Scriptures
2 Nephi 19


19. Kapitel

De Jesaja schwätzt messianesch—D’Vollek an der Däischtert wäert e grousst Liicht gesinn—Eis ass e Kand gebuer—Hie wäert de Prënz vum Fridde sinn a wäert um Troun vum David regéieren—Vergläicht Jesaja 9. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 Mee dat Däischtert wäert net esou si wéi deemools an hirer Plo, wéi hie fir d’éischt d’Land Zebulon an d’Land Naftali nëmme liicht bedrängt hat a si duerno schlëmmer bedrängt hat um Wee vum Roude Mier, déi aner Säit vum Jordan, am Galiläa vun den Natiounen.

2 D’Vollek, dat an der Däischtert gewandelt huet, huet e grousst Liicht gesinn; déi, déi am Land vum Schiet vum Doud wunnen, iwwert si huet d’Liicht geschéngt.

3 D’Natioun hues du multiplizéiert, grouss gemaach hir Freed; si freeën sech virun dir, gläich der Freed an der Rekolt a wéi Männer sech freeën, wann si d’Beut deelen.

4 Well d’Joch vu senger Charge an de Stack op senger Schëller, d’Rutt vu sengem Bedrécker, déi hues du zerbrach.

5 Well all Kampf vum Zaldot geet mam geckege Kaméidi a bluttgetränkte Kleeder zesummen, dësen awer wäert mat Brand a Feierfriess zesumme goen.

6 Well eis ass ee Kand gebueren, ee Jong ass eis ginn; an op senger Schëller wäert d’Herrschaft sinn; säin Numm gëtt geruff: Wonnerbar, Conseiller, Mächtege Gott, Éiwege Papp, Prënz vum Fridden.

7 Der Vergréisserung vun der Herrschaft an dem Fridden ass keen Enn gesat, um Troun vum David an a sengem Kinnekräich, fir et ze uerdnen an et mat Urteel a mat Gerechtegkeet vun elo u bis fir ëmmer ze etabléieren. Den Äifer vum Här vun den Arméie wäert dës vollbréngen.

8 Den Här huet säi Wuert geschéckt zu Jakob, an et ass op Israel niddergefall.

9 An d’ganzt Vollek soll et gewuer ginn, jo, Efraim an d’Bewunner vu Samaria, déi mat Héichmutt an och an hirem Häerzensstolz spriechen:

10 D’Zille sinn agestierzt, mee mat behaene Steng baue mir op; d’Maulbierbeem sinn ofgehae ginn, mee mir wëllen Zederen an d’Plaz setzen.

11 Dofir stellt den Här d’Géigner vum Rezin géint hien op a bréngt seng Feinden zesummen;

12 d’Syrer vu vir an d’Philister vun hannen, a si wäerten Israel friesse mat oppenem Maul. Trotz all deem huet sech seng Roserei net ofgewennt, mee seng Hand ass nach ëmmer ausgestreckt.

13 Well d’Vollek wennt sech net zu deem, deen et schléit, a sicht och net den Här vun den Arméien.

14 Dofir wäert den Här vun Israel Kapp a Schwanz, Aascht a Biesem an engem Dag ofschneiden.

15 Den Alen, hien ass de Kapp, an de Prophet, dee Lige priedegt, hien ass de Schwanz.

16 Well déi dëst Vollek leeden, féieren et an den Iertum, an déi sech vun hinne leede loossen, wäerte vernicht ginn.

17 Dofir wäert den Här sech net iwwer hir jonk Männer freeën, an sech net hire Pappen a Wittfraen erbaarmen; well jidderee vun hinnen ass en Heuchler an e Béisen, an all Mond schwätzt Dommheet. Trotz all deem huet sech seng Roserei net ofgewennt, mee seng Hand ass nach ëmmer ausgestreckt.

18 Well Béist brennt ewéi Feier; et verziert d’Stachelgestrëpp an d’Picken an entzünt och d’Hecke vum Bësch, a wéi eng Dampspiral wierbelt et héich.

19 Vun der Roserei vum Här vun den Arméien ass d’Land verdäischtert an d’Vollek ass wéi eng Feierfriess ginn; kee schount méi säi Brudder.

20 Et schléngt een zur Rietsen an hongert, an et friesst een zur Lénken a gëtt net sat; si friesse jiddereen d’Fleesch vu sengem eegenen Aarm—

21 Manasse, Efraim; an Efraim, Manasse; zesumme sollen si géint Juda sinn. Trotz all deem huet sech seng Roserei net ofgewennt, mee seng Hand ass nach ëmmer ausgestreckt.