56. Kapitel
Den Helaman schéckt dem Moroni eng Epistel, an deem hien d’Lag vum Krich mat de Lamanite beschreift—Den Antipus an den Helaman erreechen eng grouss Victoire géint d’Lamaniten—Dem Helaman seng zwee dausend jonk Männer kämpfe mat wonnerbarer Kraaft, a kee vun hinne gëtt ëmbruecht. Versen 1; ongeféier 62 v. Chr.; Versen 2–19; ongeféier 66 v. Chr.; aVersen 20–57; ongeféier 65–64 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: Am Ufank vum drëssegste Joer vun der Regierung vun de Riichter, den zweeten Dag vum éischte Mount, huet de Moroni eng Epistel vum Helaman kritt, deen d’Ugeleeënheete vum Vollek an där Géigend vum Land geschëldert huet.
2 An dës sinn d’Wierder, déi hie geschriwwen huet, nämlech: Moroni, mäi Brudder am Här, deen ech ganz gären hunn, an och wéi an de Problemer vun eisem Krich: Kuck, mäi léiwe Brudder, ech hunn dir eppes a Bezuch op eis Krichsféierung an dësem Deel vum Land ze beriichten.
3 Kuck, zwee dausend vun de Jonge vun deene Männer, déi den Ammon aus dem Land Nephi erofbruecht huet—du weess jo, datt dat Nokomme vum Laman waren, deen den eelste Jong vun eisem Papp Lehi war;
4 ech brauch dir net hir Traditiounen oder hir Ongleewegt ze widderhuelen, well du weess alles doriwwer—
5 dofir geet et mir duer, dir ze soen, datt zwee dausend vun dëse jonke Männer hir Krichswaffen ergraff hunn, a si wëllen, datt ech hire Führer wier; a mir sinn heihinner komm, fir eist Land ze verdeedegen.
6 An du kenns och déi Allianz, déi hir Pappe gemaach hunn, nämlech datt si net d’Krichswaffe géint hir Bridder ergräife wollten, fir Blutt ze vergéissen.
7 Wéi si awer am sechsanzwanzegste Joer eis Problemer an dat Leed gesinn hunn, déi mir wéinst hinne gelidden hunn, waren si no dorunner, déi vun hinne gemaachent Allianz ze briechen an hir Krichswaffen zu eiser Verdeedegung opzehuelen.
8 Ech awer wollt net zouloossen, datt si dës Allianz briechen, dat si gemaach haten, well ech hu gemengt, Gott wäert eis stäerken, sou datt mir net nach méi leide missten, well si den Eed erfëllen, deen si ofgeluecht hunn.
9 Mee kuck, hei ass eppes, wouriwwer mir eis vill freeë kënnen. Well kuck, am sechsanzwanzegste Joer sinn ech, Helaman, un der Spëtzt vun dësen zwee dausend jonke Männer an d’Stad Judäa marschéiert, fir dem Antipus bäizestoen, deen dir als Führer iwwer dat Vollek an deem Deel vum Land bestëmmt hat.
10 An ech hu meng zwee dausend Jongen (well si sinn et wierdeg, meng Jonge genannt ze ginn) dem Antipus senger Arméi ugegliddert, an iwwer dës Verstäerkung huet sech den Antipus iwwer d’Moosse gefreet; well kuck, seng Arméi war duerch d’Lamanite geschwächt ginn, well hir Sträitkräften haten eng riseg Zuel vun eise Männer ëmbruecht, an aus dësem Grond musse mir traueren.
11 Mee kënne mir eis domadder tréischten, datt si fir d’Saach vun hirem Land an hirem Gott gestuerwe sinn, jo, a si si glécklech.
12 An d’Lamaniten haten och vill Gefaangener zeréckbehalen, alles iewescht Haaptleit, well soss hunn si keen am Liewe gelooss. A mir mengen, si befannen sech zu dëser Zäit am Land Nephi; an esou ass et, wann si net ëmbruecht gi sinn.
