9. Kapitel
De Jakob erkläert, datt d’Judden an all hire versprachene Länner versammelt ginn—D’Versönung befreit de Mënsch vum Fall—D’Läiche vun den Doudege wäerten aus dem Graf eraus kommen, an hir Séilen aus der Hell an aus dem Paradäis—Si gi verurteelt—D’Versönung rett virum Doud, der Hell, dem Däiwel an onendlecher Qual—Déi Gerecht wäerten am Kinnekräich vu Gott gerett ginn—D’Strofe fir d’Sënde gi festgeluecht—Den Hellege vun Israel ass de Wiechter vun der Paart. Ongeféier 559–545 v. Chr.
1 An elo, meng léif Bridder, hunn ech iech dëst virgelies, fir datt dir vun den Allianze vum Här wësst, déi hie mam ganzen Haus vun Israel geschloss huet—
2 déi hien aus dem Mond vu sengen hellege Propheten zu de Judde gesprach huet, vun Ufank un, vu Generatioun zu Generatioun, bis déi Zäit kënnt, wann si erëm der wierklecher Kierch an Häerd Gottes zeréck gewonne ginn, wa si gesammelt ginn, heem an d’Länner vun hirer Ierfschaft, an dann an allen hire Länner vun der Verspriechung ageriicht wäerte sinn.
3 Kuckt, meng léif Bridder, ech soen iech dëst, fir datt dir iech freet an ëmmer äert Haapt erhieft wéinst de Seenungen, déi den Härgott äre Kanner zoukomme loosse wäert.
4 Well ech weess, datt vill vun iech duerno gestrieft hunn, vun Zukünftegem ze wëssen; dofir weess ech, datt dir wësst, datt eist Fleesch dohi faulen a stierwe muss; awer dach wäerte mir an eisem Leif Gott gesinn.
5 Jo, ech weess, datt dir wësst: Hie wäert sech am Leif deene weisen, déi zu Jerusalem sinn, vu wou mir komm sinn; well et ass rotsam, datt et ënnert hinne geschitt; well fir de grousse Schëpfer ass et erfuerderlech, datt hien sech dem Mënsch am Fleesch fräiwëlleg ënnerwerft a fir all Mënsche stierft, op datt all Mënschen him ënnerworf ginn.
6 Well wéi den Doud iwwert all Mënsche komm ass, fir de baarmhäerzege Plang vum grousse Schëpfer ze erfëllen, sou muss et onbedéngt eng Muecht vun der Opersteeung ginn, an d’Operstéiung muss onbedéngt bei de Mënsch kommen, wéinst dem Fall; an de Fall koum wéinst der Iwwertriedung; a well de Mënsch gefall ass, goufen si vun der Géigewaart vum Här ofgeschnidden.
7 Dofir muss et onbedéngt eng onendlech Versönung sinn—ausser et wier eng onendlech Versönung, kéint dës Vergänglechkeet net Onvergänglecht unzéien. Dann awer hätt dat éischt Strofgeriicht, dat iwwert de Mënsch komm ass, noutwennegerweis vun onendlecher Dauer misse sinn. Dann awer hätt dëst Fleesch zu senger Mamm Äerd erof sénke missen, fir ze verfaulen an ze zerfalen, fir sech ni méi rëm ze erhiewen.
8 O wéi eng Weisheet Gottes, wéi eng Baarmhäerzegkeet a Gnod! Well kuckt, wann d’Fleesch sech ni méi rëm erhiewe géif, da misst eise Geescht deem Engel ënnerworf sinn, dee vun der Géigewaart vum éiwege Gott gefall an zum Däiwel ginn ass, fir sech ni rëm ze erhiewen.
9 An eise Geescht hätt him gläich missen sinn, a mir wären Däiwele ginn, Engele vun engem Däiwel, a mir wären aus der Géigewaart vun eisem Gott ausgeschloss a géife beim Papp vun de Lige verbleiwen, an der Misär wéi hie selwer, jo, wéi hien, deen eis éischt Eltere verleet hat, deen sech bal an een Engel vum Liicht verwandelt hat an d’Mënschekanner zu geheime Verbindunge vum Morden an zu allerhand geheim Wierker vum Däischteren opstéchelt.
10 O wéi grouss ass d’Guttheet vun eisem Gott, deen ee Wee bereet, fir datt mir der Gewalt vun deem fuerchtbaren Ongeheier entrënne kënnen, jo, deem Ongeheier, nämlech Doud an Hell, woumadder ech den Doud vum Leif mengen an och den Doud vum Geescht.
