Scriptures
Alma 47


47. Kapitel

Den Amalickia benotzt Verrot, Mord an Intrigen, fir Kinnek vun de Lamaniten ze ginn—D’nephitesch Dissidente sinn nach méi béis a grausam wéi d’Lamaniten. Ongeféier 72 v. Chr.

1 Elo wëlle mir an eisem Bericht zum Amalikkia an deenen zeréck kéieren, déi mat him an d’Wüüst geflücht waren; well kuckt, hien hat déijéineg, déi mat him gaange sinn, geholl a war erop an d’Land Nephi bei d’Lamanite gezunn; an hien huet d’Lamaniten zur Roserei géint d’Vollek Nephi opgestëppelt, esou vill, datt de Kinnek vun de Lamaniten a sengem ganze Land een Opruff un all säi Vollek geschéckt huet, nämlech datt si sech erëm sammelen a géint d’Nephiten an de Kampf zéie sollten.

2 An et huet sech erginn: Wéi den Opruff un si ergaange war, haten si ganz grouss Angscht; jo, si hu gefaart, eppes géint hire Kinnek ze soen, a si hunn och gefaart, géint d’Nephiten an de Kampf ze zéien, well do kéinten si hiert Liewe verléieren. An et huet sech erginn: Si, oder de gréissten Deel vun hinnen, wollten dem Gebot vum Kinnek net follegen.

3 An et huet sech elo erginn: Well si net wollte follegen, war de Kinnek rosen; dofir huet hien dem Amalikkia de Kommando iwwert een Deel vu senger Arméi, dat him follege wollt, ginn an huet him kommandéiert, hie sollt higoen a si ënner d’Waffen zwéngen.

4 Elo gesitt, eben dëst war de Wonsch vum Amalikkia, well hie war vill duerchdriwwen doranner, Béises ze maachen; dofir huet hien a sengem Häerzen de Plang gefaasst, de Kinnek vun de Lamaniten ze enttrounen.

5 Elo hat hien awer de Kommando iwwert deen Deel vun de Lamanite kritt, dat dem Kinnek favorabel war; an hien huet duerno getruecht, d’Gonscht vun deenen ze gewannen, déi dem Kinnek net favorabel waren; dofir ass hien higaangen un een Uert, deen Onidah genannt gouf, well dohinner waren all Lamanite geflücht; well si hunn entdeckt, datt d’Arméi koum, a wou si gemengt hunn, et kéim, fir si ze vernichten, sinn si no Onidah geflücht, un den Uert vun de Waffen.

6 A si haten ee Mann bestëmmt, hire Kinnek a Führer ze sinn; well si haten déi fest Decisioun geholl, datt si sech net zwénge loosse géifen, géint d’Nephiten ze zéien.

7 An et huet sech erginn: Si haten sech op der Spëtz vun engem Bierg, deen een Antipas genannt huet, gesammelt, fir sech zum Kampf virzebereeden.

8 Et war awer net d’Absicht vum Amalikkia, hinnen nom Gebot vum Kinnek ee Kampf ze liwweren; mee kuckt, et war seng Absicht, d’Gonscht vun den Arméie vun de Lamaniten ze gewannen, fir datt hien sech un hir Spëtzt stellen an de Kinnek enttrounen an d’Räich a Besëtz huele kéint.

9 A kuckt, et huet sech erginn: Hien huet seng Arméi d’Zelter an deem Dall opbaue gelooss, dat no beim Bierg Antipas war.

10 An et huet sech erginn: Wéi et Nuecht war, huet hien ee geheimen Detachement zum Bierg Antipas geschéckt; hien huet gewënscht, de Führer vun deenen, déi op dem Bierg waren, an deem säin Numm Lehonti war, géif zum Fouss vum Bierg erofkommen, well hien huet gewënscht mat him ze schwätzen.

11 An et huet sech erginn: Wéi de Lehonti de Message kritt huet, huet hien sech net getraut, zum Fouss vum Bierg erofzekommen. An et huet sech erginn: De Amalikkia huet eng zweete Kéier hi geschéckt a gewënscht, hie soll erofkommen. An et huet sech erginn: De Lehonti huet net gewollt; an esou huet hien eng drëtte Kéier hi geschéckt.