13 Dëst awer sinn d’Stied, vun deenen d’Lamanite Besëtz ergraff hunn, andeems si d’Blutt vun esou vill couragéis Männer vergoss hunn;
14 d’Land Manti, nämlech d’Stad Manti, an d’Stad Zeezrom an d’Stad Kumeni an d’Stad Antiparach.
15 An dat sinn d’Stied, déi si haten, wéi ech an d’Stad Judäa ukomm sinn; an ech hunn den Antipus a seng Männer mat aller Muecht un der Aarbecht fonnt, fir d’Stad ze befestegen.
16 Jo, a si ware souwuel kierperlech wéi och geeschteg depriméiert, well si haten den Dag couragéis gekämpft an an der Nuecht geschafft fir hir Stied ze erhalen; an dofir haten si grouss Leed vun all Zort gelidden.
17 An esou waren si entschloss, un deem Uert ze gewannen oder ze stierwen; dofir kanns du wuel mengen, datt dës kleng Sträitmuecht, déi ech matbruecht hat, jo, dës meng Jongen, hinne grouss Hoffnung a Freed bruecht hunn.
18 An et huet sech erginn: Wéi d’Lamanite gesinn hunn, datt den Antipus eng gréisser Verstäerkung fir seng Arméi kritt hat, waren si duerch d’Befeeler vum Ammoron gezwongen, net géint d’Stad Judäa oder géint eis an de Kampf ze zéien.
19 An esou ware mir vum Här begënschtegt; well wären si an dëser eiser Schwächt iwwert eis komm, sou hätten si vläicht eis kleng Arméi vernicht; esou awer goufe mir beschützt.
20 Et gouf hinne vum Ammoron kommandéiert, dës Stied, déi si geholl haten, ze behaapten. An esou ass dat sechsanzwanzegst Joer op en Enn gaangen. An um Ufank vum siwwenanzwanzegste Joer hate mir eis Stad an eis selwer fir d’Verdeedegung bereet gemaach.
21 Elo hate mir de Wonsch, d’Lamanite sollten iwwert eis kommen; well mir haten net de Wonsch, een Ugrëff op si an hirem Stëtzpunkt ze ënnerhuelen.
22 An et huet sech erginn: Mir hunn ronderëm Spiounen opgestallt, fir d’Beweegung vun de Lamaniten ze beobachten, sou datt si net an der Nuecht oder bei Dag un eis laanscht kéimen, fir op eis aner Stied, déi am Norde geleeën hunn, een Ugrëff ze ënnerhuelen.
23 Well mir woussten, datt een an dëse Stied net staark genuch war, fir hinnen ze begéinen; dofir war et eise Wonsch, wann si un eis laanscht zéie géifen, hinnen an de Réck ze falen an si zur selwechten Zäit, wou hinne vu vir begéint gouf, och vun hannen unzegräifen. Mir hu gemengt, mir kéinten si iwwerwältegen; mee kuck, mir goufen an dësem eise Wonsch enttäuscht.
24 Si hunn sech net getraut, mat hirer ganzen Arméi un eis laanscht ze zéien, och hunn si sech net mat engem Deel getraut, fir datt si net vläicht ze wéineg wären an si fale géifen.
25 Si hunn sech och net getraut, géint d’Stad Zarahemla erof ze marschéieren; si hunn sech och net getraut, den Ursprong vum Sidon ze iwwerquieren, eriwwer zur Stad Nephihah.
26 An esou waren si entschloss, déi Stied, déi si geholl haten, mat hire Sträitkräften ze behaapten.
27 An elo huet et sech erginn: Am zweete Mount vun dësem Joer goufen eis vun de Pappe vun dëse mengen zwee dausend Jonge vill Iesse bruecht.
28 An esou goufen eis aus dem Land Zarahemla och zwee dausend Männer geschéckt. An esou ware mir mat zéngdausend Männer an Iesse fir si an och hir Fraen a Kanner virbereet.
29 An d’Lamaniten, déi gesinn hunn, wéi eis Sträitkräften all Dag méi grouss gi sinn a wéi zu eisem Ënnerhalt Iessen ukomm ass, hunn si ugefaangen, ze fäerten, a si hunn ugefaangen, Ausfäll ze maachen, fir wa méiglech deem een Enn ze bereeden, datt mir Iessen a Verstäerkung géife kréien.
