudegen duergeluecht hunn.
20 A vill vum Vollek hunn ugefrot, wou elo de Jong vu Gott erschénge wäert; a si goufe enseignéiert, datt hien hinnen no senger Opersteeung erschénge wäert; an d’Vollek huet dëst mat grousser Freed héieren.
21 An nodeems d’Kierch am ganze Land gegrënnt gi war—nodeems si d’Victoire iwwer den Däiwel erreecht haten, an d’Wuert vu Gott a senger Rengheet am ganze Land gepriedegt gouf, an den Här säi Seegen iwwer d’Leit ausgeschott huet—sou ass dat véierzéngt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek vum Nephi op en Enn gaangen.