Scriptures
Alma 26


26. Kapitel

Den Ammon gëtt Gott d’Éier—Déi Trei gi vum Här gestäerkt a kréie Wëssen—Am Glawe kënnen d’Mënschen Dausende vu Séilen zur Ëmkéiert bréngen—Gott huet all Muecht a versteet alles. Ongeféier 90–77 v. Chr.

1 An dat sinn elo d’Wierder vum Ammon u seng Bridder, déi sou soen: Meng Bridder vum Blutt a meng Bridder am Glawen, kuckt, ech soen iech, wéi vill Grond hu mir, fir eis ze freeën; konnte mir, wéi mir aus dem Land Zarahemla fortgaange sinn, da mengen, datt Gott eis esou grouss Seenunge géif schenken?

2 An elo froen ech: Wat fir grouss Seenungen huet hien eis geschenkt? Kënnt dir et soen?

3 Kuckt, ech äntwere fir iech; well eis Bridder, d’Lamaniten, waren an der Däischtert, jo, souguer am däischtersten Ofgrond, awer kuckt, wéi vill vun hinne sinn dozou bruecht ginn, dat wonnerbaart Liicht vu Gott ze gesinn! An dës ass d’Seenung, déi eis geschenkt ginn ass, nämlech datt mir an der Hand Gottes zum Instrument gi sinn, fir dëst grousst Wierk an d’Weeër ze leeden.

4 Kuckt, Dausende vun hinne freeën sech a sinn an d’Häerd Gottes bruecht ginn.

5 Kuckt, d’Feld war räif, a geséint sidd dir—well dir hutt d’Séchel ageschloen a mat aller Muecht recoltéiert, jo, de ganzen Dag laang hutt dir iech beméit; an elo kuckt, wéi vill Garben dir hutt! A si wäerten an d’Späichere gesammelt ginn, fir dat si net verluere ginn.

6 Jo, si wäerten um leschten Dag vum Stuerm net ëmgeworf ginn; jo, si wäerten och vun de Wierbelstierm net zerrass ginn; mee wann de Stuerm kënnt, da wäerten si an hirem Uert versammelt sinn, sou datt de Stuerm net bis zu hinnen andrénge kann; jo, si wäerten och net vum rosene Wand gejot ginn, wouhinner och ëmmer de Feind Loscht huet si ze schleefen.

7 Mee kuckt, si sinn an den Hänn vum Här vun der Recolten, a si si säint; an hie wäert si am leschten Dag erhiewen.

8 Geséint sief den Numm vun eisem Gott; loosst eis him zum Luef sangen, jo, loosst eis sengem hellegen Numm danken, well hie bewierkt Gerechtegkeet fir ëmmer.

9 Well wiere mir net aus dem Land Zarahemla erop komm, sou wären eis esou léif Bridder, déi mir esou gären hunn, nach ëmmer vun Haass géint eis geplot, jo, a si wären och viru Gott Friemer gewiescht.

10 An et huet sech erginn, datt, wéi den Ammon dës Wierder gesot hat, säi Brudder Aaron hien ermaant huet, a gesot huet: Ammon, ech fäerten, datt deng Freed dech zum Bretze féiert.

11 Mee den Ammon sot zu him: Ech bretzen mech net a menger eegener Kraaft, nach a menger eegener Weisheet; mee kuckt, meng Freed ass voll, jo, mäin Häerz ass voller Freed, an ech wäert mech a mengem Gott freeën.

12 Jo, ech weess, datt ech näischt sinn; a wat meng Stäerkt betrëfft, sou sinn ech schwaach; dofir wëll ech net mat mir selwer bretzen, mee wëll mat mengem Gott bretzen, well mat senger Stäerkt kann ech alles maachen; jo, kuck, vill mächteg Wonner hu mir an dësem Land vollbruecht, an dofir wëlle mir säin Numm luewe fir ëmmer.

13 Kuck, wéi vill Dausende vun eise Bridder huet hien aus der Péng vun der Hell erléist, sou datt si dozou bruecht gi sinn, erléisend Léift ze sangen, an zwar wéinst der Muecht vu sengem Wuert, déi an eis ass—hu mir also net vill Ursaach, eis ze freeën?

