Scriptures
2 Nephi 13


13. Kapitel

Juda a Jerusalem gi wéinst hirem Ongehorsam bestrooft—Den Här plädéiert fir Säi Vollek a riicht et—D’Duechtere vun Zion gi verflucht a gequäält wéinst hirer weltlecher Natur—Vergläicht Jesaja 3. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 Well kuckt, den Här, den Här vun den Arméien, wäert vu Jerusalem a vu Juda d’Stëtz an de Staf, de ganze Staf u Brout an déi ganz Stëtz u Waasser ewechhuelen—

2 de mächtege Mann, an de Krichsmann, de Riichter, an de Prophet, an de Klugen, an den Alen;

3 de Kapitän iwwer fofzeg an den Honorabelen, de Conseiller an de geschéckten Handwierker an den eloquente Riedner.

4 An ech wäert hinne Kanner zu Prënze ginn, a kleng Kanner wäerten iwwert si herrschen.

5 An dat Vollek wäert bedréckt ginn, jiddereen duerch den aneren a jiddereen duerch säin Noper; erhiewe wäert sich de klenge Jong géint den Alen an de Klengste géint de Meeschter.

6 Wann e Mann säi Brudder aus dem Haus vu sengem Papp hëlt a seet: Du hues Kleeder, sief eisen Herrscher, a looss dësen Ënnergang net ënner deng Hand kommen—

7 Un deem Dag soll hie schwieren a soen: Ech wëll keen Heeler sinn; well a mengem Haus gëtt et weder Brout nach Kleeder; maach mech net zu engem Herrscher vum Vollek.

8 Well Jerusalem ass gestierzt a Juda ass gefall, well hir Zong an hiert Maache géint den Här ass, senger Herrlechkeet an d’A ze trotzen.

9 Den Ausdrock vun hirem Gesiicht weist géint si a verkënnegt hir Sënd als déi vu Sodom, a si kënnen se net verstoppen. Wéi hirer Séil, well si hunn sech selwer béis belount!

10 Sot de Gerechten, datt et gutt ëm si steet; well genéisse wäerten si d’Fruuchten vun hirem Maachen.

11 Wéi de Béisen; well si wäerten ëmkommen, an de Loun fir dat, wat hir Hänn gemaach hunn, wäert iwwert si kommen!

12 A mäi Vollek, Kanner sinn hir Ënnerdrécker, a Frae regéieren iwwert si. O mäi Vollek; Déi dech lenken, bewierken, dat s du falsch gees, an zerstéieren de Wee vun denge Paden.

13 Den Här stellt sech hin, fir sech fir si anzesetzen; hie steet do, fir dat Vollek ze riichten.

14 Sou geet den Här da mat den Alen a mat de Prënze vu sengem Vollek an d’Geriicht; well zerstéiert hutt dir de Wéngert an dat, wat dir den Aarme geklaut hutt, an hiren Haiser.

15 Wat mengt dir dann? Dir schlot mäi Vollek a Stécker an zerschlot den Aarmen d’Gesiicht, seet den Härgott vun den Arméien.

16 Ausserdeem seet den Här: Well d’Duechtere vun Zion stolz sinn a mat ausgestrecktem Hals a verféierendem Bléck trëppelen, a knackeg ronderëm trëppelen, a mat engem Klirre vun hire Féiss—

17 Dofir wäert den Här d’Kroun um Kapp vun den Duechtere vun Zion mat enger Krankheet schloen, an den Här wäert hir intim Deeler bloussstellen.

18 Ewech huele wäert den Här un deem Dag dat Bretze mat Schmock, d’Stiergeflechter an de Kappbotz, deen esou ausgesäit wéi de Mound,

19 d’Collieren an d’Aarmspangen an d’Halsdicher,

20 déi prachtvoll Hauwen, d’Schrëttketten an d’Kappbänner, d’Amuletter an d’Ouerréng,

21 d’Réng an d’Nuesräifer,

22 d’Festkleeder, d’Mäntel, d’Broschtdichelcher an d’Kräuselgestecker,

23 d’Spigelen an dat feint Leinen, d’Hauwen an d’Schleieren.

24 An et wäert sech erginn: Am Plaz Wuelgeroch wäert Gestank sinn an ee Stréck amplaz ee Rimm, amplaz Locken eng Glatz an amplaz vun engem deiere Mantel ee Sak, Brandmal amplaz Schéinheet.

25 Deng Männer wäerten duerch d’Schwäert falen an deng Mächteg am Krich.

26 Hir Paarte kloen an traueren; verloosse wäerten si sinn a sech niddersetzen op de Buedem.