Scriptures
Alma 63


63. Kapitel

De Schiblon an duerno den Helaman huelen déi helleg Berichter u sech—Vill Nephiten reesen an d’Land nërdlech—Den Hagoth baut Schëffer, déi an d’Westmier erausfueren—De Moronihah bezwéngt d’Lamaniten an der Schluecht. Ongeféier 56–52 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Um Ufank vum sechsandrëssegste Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi huet de Schiblon déi helleg Géigestänn a Besëtz geholl, déi den Helaman vum Alma iwwergi gi waren.

2 An hie war ee gerechte Mann an huet ouni Reproche viru Gott gewandelt; an hie war dorobber beduecht, bestänneg Guddes ze maachen an d’Geboter vum Här, sengem Gott, ze halen; an dat huet och säi Brudder gemaach.

3 An et huet sech erginn: De Moroni ass och gestuerwen. An esou ass dat sechsandrëssegt Joer vun der Regierung vun de Riichter op en Enn gaangen.

4 An et huet sech erginn: Am siwwenandrëssegte Joer vun der Regierung vun de Riichter ass et eng grouss Grupp vu Männer ginn, jo, fënnefdausendvéierhonnert Mann mat hire Fraen a Kanner, déi aus dem Land Zarahemla no deem Land gezu waren, dat am Norde war.

5 An et huet sech erginn: Den Hagoth, deen ee ganz wëssbegierege Mann war, ass dofir higaangen an huet sech un de Grenze vum Land Iwwerfloss, niewent dem Land Verwüüstung, ee ganz grousst Schëff gebaut an huet et am westleche Mier a Faart bruecht, un der Engt, déi an d’Land am Norde féiert.

6 A kuckt, et goufen der vill Nephiten, déi sech ageschëfft hunn a mat vill Proviant a vill Fraen a Kanner lass geseegelt sinn; a si hu Kurs no Norde geholl. An esou ass dat siwwenandrëssegt Joer op en Enn gaangen.

7 An am aachtandrëssegte Joer huet dëse Mann weider Schëffer gebaut. An dat éischt Schëff ass och erëm zeréck komm, a vill weider Leit hunn sech doranner ageschëfft; a si hu vill Proviant matgeholl an hunn sech erëm nom Land am Norden opgemaach.

8 An et huet sech erginn: Vun hinnen huet een ni méi eppes héieren. A mir mengen, datt si an den Déifte vum Mier erdronk sinn. An et huet sech erginn: Ee weidert Schëff ass och eraus geseegelt; a wouhinner et komm ass, wësse mir net.

9 An et huet sech erginn: An dësem Joer ass et vill Vollek ginn, dat an d’Land am Norde gefuer ass. An esou ass dat aachtandrëssegt Joer op en Enn gaangen.

10 An et huet sech erginn: Am néngandrëssegte Joer vun der Regierung vun de Riichter ass och de Schiblon gestuerwen, an de Korianton war mat engem Schëff nom Land am Norde gefuer, fir dem Vollek, dat an d’Land gefuer war, Proviant ze bréngen.

11 Dofir war et besser, datt de Schiblon dës helleg Géigestänn viru sengem Doud un dem Helaman säi Jong iwwerginn huet, deen Helaman geheescht huet, well hien nom Numm vu sengem Papp genannt gouf.

12 An elo kuckt, all dës Gravéierungen, déi den Helaman am Besëtz hat, goufen ofgeschriwwen an ënner d’Mënschekanner iwwerall am ganze Land erausgeschéckt, ausser an déi Deeler, wouhinner se nom Alma sengem Gebot net goe sollten.

13 Mee sollten dës Géigestänn helleg gehalen a vun enger Generatioun un déi aner weidergi ginn; dofir waren se an dësem Joer, virum Schiblon sengem Dout, un den Helaman iwwergi ginn.

14 An et huet sech erginn: An dësem Joer goufen et och e puer, déi sech ofgespléckt haten an zu de Lamaniten iwwergaange waren; a si goufen erëm zur Roserei géint d’Nephiten opgestëppelt.

15 An och an dësem Joer koumen si mat enger groussen Arméi zum Krich géint d’Vollek Moronihach erof, nämlech géint d’Arméi vum Moronihach, a si goufe geschloen an erëm an hiert eegent Land zeréck gejot, nodeems si grouss Verloschter gelidden haten.

16 An esou ass dat néngandrëssegt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen.

17 An dat ass de Schluss vum Bericht vum Alma a sengem Jong Helaman an och vum Schiblon, dee säi Jong war.