D’Geboter vum Alma u säi Jong Helaman
Besteet aus de Kapitelen 36 an 37.
36. Kapitel
Den Alma temoignéiert dem Helaman vu senger Konversioun, nodeems hien en Engel gesinn huet—Hien huet d’Péng vun enger verdaamter Séil gelidden; hien huet den Numm vum Jesus ugeruff a gouf du vu Gott gebuer—Séiss Freed huet seng Séil erfëllt—Hie gesäit Gruppe vun Engelen, déi Gott luewen—Vill Konvertéierter hunn esou geschmaacht a gesinn, wéi hie geschmaacht a gesinn huet. Ongeféier 74 v. Chr.
1 Mäi Jong, schenk menge Wierder Gehéier; well ech schwieren dir: Wann dir d’Geboter Gottes haalt, wäert et iech wuel ergoen am Land.
2 Ech hätt gären, datt s du wéi ech un d’Gefaangenschaft vun eise Pappen denks; well si waren a Sklaverei, a kee konnt si befreie wéi nëmmen de Gott vum Abraham an de Gott vum Isaak an de Gott vum Jakob; a gewëss huet hien si aus hire Bedrängnisser befreit.
3 An elo, mäi Jong Helaman, kuck, du bass nach an denger Jugend, an dofir fleeën ech dech un, du wéilts meng Wierder héieren a vu mir léieren; well ech weess, wien säi Vertrauen a Gott setzt, dee wäert a senge Prüfungen, a senge Beonrouegungen a Bedrängnisser gestäerkt an um leschten Dag erop gehuewe ginn.
4 An ech wëll net, datt s du mengt, ech weess vu mir selwer—net vum Zäitlechen, mee vum Geeschtegen, net vum fleeschleche Geescht, mee vu Gott.
5 Mee kuck, ech soen dir: Wär ech net aus Gott gebuer, sou wéisst ech dëst net; mee Gott huet mir dëst duerch de Mond vu sengem hellegen Engel kloer gemaach, net well ech selwer dozou wierdeg gewiescht wär;
6 Well ech sinn mat de Jonge vum Mosiah dorëmmer gaangen an hu getruecht, d’Kierch Gottes ze vernichten; mee kuck, Gott huet säin hellegen Engel geschéckt, fir ons um Wee unzehalen.
7 A kuck, hien huet zu eis gesprach ewéi mat Donnerstëmm, an déi ganz Äerd huet ënnert eise Féiss gebieft; a mir sinn op d’Äerd gefall, well d’Angscht virum Här koum iwwert eis.
8 Mee kuck, d’Stëmm huet zu mir gesprach: Erhief dech. An ech hu mech erhuewen a sinn opgestanen an hunn den Engel gesinn.
9 An hien huet zu mir gesprach: Och wann s du selwer vernicht wëlls ginn, sou truecht awer net méi duerno, d’Kierch Gottes ze vernichten.
10 An et huet sech erginn: Ech sinn zur Äerd gefall an dräi Deeg an dräi Nuechte laang konnt ech mäi Mond net méi op maachen, ech konnt och meng Glidder net gebrauchen.
11 An den Engel huet mir nach méi Saache gesot, déi meng Bridder héieren hunn, mee ech hunn se net héieren; well wéi ech d’Wierder héieren hunn—Wann s du selwer wëlls vernicht ginn, sou sich net méi duerno fir d’Kierch vu Gott ze vernichten—gouf ech mat sou enger grousser Angscht a Bestierzung iwwerwältegt, datt ech vläicht vernicht géif ginn, datt ech op d’Äerd gefall sinn an näischt méi héieren hunn.
12 Mee ech gouf vun éiweger Qual gepéngegt, well meng Séil gouf am héchste Grad zerrass a mat all menge Sënde gepéngegt.
13 Jo, ech hunn un all meng Sënden an Ongerechtegkeete geduecht, wéinst deenen ech mat Quale vun der Hell gepéngegt gouf; jo, ech hu gesinn, datt ech mech géint mäi Gott rebelléiert a seng Geboter net gehalen hat.
14 Jo, an ech hat vill vu senge Kanner ëmbruecht, oder besser gesot, si an d’Zerstéierung gefouert; jo, an am Fong ware meng Ongerechtegkeeten sou grouss, datt eleng de Gedanken, an d’Géigewaart vu mengem Gott ze kommen, meng Séil mat onbeschreiflechem Horror zerrass huet.
15 O, hunn ech geduecht, datt ech kéint verbannt ginn a souwuel Séil wéi och Kierper ausstierwe géifen, fir datt ech net viru mengem Gott stoe misst, fir no mengen Dote verurteelt ze ginn.
