Scriptures
2 Nephi 28


28. Kapitel

Vill falsch Kierchen ginn an de leschten Deeg opgebaut—Si wäerte falsch, eidel an domm Doktrinnen enseignéieren—Et wäert vill Apostasie gi wéinst falschen Enseignanten—Den Däiwel wäert an den Häerzer vun de Mënsche sinn—Hie wäert all méiglech falsch Doktrinnen enseignéieren. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 An elo kuckt, meng Bridder, ech hunn zu iech gesprach, wéi de Geescht mech gedrängt huet: dofir weess ech, datt dës gewëss geschéie wäert.

2 Wat aus dem Buch ofgeschriwwe wäert ginn, dat wäert fir d’Mënschekanner vu groussem Wäert sinn, besonnesch fir eis Nokommen, déi een Iwwerrescht vum Haus vun Israel sinn.

3 Well et wäert sech erginn: Un deem Dag wäerte Kierchen opgeriicht ginn, mee net dem Här, an eng wäert zur anerer soen: Kuckt, ech, ech sinn dem Här; an déi aner wäerte soen: Ech, ech sinn dem Här; an esou wäert jidderee spriechen, dee Kierchen opgeriicht huet, mee net dem Här—

4 a si wäerte matenee streiden; an hir Priister wäerte matenee streiden; a si wäerte mat deem, wat si geléiert hunn, priedegen an den Hellege Geescht leegnen, deen agëtt fir ze schwätzen.

5 A si leegnen d’Muecht Gottes, vum Hellege vun Israel; a si spriechen zum Vollek: Lauschtert op eis an héiert eis Uweisung; well kuckt, haut gëtt et kee Gott méi; well den Här an Erléiser huet säi Wierk gemaach, a seng Muecht huet hien un d’Mënsche ginn.

6 Kuckt, lauschtert op mäi Gebot; wann si soen, datt e Wonner vun der Hand vum Här bewierkt ginn ass, gleeft et net; well haut ass hie kee Gott vu Wonner; hien huet säi Wierk gemaach.

7 Jo, an et wäert där vill ginn, déi spriechen: Iess an drénk a sief lëschteg, well muer stierwe mir, an et soll eis wuel sinn.

8 An et wäerten der och vill sinn, déi soen: Iesst, drénkt a sidd frou; trotzdeem, fäert Gott—hie wäert et rechtfäerdegen, wann een eng kleng Sënd begeet; jo, léi e bëssen, notz een aus wéinst senge Wierder, gruef e Lach fir däin Noper; et ass näischt Schlëmmes dobäi; a maach all dës Saachen, well muer stierwe mir; a wa mir schëlleg sinn, wäert Gott eis mat e puer Schléi schloen, a schliisslech gi mir awer am Räich vu Gott gerett.

9 Jo, an et wäert där vill ginn, déi op dës Weis falsch an onnëtz an topesch Doktrinne priedegen; a si wäerten sech am Häerzen opblosen a mat hire Pläng wëllen si sech virum Här déif verstoppen, a mat hire Wierker wäerten si am Däischtere bleiwen.

10 An d’Blutt vun den Hellege wäert vum Äerdbuedem hir géint si jäizen.

11 Jo, si sinn all vum Wee ofgaangen, si si verduerwe ginn.

12 Wéinst Stolz, a wéinst falschen Enseignanten, a falscher Doktrinn, sinn hir Kierche korrupt ginn, an hir Kierchen sinn opgehuewen; wéinst Stolz sinn se opgeblosen.

13 Ëm hir schéi Sanctuaire wëlle beklauen si déi Aarm; ëm hir schéi Kleeder wëlle beklauen si déi Aarm; a si verfollegen déi Duuss an déi, déi am Häerzen aarm sinn; well an hirem Stolz sinn si opgeblosen.

14 Si droe steif Häls an halen d’Käpp héich; jo, a wéinst Stolz, a Béist, an Abscheilechkeeten an d’Houeren, sinn si all verschwonnen, ausser e puer, déi bescheiden Unhänger vum Christus sinn; trotzdeem ginn si dozou bruecht, datt si a ville Fäll falsch leien, well si vun de Geboter vu Mënsche geléiert gi sinn.

15 O déi Weis an déi Geléiert an déi Räich, déi sech am Stolz vun hirem Häerzen opblosen, an all, déi do falsch Doktrinne priedegen a Prostitutioun dreiwen an de riichte Wee vum Här pervertéieren, Wéi, Wéi, Wéi hinnen, sprécht den Här Gott, den Allmächtegen, well si wäerten zur Hell erofgehäit ginn!