30 Wéi mir elo gesinn hunn, datt d’Lamaniten op dës Weis onroueg goufen, a mir haten de Wonsch, eng Strategie un hinnen zur Wierkung ze bréngen; dofir huet mir den Antipus kommandéiert, mat menge klenge Jongen zu enger nopesch Stad ze marschéieren, wéi wa mir Iessen an eng nopesch Stad brénge géifen.
31 A mir sollten no bei d’Stad Antiparach marschéieren, wéi wa mir zu där Stad zéie géifen, an d’Grenzgebitt un der Mieresküst.
32 An et huet sech erginn: Mir si lassmarschéiert, wéi wa mir mat Iesse versi wieren, fir zu där Stad ze zéien.
33 An et huet sech erginn: Den Antipus ass mat engem Deel vu senger Arméi lassmarschéiert an huet déi iwwreg zeréckgelooss, fir d’Stad ze behaapten. Mee hien ass eréischt lassmarschéiert, wéi ech mat menger klenger Arméi ausgezu sinn an no un d’Stad Antiparach komm war.
34 An der Stad Antiparach awer hat déi stäerksten Arméi vun de Lamaniten hire Standuert, jo, déi meeschte waren do.
35 An et huet sech erginn: Wéi hir Spiounen hinnen Noriicht ginn hat, koumen si mat hirer Arméi eraus a si géint eis marschéiert.
36 An et huet sech erginn: Mir si virun hinnen an den Norde fortgelaf. An esou hu mir déi mächtegst Arméi vun de Lamaniten ewech geleet,
37 jo, an eng Entfernung, esou wäit, datt si beim Ubléck vun der Arméi vum Antipus, dat si mat aller Muecht verfollegt huet, sech net no riets oder lénks gewannt hunn, mee hire Marsch a riichter Linn hannert eis fort gesat hunn; an et war, wéi mir mengen, hir Absicht, eis ëmzebréngen, bevir den Antipus si ageholl huet, an dëst, fir datt si net vun eisem Vollek ëmstallt goufen.
38 Wéi awer den Antipus eis Gefor gesinn huet, huet hien de Marsch vu senger Arméi beschleunegt. Mee kuck, et war Nuecht; dofir hunn si eis net ageholl, an och den Antipus huet si net ageholl; dofir hu mir eis fir d’Nuecht gelagert.
39 An et huet sech erginn: Virum Mueren, kuck, do hunn d’Lamaniten eis verfollegt. Mir waren awer net staark genuch, fir mat hinnen ze streiden; jo, ech wollt net zouloossen, datt meng kleng Jongen hinnen an d’Hänn fale géifen; dofir hu mir eise Marsch fort gesat, a mir sinn an d’Wüüst marschéiert.
40 Si hunn awer net getraut, sech no riets oder lénks ze wennen, fir net ëmstallt ze ginn; och ech wollt mech net no riets oder lénks wennen, fir datt si mech net anhuele géifen a mir hinne kee Widderstand leeschte kéinten, mee ëmbruecht géife ginn an si dann entkomme géifen; an esou si mir de ganzen Dag an d’Wüüst geflücht, jo, bis et däischter war.
41 An et huet sech erginn: Wéi d’Luucht vum Mueren erëm koum, hu mir d’Lamaniten iwwert eis gesinn, a mir si virun hinne fortgelaf.
42 Awer et huet sech erginn: Si hunn eis net wäit verfollegt, dunn hunn si ugehalen; an et war dëst um Muere vum drëtten Dag vum siwente Mount.
43 A mir woussten net, ob si vum Antipus ageholl gi waren, mee ech hunn zu menge Männer gesprach: Kuckt, mir wëssen net, ob si zu deem Zweck ugehalen hunn, datt mir géint si zéien, sou datt si eis an hirer Schléngt fänken;
44 dofir, wat sot dir, meng Jongen, wëllt dir zum Kampf géint si zéien?
45 An ech soen dir, mäi léiwe Brudder Moroni, datt ech nach ni esou grousse Mutt gesinn hunn, nee, ënnert allen Nephiten net.