16 An elo, dräi Deeg an dräi Nuechte laang gouf ech geplot, och mat der Péng vun enger verdaamter Séil.
17 An et huet sech erginn: Wéi ech esou vu Qual gepéngegt war an duerch d’Erënnerung u meng vill Sënden zerrass gouf, kuck, do hunn ech och dorunner geduecht, datt ech héieren hat, wéi mäi Papp dem Vollek prophezeit huet, datt ee gewësse Jesus Christus, ee Jong vu Gott, komme wäert, fir fir d’Sënde vun der Welt ze versönen.
18 Wéi awer mäi Sënn dëse Gedanke gefaasst huet, hunn ech a mengem Häerzen ausgeruff: O Jesus, du Jong vu Gott, sief baarmhäerzeg zu mir, deen ech an der battere Gal sinn a vun den éiwege Kette vum Doud ëmschloss sinn.
19 An elo kuck, wéi ech dëst geduecht hunn, konnt ech net méi u meng Péng denken; jo, ech gouf duerch d’Erënnerung u meng Sënden net méi zerrass.
20 An o, wat eng Freed, a wat e wonnerbaart Liicht hunn ech gesinn; jo, meng Séil war mat Freed erfëllt, sou aussergewéinlech wéi meng Péng et war!
21 Jo, ech soen dir, mäi Jong: Et gëtt näischt esou Ausseruerdentleches an esou Batteres ewéi meng Qualen. Jo, a weider soen ech dir, mäi Jong: Et kann näischt esou Ausseruerdentleches an esou Séisses ginn ewéi meng Freed.
22 Jo, ech hu geduecht, ech hätt gesinn, genee wéi eise Papp Lehi et gesinn huet, Gott op sengem Troun sëtzen, ëmgi vun Arméie vun Engelen, déi een net ziele konnt, an der Haltung vum Sangen a Luewe vun hirem Gott; jo, a meng Séil huet sech verlaangert, do ze sinn.
23 Mee kuck, meng Glidder hunn erëm Stäerkt empfaangen, an ech sinn opgestanen, an hunn dem Vollek gesot, datt ech aus Gott gebuer war.
24 Jo, a vun där Zäit bis elo hunn ech ouni Ophale geschafft, fir Séilen zur Ëmkéiert ze bréngen; fir datt ech si déi aussergewéinlech Freed schmaache loossen, déi ech geschmaacht hunn; fir datt si och vu Gott gebuer kënne ginn a mam Hellege Geescht erfëllt kënne ginn.
25 Jo, an elo kuck, mäi Jong, den Här schenkt mir immens grouss Freed un der Fruucht vu menge Méien;
26 well wéinst dem Wuert, dat hie matgedeelt huet, kuck, sinn där vill aus Gott gebuer ginn an hu geschmaacht, wéi ech geschmaacht hunn; si hunn A an A gesinn, wéi ech gesinn hunn; a wouvunner ech gesprach hunn, dovunner wëssen si, wéi ech weess; an dat Wëssen, wat ech hunn, ass vu Gott.
27 An ech gouf ënner Prüfungen a Problemer vun all Zort ënnerstëtzt, jo, an an all Zorte vu Leed; jo, Gott huet mech aus dem Prisong, a vu Sklaverei, a vum Doud befreit; jo, an ech vertrauen op hien, an hie wäert mech weider befreien.
28 An ech weess, hie wäert mech um leschten Dag erhiewen, datt ech mat him an Herrlechkeet wunnen; jo, an ech wëll hie luewe fir ëmmer, well hien huet ons Pappen aus Ägypte gefouert an huet d’Ägypter an d’Rout Mier verschlongen; an hien huet si duerch seng Muecht an dat versprachent Land geleet; jo, an hien huet si een ëm dat anert Mol aus Sklaverei a Prisong a Gefaangenschaft befreit.
29 Jo, an hien huet och ons Pappen aus dem Land vu Jerusalem gefouert; an hien huet si duerch seng éiweg Muecht och aus Sklaverei a Gefaangenschaft gefouert, een ëm dat anert Mol bis elo; an ech hunn hir Gefaangenschaft ëmmer am Kapp behalen; jo, an och du solls hir Gefaangenschaft esou wéi ech am Kapp behalen.
30 Mee kuck, mäi Jong, dëst ass net alles; well du solls wëssen, wéi ech weess: Wann s du d’Geboter Gottes häls, wäert et dir wuel ergoen am Land; an du solls och wëssen: Wann s du d’Geboter Gottes net häls, wäerts du aus senger Géigewaart ewech geholl ginn. Dëst awer ass no sengem Wuert.