16 Wéi deenen, déi de Gerechten ëm een Näischt ewechdrécken a géint dat Gutt lästeren a soen, et hätt kee Wäert! Well den Dag wäert kommen, wou den Här Gott d’Bewunner vun der Äerd schnell heemsicht; an un deem Dag, wou si ganz räif sinn an Ongerechtegkeeteen, wäerten si ëmkommen.

17 Mee kuckt, wann d’Bewunner vun der Äerd vun hirer Béist an hiren Abscheilechkeeten ëmkéieren, sollen si net zerschloe ginn, seet den Här vun den Arméien.

18 Mee kuckt, déi grouss an abscheilech Kierch, d’Houer vun der ganzer Äerd, muss zu Buedem falen, a grouss muss hire Ofstuerz sinn.

19 Well d’Kinnekräich vum Däiwel muss zidderen, an déi, déi dozou gehéieren, mussen onbedéngt zur Ëmkéiert erwächt ginn, soss gräift den Däiwel si mat sengen éiwege Ketten, an si ginn zur Roserei erwächt a stierwen;

20 Well kuckt, un deem Dag wäert hien am Häerze vun de Mënschekanner sinn an si zur Roserei opstëppele géint dat, wat gutt ass.

21 An anerer wäert hie berouegen an si a fleeschlecher Sécherheet weien, sou datt si soen: Alles ass gutt zu Zion; jo, Zion huet Erfolleg, alles ass gutt—an esou täuscht den Däiwel hir Séilen a féiert si virsiichteg an d’Hell erof.

22 A kuckt, anerer schmeechelt hien heuchleresch a seet hinnen, datt et keng Hell gëtt; an hie seet zu hinnen: Ech si keen Däiwel, well et kee gëtt—an esou flüstert hien hinnen an d’Oueren, bis hien si mat senge schreckleche Kette gräift, vu wou et keng Befreiung gëtt.

23 Jo, vun Doud ginn si gefaasst a vun der Hell; an den Doud an d’Hell an den Däiwel an all, déi dovunner gefaasst gi sinn, musse virum Troun Gottes stoen an no hire Wierker veruerteelt ginn, a vun do aus mussen si un deen Uert goen, dee fir si prett gemaach ass, jo, ee Séi vu Feier a Schwiefel, nämlech onendlech Qual.

24 Dofir Wéi deem, deen et sech an Zion wuel goe léisst!

25 Wéi deem, dee rifft: Alles ass wuel!

26 Jo, Wéi deem, deen op d’Weisunge vun de Mënschen héiert, mee d’Muecht Gottes an d’Gab vum Hellege Geescht leegent!

27 Jo, Wéi deem, dee seet: Mir hunn empfaangen, a mir brauchen net nach méi!

28 A schliisslech, Wéi all deenen, déi zidderen a rose si wéinst der Wourecht Gottes! Well kuckt, deen, dee säi Fundament op de Fiels gesat huet, hëlt et mat Freed un; an deen, dee säi Fundament op de Sand gesat huet, ziddert aus Angscht, hie kéint falen.

29 Wéi deem, dee soe wäert: Mir hunn d’Wuert Gottes empfaangen, a mir brauche vum Wuert Gottes net nach méi, mir hu genuch!

30 Well kuckt, sou seet den Här Gott: Ech ginn de Mënschekanner Zeil op Zeil, Gebot op Gebot, hei e bëssen an do e bëssen; a geséint sinn déi, déi op meng Geboter lauschteren a mengem Rotschlag en Ouer léinen, well si wäerte Weisheet léieren; well deem, deen empfänkt, ginn ech méi; an deenen, déi soen: Mir hu genuch, vun hinne wäert och dat ewechgeholl ginn, wat si hunn.

31 Verflucht ass, wien säi Vertrauen a Mënsche setzt oder Fleesch zu sengem Aarm mécht oder op d’Geboter vun de Mënsche lauschtert, ausser hir Geboter wären duerch d’Muecht vum Hellege Geescht aginn.

32 Wéi den Aneren, sprécht den Här Gott vun den Arméien! Wann ech hinnen och mäin Aarm vun Dag zu Dag hi strecken, sou leegnen si mech dach; mee awer wëll ech zu hinne baarmhäerzeg sinn, sprécht den Här Gott, wann si ëmkéieren a bei mech kommen; well mäin Aarm ass de ganzen Dag laang ausgestreckt, seet den Här Gott vun den Arméien.