Scriptures
Alma 23


23. Kapitel

Reliéis Fräiheet gëtt verkënnegt—D’Lamanite vu siwe Länner a Stied gi konvertéiert—Si nennen sech Anti-Nephi-Lehier a gi vum Fluch befreit—D’Amalekiten an d’Amulonite verwerfen d’Wourecht. Ongeféier 90–77 v. Chr.

1 Kuckt, et huet sech awer erginn: De Kinnek vun de Lamaniten huet een Opruff un all säi Vollek geschéckt, si sollten net Hand un den Ammon leeën, net un den Aaron oder den Omner oder den Himni, och net un iergendee vun hire Bridder, déi ausgaange sinn, fir d’Wuert vu Gott ze priedegen, wou och ëmmer et sollt sinn, a jiddwer Deel vun hirem Land.

2 Jo, hien huet een Dekreet un si erausgeschéckt, si sollten net Hand u si leeën, fir si ze fesselen oder an de Prisong ze geheien; och sollten si si weder uspäizen nach schloen, nach si aus hire Synagogen ausstoussen, nach si gäisselen; och sollten si keng Steng no hinne geheien, mee si sollte fräien Zougang zu hiren Haiser an och zu hiren Tempelen a Synagogen hunn.

3 An esou kéinten si higoen an d’Wuert no hire Wënsch priedegen, well de Kinnek hat sech mat sengem ganzen Haus zum Här bekéiert; dofir huet hien een Opruff duerch d’ganzt Land geschéckt, fir datt d’Wuert vu Gott net behënnert géif, mee datt et an d’ganzt Land erausgoe kéint, sou datt sengem Vollek déi béis Traditioune vun hire Pappen zu Bewosstsinn bruecht géifen a fir datt et ganz erkenne géif, datt si alleguerte Bridder wieren an datt si weder morden nach klauen, nach stielen, weder Adultère nach iergendeng Aart vu Béist begoe sollten.

4 An elo huet et sech erginn, datt, wéi de Kinnek dës Proklamatioun erausgeschéckt hat, den Aaron a seng Bridder vu Stad zu Stad, a vun engem Haus Gottes an dat anert, erausgaange sinn, Kierche gegrënnt hunn a Priister a Enseignanten am ganze Land ënnert de Lamanite geweit hunn, fir d’Wuert Gottes ënnert hinnen ze priedegen an ze enseignéieren; an esou hunn si ugefaang groussen Erfolleg ze hunn.

5 An Dausende goufen zum Wësse vum Här bruecht, jo Dausende goufen dozou bruecht, datt si un den Traditioune vun den Nephitë gleewen; a si sinn d’Opzeechnungen a Prophezeiunge enseignéiert ginn, déi bis an déi géigewäerteg Zäit weidergi gi war.

6 An esou sécher wéi den Här lieft, esou sécher wéi der vill gegleeft hunn, oder déi zum Wësse vun der Wourecht bruecht goufen, duerch d’Priedegt vum Ammon a senge Bridder, nom Geescht vun der Offenbarung an der Prophezeiung, an der Muecht vu Gott, déi Wonner an hinne bewierkt huet—jo, ech soen zu iech, esou sécher wéi den Här lieft, sou vill vun de Lamaniten, déi un hir Priedegt gegleeft hunn an zum Här bekéiert goufen, si sinn ni ofgefall.

7 Well si sinn e gerecht Vollek ginn; si hunn d’Waffe vun hirer Rebellioun néiergeluecht, sou datt si net méi géint Gott gekämpft hunn, nach géint ee vun hire Bridder.

8 Dës awer sinn et, déi sech zum Här bekéiert hunn:

9 D’Vollek vun de Lamaniten, déi am Land Ismael waren;

10 an och vum Vollek vun de Lamaniten, déi am Land Middoni waren;

11 an och vum Vollek vun de Lamaniten, déi an der Stad Nephi waren;

12 an och vum Vollek vun de Lamaniten, déi am Land Schilom an am Land Schemlon an an der Stad Lemuel an an der Stad Schimnilom waren.

13 Dat sinn d’Nimm vun de Stied vun de Lamaniten, déi zum Här bekéiert goufen; a si sinn et, déi d’Waffe vun hirer Rebellioun niddergeluecht hunn, jo, all hir Krichswaffen; a si waren alleguerte Lamaniten.

14 An d’Amalekiten hunn sech net bekéiere gelooss, ausser engem eenzegen; och goufe keng Amulonite bekéiert; mee si hunn hiert Häerz verhäert an och d’Häerz vun de Lamaniten an deem Deel vum Land, wou si gewunnt hunn, jo, an an all hiren Dierfer a Stied.

15 Dofir hu mir all déi Stied vun de Lamanite genannt, an deenen Ëmkéiert geüübt ginn ass a wou een zum Wësse vun der Wourecht komm ass an sech bekéiert huet.

16 Et huet sech erginn: De Kinnek an déijéineg, déi bekéiert waren, haten de Wonsch, een Numm ze hunn, fir sech doduerch vun hire Bridder ze ënnerscheeden; dofir huet sech de Kinnek mam Aaron a ville vun hire Priister a Bezuch op den Numm, deen si op sech huele sollten, fir sech ze ënnerscheeden, beroden.

17 An et huet sech erginn: Si hunn sech Anti-Nephi-Lehier genannt; a si goufe mat dësem Numm geruff a sinn net méi Lamanite genannt ginn.

18 A si hunn ugefaangen, ee ganz fläissegt Vollek ze sinn; jo, a si ware frëndlech zu den Nephiten; dofir sinn si mat hinnen a Verbindung getrueden, an de Fluch Gottes ass hinnen net méi no gefollegt.