11 A wéinst der Aart vun der Befreiung, déi eise Gott, den Hellege vun Israel, bereet huet, wäert den Doud, vun deem ech geschwat hunn, nämlech den zäitlechen, seng Doudeger fräi ginn; an dësen Doud ass d’Graf.
12 An den Doud, vun deem ech geschwat hunn, nämlech de geeschtegen Doud, wäert seng Doudeger fräi ginn; an dëse geeschtegen Doud ass d’Hell; dofir mussen Doud an Hell hir Doudeger fräi ginn, an d’Hell muss hir gefaange Geeschter fräi ginn, an d’Graf muss seng gefaange Leiwer fräi ginn, an de Leif an de Geescht vum Mënsch wäerten erëm een zum anere gefüügt ginn; an dëst geschitt duerch d’Muecht vun der Opersteeung vum Hellege vun Israel.
13 O wéi grouss ass de Plang vun eisem Gott! Well anerersäits muss d’Paradäis vu Gott d’Geeschter vun de Gerechte fräi ginn, an d’Graf muss d’Leiwer vun de Gerechte fräi ginn; a Geescht a Leif gi rëm hiergestallt, an all Mënsche ginn onverweeslech an onstierflech, a si si lieweg Séilen, a si hu vollkomment Wësse gläich wéi mir am Fleesch, ausser datt eist Wësse vollkomme wäert sinn.
14 Dofir wäerte mir eng vollkomme Kenntnis vun all eiser Schold an eiser Onrengheet an eiser Plakescht hunn, an déi Gerecht wäerten eng vollkomme Kenntnis vun hirer Freed an hirer Gerechtegkeet hunn, well si sinn mat Rengheet bekleet, jo, mam Mantel vun der Gerechtegkeet.
15 An et wäert sech erginn: Wann all Mënsche vun dësem éischten Doud zum d’Liewe geschratt sinn, nämlech well si onstierflech gi sinn, mussen si virun de Riichterstull vum Hellege vun Israel erschéngen; an da kënnt d’Geriicht, an da mussen si nom hellege Riichtersproch Gottes geriicht ginn.
16 A sécher, sou wéi den Här lieft, well den Här Gott huet et geschwat, an et ass säin éiwegt Wuert, dat net vergoe kann, datt déi, déi gerecht sinn, weider gerecht sinn, an déi, déi dreckeg sinn, weider dreckeg sinn; dofir sinn déi, déi dreckeg sinn, den Däiwel a seng Engelen; a si ginn an dat éiwegt Feier, dat fir si virbereet ass; an hir Qual ass wéi e Séi vu Feier a Schwiefel, deem seng Flam fir ëmmer an ëmmer eropgeet a keen Enn huet.
17 O wéi eng Gréisst a Gerechtegkeet vun eisem Gott! Well hie féiert all seng Wierder aus, a se sinn aus sengem Mond ervirgaangen, a säi Gesetz muss erfëllt ginn.
18 Mee kuckt, déi Gerecht, déi Helleg vum Hellege vun Israel, déi un den Hellege vun Israel gegleeft hunn, déi d’Kräizer vun der Welt erdroen hunn an hir Schimmt dovunner veruecht hunn, si wäerten d’Kinnekräich vu Gott ierwen, dat fir si vun der Grënnung vun der Welt u virbereet gouf, an hir Freed wäert fir ëmmer voll sinn.
19 O wéi grouss ass d’Baarmhäerzegkeet vun eisem Gott, dem Hellege vun Israel! Well hie befreit seng Helleger vum fuerchtbaren Ongeheier, dem Däiwel, a vum Doud a vun der Hell an deem Séi vu Feier a Schwiefel, deen d’onendlech Qual ass.
20 O wéi grouss ass d’Hellegkeet vun eisem Gott! Well hie weess alles, an et gëtt näischt, wat hien net weess.
21 Hie kënnt an d’Welt, op datt hien all Mënschen rett, wann si op seng Stëmm lauschtere wëllen; well kuckt, hien hëlt d’Leide vun alle Mënschen op sech, jo, d’Leide vun all Kreatur, dat lieft,vun de Männer an de Fraen an de Kanner, déi der Famill vum Adam ugehéieren.
22 An hien erleid dëst, fir datt d’Opersteeung alle Mënschen zougedeelt gëtt, fir datt all am groussen Dag, am Dag vum Geriicht, virun him stoe kënnen.
23 An hie gebitt alle Mënschen, datt si ëmkéieren a sech a sengem Numm deefe loosse mussen, andeems si vollkommene Glawen un den Hellege vun Israel hunn, soss kënnen si net am Räich Gottes errett ginn.
