Scriptures
2 Nephi 14


14. Kapitel

Zion an hir Duechtere ginn um dausendjäregen Dag erléist a gerengegt—Vergläicht Jesaja 4. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 A siwe Fraen halen un deem Dag ee Mann fest a soen: Eist eegent Brout wëlle mir iessen, a mat eisen eege Gewänner eis kleeden; nëmme looss eis däin Numm féieren, fir datt eis Schmaach vun eis geholl gëtt.

2 Un deem Dag wäert d’Branche vum Här schéin an herrlech sinn, d’Fruucht vum Land excellent an angenehm fir d’Flüchtlinge vun Israel.

3 An et wäert sech erginn, datt déi, déi zu Zion iwwreg bleiwen an zu Jerusalem bliwwe sinn, helleg genannt ginn, jiddereen, deen zu Jerusalem ënnert de Liewege geschriwwe steet—

4 wann den Här réischt ewech gewäsch huet den Dreck vun den Duechtere vun Zion an ewech gespullt d’Blutt vu Jerusalem aus hirer Mëtt duerch de Geescht vum Strofgeriicht an de Geescht vum Brennen.

5 An den Här wäert iwwer all Wunneng vum Bierg Zion an iwwert senge Versammlungen eng Wollek an Damp am Dag an een helle Feierschäin an der Nuecht schafen; well iwwer all Herrlechkeet vun Zion wäert eng Verdeedegung sinn.

6 An et soll en Tabernakel sinn als Schiet am Dag virun der Hëtzt, an als Schutz-Plaz an als Verstoppt virum Stuerm a virum Reen.