14 Jo, mir hunn Ursaach, hie fir ëmmer ze luewen, well hien ass Gott, den Allerhéchsten, an hien huet eis Bridder vun de Kette vun der Hell geléist.

15 Jo, a si ware vu grousser Däischtert a Vernichtung ëmschloss; mee kuckt, hien huet si a säin éiwegt Liicht gefouert, jo, an déi éiweg Errettung, an si si vun der onvergläichlecher Fëllt vu senger Léift ëmschloss, jo, a mir sinn Instrumenten a sengen Hänn gewiescht, fir dëst grousst a wonnerbaart Wierk ze verriichten.

16 Dofir loosst eis Freed hunn, jo, herrlech Freed hunn um Här; jo, mir wëllen eis freeën, well eis Freed ass voll; jo, mir wëllen eise Gott luewe fir ëmmer. Kuckt, wien kéint ze vill herrlech schwätze vum Här? Jo, wien kéint ze vill vu senger grousse Muecht schwätzen, vu senger Baarmhäerzegkeet a senger Toleranz géigeniwwer de Mënschekanner? Kuckt, ech soen iech, datt ech och net de klengsten Deel dovunner soe kann, wat ech fillen.

17 Wien hätt da mengen dierfen, datt Gott esou baarmhäerzeg wäert sinn, ons aus eisem fuerchtbaren, sëndegen a veronrengegten Zoustand ze räissen?

18 Kuckt, mir si jo mat Roserei higaangen, mat mächtege Menacen, fir seng Kierch ze vernichten.

19 Oh, firwat huet hien eis dann net enger schrecklecher Zerstéierung iwwerginn, jo, firwat huet hien net d’Schwäert vu senger Gerechtegkeet op eis fale gelooss an eis zur éiweger Verzweiflung verurteelt?

20 O, meng Séil, et ass bal, als ob se virun dësem Gedanke fortleeft. Kuckt, hien huet un ons net seng Gerechtegkeet geüübt, mee ons a senger grousser Baarmhäerzegkeet iwwert den éiwegen Ofgrond vum Dout a vun der Misär ewech gefouert, jo, zur Errettung vun eiser Séil.

21 An elo, kuckt, meng Bridder, gëtt et dann een natierleche Mënsch, deen dëst weess? Ech soen iech, et gëtt keen, deen dëst weess, ewéi nëmmen déi, déi wierklech ëmgekéiert sinn.

22 Jo, wien ëmkéiert a Glawen üübt a gutt Wierker ervirbréngt a bestänneg ouni opzehale biet—deem ass et ginn, d’Geheimnisser Gottes ze wëssen; jo him wäert et gi sinn, dat ze reveléieren, wat ni offenbaart ginn ass; jo, an him wäert et gi sinn, Dausende vu Séilen zur Ëmkéiert ze bréngen, esou wéi et ons gi war, dës ons Bridder zur Ëmkéiert ze bréngen.

23 Erënnert dir iech elo, meng Bridder, datt mir zu eise Bridder am Land Zarahemla gesot hunn, mir géifen an d’Land Nephi erop goen, fir eise Bridder, de Lamaniten, ze priedegen, an datt si eis dunn ausgelaacht hunn?

24 Well si hunn zu eis gesprach: Mengt dir dann, dir kéint d’Lamaniten zum Wësse vun der Wourecht bréngen? Mengt dir dann, dir kéint d’Lamaniten dovunner iwwerzeegen, datt d’Traditioune vun hire Pappen net richteg sinn—tockskäppegt Vollek, dat sinn si, deenen hiert Häerz sech um Bluttvergéisse freet, deenen hir Deeg a schänterlechen Ongerechtegkeete verbruecht ginn, deenen hir Weeër vun Ufank un d’Weeër vun engem Iwwertrieder sinn? Elo, meng Bridder, dir erënnert iech, datt si esou gesprach hunn.

25 A weider hunn si gesprach: Loosst eis d’Waffe géint si ergräifen, datt mir si an hir Ongerechtegkeeten aus dem Land eraus kréien, fir datt si eis net iwwerrennen an zerstéieren.

26 Mee kuckt, meng léif Bridder, mir sinn net mat der Absicht an d’Wüüst komm, eis Bridder ze zerstéieren, mee mat der Absicht, vläicht e puer wéineg Séile vun hinne retten ze kënnen.