24 Wëllen si awer net ëmkéieren, u säin Numm gleewen a sech a sengem Numm deefe loossen a bis un d’Ënn aushalen, sou mussen si verdammt ginn; well den Härgott, den Hellege vun Israel, huet et gesot.
25 Dofir huet hien ee Gesetz ginn; a wou kee Gesetz ginn ass, do gëtt et keng Strof; a wou et keng Strof gëtt, do gëtt et kee Scholdsproch; a wou et kee Scholdsproch gëtt, do huet d’Baarmhäerzegkeet vum Hellege vun Israel wéinst der Versönung Usproch op d’Mënschen; well duerch seng Muecht sinn si befreit.
26 Well d’Versönung deet de Fuerderunge vu senger Gerechtegkeet duer fir all déijéineg, deenen d’Gesetz net ginn ass, sou datt si vun deem fuerchtbaren Ongeheier, nämlech Doud an Hell, a vum Däiwel a vun dem Séi vu Feier a Schwiefel, nämlech der onendlecher Qual, befreit sinn; a si sinn dem Gott erëm ginn, deen hinnen Otem ginn huet, nämlech dem Hellege vun Israel.
27 Mee Wéi deem, deem d’Gesetz ginn ass, jo, deen esou wéi mir all Geboter Gottes huet an deen se net hält an deen d’Deeg vu senger Probatioun versträiche léisst,well fuerchtbar ass säin Zoustand!
28 O wéi ee schlaue Plang vum Béisen! O Äitelkeet a Schwächt a Geckegkeet vun de Mënschen! Sinn si geléiert, sou denken si, si wäre weis, a lauschteren net op de Rotschlag Gottes; well si loossen hien op der Säit a mengen, si selwer hätte Wëssen; mee hir Weisheet ass Geckegkeet an notzt hinnen näischt. A si wäerten ëmkommen.
29 An awer, et ass gutt, geléiert ze sinn, wann een op d’Rotschléi Gottes lauschtert.
30 Mee Wéi de Räichen, déi räich sinn u weltleche Saachen. Dowéinst, well si räich sinn, veruechten si déi Aarm, a verfollegen déi Duuss, an hiert Häerz hänkt un hire Schätz; an dofir ass hire Schatz hire Gott. A kuckt, hire Schatz wäert mat hinnen ëmkommen.
31 A Wéi den Dafen, déi net héiere wëllen; well si wäerten ëmkommen.
32 Wéi de Blannen, déi net kucke wëllen; well si wäerten och ëmkommen.
33 Wéi den Onbeschniddene vum Häerz, well d’Wëssen iwwer hir Ongerechtegkeete wäert si um leschten Dag schloen.
34 Wéi dem Ligener, well hie wäert an d’Hell erof geworf ginn.
35 Wéi dem Mäerder, dee virsätzlech ëmbréngt; well hie wäert stierwen.
36 Wéi deenen, déi Prostitutioun begoen; well si wäerten an d’Hell erof geworf ginn.
37 Jo, Wéi deenen, déi Gëtzen veréieren; well den Däiwel aller Däiwel freet sech iwwert si.
38 A schlussendlech, Wéi all deenen, déi an hire Sënde stierwen; well si wäerten zu Gott zeréck kommen a säin Ugesiicht gesinn, awer an hire Sënde verbleiwen.
39 O meng léif Bridder, denkt drun, wéi fuerchtbar Iwwertriedunge géint dësen hellege Gott sinn a wéi fuerchtbar et och ass, de Verlockunge vun deem Verschloenen nozeginn. Denkt drun: Fleeschlech gesënnt ze sinn ass Doud, a geeschtlech gesënnt ze sinn ass éiwegt Liewen.
40 O meng léif Bridder, schenkt menge Wierder Gehéier. Denkt un d’Gréisst vum Hellege vun Israel. Sot net, datt ech haart Saachen iwwert iech geschwat hunn; well wann dir dat maacht, wäert dir d’Wourecht veruechten; well ech hunn d’Wierder vun ärem Schëpfer geschwat. Ech weess, d’Wierder vun der Wourecht sinn haart géint all Onrengheet; awer déi Gerecht fäerten se net, well si hunn d’Wourecht gär a loossen sech net schockéieren.
41 Majo, meng léif Bridder, kommt zum Här, zum Hellegen. Denkt drun: Seng Pade si gerecht. Kuckt, de Wee fir de Mënsch ass schmuel, mee e läit riicht virun him, an de Wärter vun der Paart ass den Hellege vun Israel; an hien huet do kee Kniecht; an et gëtt keen anere Wee wéi duerch déi Paart; an hie kann net getäuscht ginn, well Härgott ass säin Numm.