46 Well wéi ech si ëmmer meng Jonge genannt hat (well si ware ganz jonk), sou hunn si elo zu mir gesprach: Papp, kuck, eise Gott ass mat eis, an hie wäert net zouloossen, datt mir falen; dofir looss eis higoen; mir géifen eis Bridder net ëmbréngen, wann si eis mat Rou loosse géifen; dofir looss eis goen, fir datt si net dem Antipus seng Arméi iwwerwältegen.
47 Mee si haten nach nimools gekämpft, an awer hunn si den Dout net gefaart; a si hu méi un d’Fräiheet vun hire Pappe geduecht wéi un hiert eegent Liewen; jo, hir Mammen haten si enseignéiert, datt Gott si befreie wäert, wann si net zweiwelen.
48 A si hu mir d’Wierder vun hire Mamme widderholl, nämlech: Mir zweiwelen net—eis Mammen hunn et gewosst.
49 An et huet sech erginn: Ech hu mech mat mengen zwee dausend erëm géint d’Lamanite gewannt, déi eis verfollegt haten. An elo kuck, d’Arméie vum Antipus haten si ageholl, an ee schreckleche Kampf hat ugefaangen.
50 D’Arméi vum Antipus war midd, well si an esou kuerzer Zäit esou wäit marschéiert waren, a si waren no dorunner, de Lamaniten an d’Hänn ze falen; a wär ech mat mengen zwee dausend net ëmgekéiert, sou hätten si hir Absicht erreecht.
51 Well den Antipus duerch d’Schwäert gefall ass, an och vill vu senge Führer, wéinst hirer Middegkeet, déi duerch hire schnelle Marsch komm ass—hunn d’Männer vum Antipus ugefaangen, duercherneen duerch den Doud vun hire Führer, virun de Lamaniten zeréck ze weechen.
52 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hu Mutt gefaasst an ugefaangen, si ze verfollegen; an esou hunn d’Lamaniten si mat grousser Ausdauer verfollegt, bis ech, Helaman, si mat mengen zwee dausend vun hannen ugegraff hunn an ugefaangen hunn, si iwwer d’Moossen ëmzebréngen, esou vill, datt déi ganz Arméi vun de Lamanite stoe bliwwen ass an sech géint den Helaman gedréint huet.
53 Wéi elo d’Vollek vum Antipus gesinn huet, datt d’Lamaniten sech ëmgewannt haten, hunn si hir Männer gesammelt a sinn hirersäits de Lamaniten an de Réck gefall.
54 An elo huet et sech erginn: Mir, d’Vollek Nephi, d’Vollek vum Antipus an ech mat mengen zwee dausend, hunn d’Lamaniten ëmstallt an si ëmbruecht, jo, sou datt si gezwonge waren, hir Krichswaffen a sech selwer als Krichsgefaangener auszeliwweren.
55 An elo huet et sech erginn: Wéi si sech eis ausgeliwwert haten, kuck, do hunn ech déi jonk Männer gezielt, déi mat mir gekämpft haten, well ech hu gefaart, datt vill vun hinnen ëmbruecht gi wieren.
56 Mee kuck, zu menger grousse Freed war och net eng Séil vun hinnen zu Buedem gefall; jo, a si hate gekämpft wéi mat der Stäerkt Gottes; jo, nach ni hat ee Männer kannt, déi mat esou enger wonnerbare Stäerkt gekämpft haten; a mat esou mächteger Kraaft sinn si iwwert d’Lamaniten hiergefall, datt si si a Schrecke versat hunn; an aus dësem Grond hunn sech d’Lamaniten als Krichsgefaangener ausgeliwwert.
57 A well mir keng Plaz fir eis Gefaangener haten, wou mir si bewaache konnten, fir si vun den Arméie vun de Lamaniten ewech ze halen, hu mir si an d’Land Zarahemla geschéckt, a mat hinnen een Deel vum Antipus senge Männer, déi net ëmbruecht gi waren; an déi iwwreg hunn ech geholl a menge jonken Ammoniten ugegliddert, a mir sinn zeréck an d’Stad Judäa marschéiert.