12 An et huet sech erginn: Wéi den Amalikkia gemierkt huet, datt hien de Lehonti net dozou brénge kéint, vum Bierg erofzekommen, ass hie selwer op de Bierg gaangen, bal bis zum Lager vum Lehonti; a fir d’véiert huet hie säi Message un de Lehonti geschéckt a gewënscht, hie géif erofkommen, an hie géif seng Waache matbréngen.

13 An et huet sech erginn: Wéi de Lehonti mat senge Waachen zum Amalikkja erofkomm war, huet den Amalikkia gewënscht, hie sollt zur Nuetszäit mat senger Arméi erofkommen an déijéineg Männer, iwwer déi de Kinnek him de Kommando ginn hat, an hirem Lager ëmstellen; an hie géif si dem Lehonti an d’Hänn liwweren, wann hien en (den Amalikkia) zum zweete Führer iwwer déi ganz Arméi maache wéilt.

14 An et huet sech erginn: De Lehonti koum mat senge Männer erof an huet d’Männer vum Amalikkia ëmstallt, sou datt si, bevir si vum Dagesliicht erwächt goufen, vum Lehonti sengen Arméien ëmstallt waren.

15 An et huet sech erginn: Wéi si gesinn hunn, datt si ëmstallt waren, hunn si dem Amalikkia mat Bieden zougesat, hie géif zouloossen, datt si sech mat hire Bridder vereenegen, fir net vernicht ze ginn. A grad dat war et, wat den Amalikkia gewënscht huet.

16 An et huet sech erginn: Géint de Befeel vum Kinnek huet hien seng Männer ausgeliwwert. Dat awer war et, wat den Amalikkia gewënscht huet, fir datt hien seng Pläng zur Enttrounung vum Kinnek ausféiere kéint.

17 Et war awer Brauch bei de Lamaniten, wann hiren ieweschte Führer ëmbruecht gouf, datt si den zweete Führer zu hirem ieweschte Führer bestëmmt hunn.

18 An et huet sech erginn: Den Amalikkia huet ee vu senge Kniechte maache gedoen, dem Lehonti no an no Gëft anzeginn, sou datt hie gestuerwen ass.

19 Wéi awer de Lehonti dout war, hunn d’Lamaniten den Amalikkia zu hirem Führer an ieweschte Kommandant bestëmmt.

20 An et huet sech erginn: Den Amalikkia ass mat sengen Arméien (well hien hat säi Wonsch duerchgesat) an d’Land Nephi marschéiert, an d’Stad Nephi, well dat war d’Haaptstad.

21 An de Kinnek koum mat senge Waachen eraus, hien ze begréissen, well hien huet gemengt, den Amalikkia hätt seng Befeeler ausgeféiert an den Amalikkia hätt esou eng grouss Arméi gesammelt, fir géint d’Nephiten zum Kampf ze zéien.

22 Mee kuckt, wéi de Kinnek eraus koum ass, fir hien ze begréissen, huet den Amalikkia seng Kniecht higoe gelooss, dem Kinnek entgéint. A si si gaangen an hunn sech virum Kinnek gebéit, wéi wann si hien als Kinnek veréiere wéilten.

23 An et huet sech erginn: De Kinnek huet seng Hand ausgestreckt, fir si opzeriichten, wéi et bei de Lamanite Brauch war als Zeechen zum Fridden, an dëse Brauch haten si vun den Nephiten iwwerholl.

24 An et huet sech erginn: Wéi hien den éischten opgeriicht hat, kuckt, do huet hien dem Kinnek an d’Häerz gestach; an hien ass zu Buedem gefall.

25 D’Kniecht vum Kinnek awer si fortgelaf; an dem Amalikkia seng Kniecht hunn ee Gejäiz opgefouert, nämlech:

26 Kuckt, dem Kinnek seng Kniecht hunn him an d’Häerz gestach, an hien ass gefall, a si si fortgelaf; kuckt, kommt a kuckt.