27 Wéi mir awer am Häerzen niddergeschloen an no dorunner waren, zeréckzegoen, kuckt, do huet den Här eis getréischt a gesot: Gidd dohinner zu äre Bridder, d’Lamaniten, an erdrot är Nout mat Gedold, da wäert ech iech Erfolleg schenken.

28 An elo kuckt, mir si komm a ware bei hinnen; a mir sinn an eise Leide gedëlleg gewiescht an hunn jiddwer Entbierung gelidden; jo, mir si vun Haus zu Haus gezunn a waren op d’Gnod vun der Welt ugewisen—an net eleng op d’Gnod vun der Welt, mee och doropper, dat Gott eis déi Gnod erweist.

29 A mir sinn zu hinnen an d’Haiser gaangen an hunn si beléiert, a mir hunn si op der Strooss beléiert; jo, a mir hunn si op hiren Hiwwele beléiert; a mir sinn och an hir Tempelen a Synagoge gaangen an hunn si beléiert; an et huet een eis ausgestouss a verspott an u gespaut an eis op de Bak geschloen; an et huet een eis mat Steng beworf a mat staarke Strécker gebonnen an an de Prisong geworf; an duerch d’Muecht a Weisheet Gottes si mir erëm befreit ginn.

30 An mir hu vill Aarte vu Leed matgemaach, an dat alles, fir datt mir vläicht ee Mëttel kéinte sinn, fir eng Séil ze retten; a mir hu gemengt, eis Freed wier voll, wa mir vläicht de Mëttel kéinte sinn, fir e puer gerett ze kréien.

31 Elo kuckt, kënne mir no vir blécken an d’Friichte vun eiser Aarbecht erblécken—a sinn et der nëmmen e puer? Ech soen iech: Nee, et sinn der vill; jo, a mir kënnen hir Opriichtegkeet temoignéieren, nämlech wéinst hirer Léift zu hire Bridder an och zu eis.

32 Well kuckt, si wollte léiwer hiert Liewen afferen ewéi hirem Feind d’Liewen ze huelen; a wéinst hirer Léift zu hire Bridder hunn si hir Krichswaffen déif an der Äerd begruewen.

33 An elo kuckt, ech soen iech: Huet et am ganze Land eng esou grouss Léift ginn? Kuckt, ech soen iech: Nee, et huet se net ginn, net eemol ënnert den Nephiten.

34 Well kuckt, si géifen d’Waffe géint hir Bridder gräifen; si géifen net zouloossen, datt si ëmbruecht ginn. Awer kuckt, wéi vill vun dësen hunn hiert Liewe ginn; a mir wëssen, datt si zu hirem Gott gaange sinn, wéinst hirer Léift an hirem Haass géint d’Sënd.

35 Hu mir also net Grond, eis ze freeën? Jo, ech soen iech: Nimools, vum Ufank vun der Welt un, huet et Männer ginn, déi esou vill Grond gehat hunn ewéi mir, sech ze freeën; jo, an a menger Freed sinn ech esou hi gerass, datt ech mat mengem Gott uginn; well hien huet all Muecht, all Weisheet an all Verständnis; hien erfaasst alles an ass ee baarmhäerzegt Wiesen, jo, deenen zur Errettung, déi ëmkéieren an u säin Numm gleewen.

36 Wann dat elo Bretzen ass, da wäert ech och esou bretzen; well dat ass mäi Liewen a mäi Liicht, meng Freed a meng Rettung, a meng Erléisung vum éiwege Leed. Jo, geséint ass den Numm vu mengem Gott, deen u säi Vollek geduecht huet, dat eng Branche vum Bam Israel ass a vu sengem Haaptstamm an ee friemt Land verluere gaangen ass; jo, ech soen, geséint sief den Numm vu mengem Gott, deen eiser geduecht huet, déi mir Wanderer an engem frieme Land sinn.

37 Mir gesinn also, meng Bridder, datt Gott allem Vollek gedenkt, a wellechem Land och ëmmer si géife sinn; jo, hien zielt säi Vollek a säin häerzlecht Erbaarmen ass iwwert der ganzen Äerd. Dëst ass awer meng Freed a meng grouss Dankbarkeet; jo, an ech wëll mengem Gott danke fir ëmmer. Amen.