Scriptures
Alma 6


6. Kapitel

D’Kierch zu Zarahemla gëtt gerengegt an rëm organiséiert—den Alma geet op Gideon fir ze priedegen. Ongeféier 83 v. Chr.

1 An elo huet et sech erginn, nodeems den Alma opgehalen hat, zum Vollek vun der Kierch ze schwätzen, déi an der Stad Zarahemla gegrënnt war, huet hien no der Uerdnung vu Gott Priister an Eelster duerch Handopleeën veruerdent, fir iwwer d’Kierch ze presidéieren an iwwert si ze waachen.

2 An et huet sech erginn: Alleguerten, déi net der Kierch ugehéiert hunn, awer vun hire Sënden ëmgekéiert waren, goufen zur Ëmkéiert gedeeft an an d’Kierch opgeholl.

3 An et huet sech erginn, datt jiddereen, deen zu der Kierch gehéiert huet, deen net vu senger Béist ëmgekéiert huet an sech net viru Gott humiliéiert huet—ech mengen déi, déi gehuewen am Stolz vun hiren Häerzer waren—déi selwecht goufen ofgeleent, an hir Nimm goufen ausgeläscht, sou datt hir Nimm net zu deene vun de Gerechte gezielt goufen.

4 An esou huet een ugefaangen, d’Uerdnung vun der Kierch an der Stad Zarahemla opzeriichten.

5 Elo hätt ech gären, datt dir verstitt, datt d’Wuert Gottes fir alleguerten do war, datt kengem déi Fräiheet virenthale gouf, sech ze versammelen, fir d’Wuert vu Gott ze héieren.

6 Mee de Kanner Gottes war et gebueden, dacks zesummen ze kommen a sech am Faaschten a mächtegem Biede fir d’Wuelergoe vun der Séil vun deenen, déi Gott net kannt hunn, ze vereenen.

7 An elo huet et sech erginn: Wéi den Alma dës Unuerdnunge getraff hat, ass hie vun hinne fort gaangen, jo, vun der Gemeng, déi an der Stad Zarahemla war, an ass eriwwer op d’Ostsäit vum Floss Sidon an d’Dall Gideon gaangen, wou eng Stad gebaut gi war, déi een d’Stad Gideon genannt huet; se huet sech an deem Dall befonnt, dat een nom Gideon genannt hat, nämlech no deem Mann, dee vun der Hand Nehor mam Schwäert ëmbruecht gi war.

8 An den Alma ass gaangen an huet ugefaangen, d’Wuert vu Gott der Kierch ze verkënnegen, déi am Dall vum Gideon gegrënnt war, no der Offenbarung vun der Wourecht vum Wuert, dat vu senge Pappe geschwat gi war, an nom Geescht vun der Prophezeiung, deen an him war, nom Temoignage vum Jesus Christus, dem Jong vu Gott, dee komme sollt, fir säi Vollek vu senge Sënden ze erléisen, an no der helleger Uerdnung, duerch déi hie beruff gouf. An esou ass et geschriwwen. Amen.