42 An deem, deen uklappt, fir dee mécht hien op; an déi Weis, an déi Geléiert, an déi, déi räich sinn, déi opgeblose si wéinst hirem Léieren, hirer Weisheet an hirem Räichtum—jo, si sinn et, déi hie veruecht; an ausser si werfen dës Saachen ewech, a betruechten sech selwer als Toperte viru Gott, an an d’Déifte vun der Humilitéit erofkommen, mécht hien hinnen net op.
43 Awer d’Saache vun de Weisen an de Verstännege wäerten hinne fir ëmmer verstoppt sinn—jo, dat Gléck, dat fir d’Helleger virbereet ass.
44 O meng léif Bridder, denkt u meng Wierder. Kuckt, ech doe meng Kleeder aus a schëddelen se virun iech; ech bieden zum Gott menger Errettung, hie géif mech mat sengem A betruechten, dat alles duerchdréngt; dofir sollt dir am leschten Dag, wann all Mënschen no hire Wierker geriicht ginn, wëssen: De Gott vun Israel ass Zeien, datt ech är Sënde vu menger Séil geschëddelt hunn an datt ech am Glanz virun him stinn, fräi vun ärem Blutt.
45 O meng léif Bridder, kéiert iech of vun äre Sënden; gehait of d’Kette vun deem, deen iech fest banne wëll; kommt zu deem Gott, deen de Fiels ärer Errettung ass.
46 Bereet är Séilen op deen herrlechen Dag vir, wou Gerechtegkeet de Gerechte widderfuere wäert, jo, den Dag vum Geriicht, fir datt dir net a schrecklecher Angscht zeréck schreckt; fir datt dir net mat vollkommener Erënnerung un är schrecklech Schold denkt a gezwonge sidd auszeruffen: Helleg, helleg sinn är Urteeler, o Här Gott, den Allmächtegen—awer ech kenne meng Schold; ech hunn äert Gesetz iwwertrueden, a meng Iwwertriedunge si meng; an den Däiwel huet mech kritt, sou datt ech sengem fuerchtbare Misär zur Beut gi sinn.
47 Mee kuckt, meng Bridder, ass et rotsam, datt ech iech zu enger fuerchtbaren Erkenntnis vun all deem erwäche soll? Géif ech dann är Séil oprëselen, wann är Gedanke reng wären? Hätt ech da kloer zu iech gesprach, no der Kloerheet vun deem, wat wouer ass, wann dir vu Sënd fräi wäert?
48 Kuckt, wann dir helleg wäert, géif ech zu iech iwwer Hellegkeet schwätzen; well dir awer net helleg sidd a mech awer als Lehrer ugesidd, muss et noutwennegerweis rotsam sinn, datt ech iech iwwert d’Folge vun der Sënd beléieren.
49 Kuckt, meng Séil haasst d’Sënd, a mäin Häerz erfreet sech u Gerechtegkeet; an ech wëll den hellegen Numm vu mengem Gott luewen.
50 Kommt, meng Bridder, all, déi dir duuschtereg sidd, kommt heihinner zum Waasser; och déi dir kee Geld hutt, kommt heihinner, kaaft an iesst! Jo, kaaft ouni Geld a Kafpräis elo Wäin a Mëllech.
51 Dofir gitt net Geld ewech fir dat, wat ouni Wäert ass, nach är Aarbecht fir dat, wat net sat mécht. Lauschtert äifreg op mech, an denkt un déi Wierder, déi ech gesprach hunn; a kommt heihinner zum Hellege vun Israel a freet iech un deem, wat weder futti geet nach verduerwe ka ginn, a loosst är Séil u Fettem sech erfreeën.
52 Kuckt, meng léif Bridder, denkt un d’Wierder vun ärem Gott; biet ouni opzehalen zu him am Dag, a sot sengem hellegen Numm Merci an der Nuecht. Loosst äert Häerz sech freeën.
53 A kuckt, wéi grouss sinn d’Allianze vum Här, a wéi grouss ass seng Erofloossung géigeniwwer de Mënschekanner; an a senger Gréisst a Gnod a Baarmhäerzegkeet huet hien eis verheescht, datt eis Nokommen net ganz vernicht solle ginn nom Fleesch, mee datt hien si beschütze wëll; an a kënftege Generatioune sollen si dem Haus vun Israel eng gerecht Branche ginn.
54 An elo, meng Bridder, ech géif méi mat iech schwätzen; awer muer wäert ech iech de Rescht vu menge Wierder verkënnegen. Amen.