27 An et huet sech erginn: Den Amalikkia huet sengen Arméie kommandéiert, dohinner ze marschéieren an ze gesinn, wat dem Kinnek zougestouss war; a wéi si un d’Plaz komm waren an de Kinnek a sengem Blutt leie gesinn hunn, huet den Amalikkia gemaach, wéi wann hie rose wär, an huet gesprach: Wien de Kinnek gären hat, dee soll higoen a seng Kniecht verfollegen, datt si ëmbruecht ginn.

28 An et huet sech erginn: Wéi déi, déi de Kinnek gären haten, dës Wierder héieren hunn, koumen si erbäi an hunn d’Kniecht vum Kinnek verfollegt.

29 Wéi awer d’Kniecht vum Kinnek gesinn hunn, datt eng Arméi si verfollegt huet, sinn si erféiert an an d’Wüüst geflücht an eriwwer an d’Land Zarahemla gaangen an hunn sech dem Vollek Ammon ugeschloss.

30 An d’Arméi, dat si verfollegt huet, ass zeréck komm, well et hat si ouni Erfolleg verfollegt; an esou huet den Amalikkia duerch säi Bedruch d’Häerz vum Vollek gewonnen.

31 An et huet sech erginn: De nächsten Dag ass hie mat sengen Arméien an d’Stad Nephi ageréckelt an huet d’Stad a Besëtz geholl.

32 An elo huet sech erginn, datt d’Kinnigin, wéi si héieren hat, datt de Kinnek ëmbruecht gi war—well den Amalickiah hat eng Delegatioun bei d’Kinnigin geschéckt, fir hir matzedeelen, datt de Kinnek vu sengen Dénger ëmbruecht gi war, datt hien si mat senger Arméi verfollegt hat, mee et war ouni Erfolleg, an si waren entkomm—

33 wéi dofir d’Kinnigin säi Message kritt huet, huet si zum Amalikkia geschéckt a gewënscht, hie géif d’Vollek vun der Stad verschounen; an si huet och gewënscht, hie soll zu hir erakommen; a si huet och gewënscht, hie soll Zeie matbréngen, déi a Bezuch op den Doud vum Kinnek aussoe konnten.

34 An et huet sech erginn: Den Amalikkia huet deselwechte Kniecht, deen de Kinnek ëmbruecht hat, an alleguerten, déi mat him waren, geholl, an ass zur Kinnigin eragaangen, un deen Uert, wou si souz; an alleguerten hunn hir temoignéiert, datt de Kinnek vu sengen eegene Kniecht ëmbruecht gi war; a si hunn och gesot: Si si fortgelaf; temoignéiert dat net géint si? An esou hunn si d’Kinnigin a Bezuch op den Dout vum Kinnek zefridde gestallt.

35 An et huet sech erginn: Den Amalikkia huet d’Gonscht vun der Kinnigin gesicht an si zur Fra geholl; an esou huet hien duerch säi Bedruch an duerch d’Hëllef vu sengen hannerlëschtege Kniecht d’Räich kritt; hie gouf iwwerall am ganze Land als Kinnek unerkannt, ënnert allem Vollek vun de Lamaniten, dat aus de Lamaniten an de Lemueliten an den Ishmaeliten an all deene bestanen huet, déi sech vun den Nephitë getrennt haten, vun der Regierung vum Nephi erof bis an d’Géigewaart.

36 Elo, dës Dissidenten haten déi selwecht Léieren an déi selwecht Kenntnisser wéi d’Nephiten, jo, si waren am selwechte Wëssen iwwert den Här instruéiert ginn, awer et ass komesch ze soen, net laang nom Splécke sinn si nach méi verhäert an ouni Récksiicht ginn, a si si méi wëll, béis a grausam gi wéi d’Lamaniten—si hunn d’Traditioune vun de Lamaniten iwwerholl; si hunn d’Lidderegkeet an all Zort vu Liichtfäertegt zougelooss; jo, si hunn den Här, hire Gott, ganz vergiess.