5. Kapitel
D’Nephiten trennen sech vun de Lamaniten, halen d’Gesetz vum Moses a bauen en Tempel—Wéinst hirem Onglawe ginn d’Lamaniten aus der Géigewaart vum Här ausgeschloss, verflucht a ginn zu enger Plo fir d’Nephiten. Ongeféier 588–559 v. Chr.
1 Kuckt, et huet sech erginn: Wéinst der Roserei vu menge Bridder hunn ech, Nephi, vill zu mengem Här, zu mengem Gott, gejaut.
2 Mee kuckt, hir Roserei géint mech huet esou vill zougeholl, datt si mir nom Liewe getruecht hunn.
3 Jo, si hu géint mech gegrommelt, nämlech: Eise méi jonke Brudder gedenkt iwwert eis ze herrschen, a wéinst him si mir vill geplot gewiescht; dofir loosst eis hien ëmbréngen, fir datt mir, wéinst senge Wierder, net nach méi bedrängt ginn. Well kuckt, mir wëllen hien net als eisen Herrscher hunn; well eis, déi mir seng eeler Bridder sinn, steet et zou, iwwert dëst Vollek ze herrschen.
4 Ech schreiwe lo op dës Placken net all déi Wierder, déi si géint mech gemeckert hunn. Et geet duer, wann ech soen, datt si mir nom Liewe getruecht hunn.
5 An et huet sech erginn, datt den Här mech gewarnt huet, datt ech, den Nephi, vun hinne fortgoen an an d’Wüüst flüchte sollt, mat all deenen, déi mat mir goe wéilten.
6 Dofir huet sech erginn: Ech, Nephi, hu meng Famill souwéi den Zoram mat senger Famill an de Sam, mäin eelere Brudder, mat senger Famill an de Jakob an de Joseph, meng méi jonk Bridder, an och meng Schwësteren an all déi aner matgeholl, déi mat mir komme wollten. An déi matkomme wollten, dat waren déijéineg, déi un d’Warnungen an Offenbarunge Gottes gegleeft hunn; dofir hunn si op meng Wierder gelauschtert.
7 A mir hunn eis Zelter an alles, wat méiglech war, matgeholl a si vill Deeg laang an d’Wüüst gezunn. Nodeems mir vill Deeg laang dohi gezu waren, hu mir eis Zelter opgebaut.
8 A mäi Vollek huet gewollt, datt mir deem Uert den Numm Nephi gi sollten; dofir hu mir en Nephi genannt.
9 An all, déi mat mir waren, hunn ugefaang, sech selwer als d’Vollek vum Nephi ze bezeechnen.
10 A mir waren dorobber beduecht, d’Riichterspréch an d’Statuten an d’Geboter vum Här an allem ze befollegen, nom Gesetz vum Moses.
11 An den Här war mat eis; an et ass eis iwwer d’Moosse wuel ergaangen; well mir hu Som gesat an hunn duerno räichlech recoltéiert. A mir hunn ugefaangen, Schof a Källwer an Déieren vun all Aart opzezéien.
12 An ech, den Nephi, hat och d’Opzeechnunge matbruecht, déi op de Placken aus Messeng agravéiert waren; an och d’Kugel oder de Kompass, dee fir mäi Papp vun der Hand vum Här prett gemaach gi war, no deem, wat geschriwwe steet.
13 An et huet sech erginn: Et ass eis iwwer d’Moose wuel ergaangen, a mir hunn ugefaang, eis am Land ze multiplizéieren.
14 An ech, Nephi, hunn d’Schwäert vum Laban geholl an hunn no sengem Muster vill Schwäerter virgefäerdegt, fir dat net dat Vollek, dat elo als Lamanite bezeechent gëtt, op iergend eng Weis iwwert eis kéim an eis vernichte géif; well ech hunn hiren Haass kannt géint mech a meng Kanner an déijéineg, déi mäi Vollek genannt goufen.
15 An ech hu mengem Vollek geléiert, Gebaier opzeriichten an allerlee Holzer ze beaarbechten, an och Eisen a Koffer a Messeng a Gold a Sëlwer a kostbart Äerz, déi all räichlech ze fanne waren.
16 An ech, Nephi, hunn een Tempel gebaut; an ech hunn en opgeriicht ganz nom Muster vum Tempel vum Salomo, ausser datt en net aus sou ville Kostbarkeete gebaut war; well dës waren an deem Land net ze fannen, an dofir konnt en net esou ausgefouert gi wéi den Tempel vum Salomo. Mee der Bauweis no war d’Gebai dem Tempel vum Salomo gläich, an d’Aarbecht war immens genau.
17 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, hu mäi Vollek ugehal, fläisseg ze sinn a mat den Hänn ze schaffen.
18 An et huet sech erginn: Si wollten, datt ech hire Kinnek wier. Mee ech, Nephi, hu mir gewënscht, datt si kee Kinnek hätten; trotzdem hunn ech fir si gemaach, wat a menger Muecht stoung.
19 A kuckt, et hunn sech d’Wierder vum Här u meng Bridder erfëllt, déi hien iwwert si gesprach hat, nämlech datt ech hiren Herrscher a Lehrer sollt sinn. Dofir war ech nom Gebot vum Här hiren Herrscher a Lehrer gewiescht bis zu där Zäit, wou se mir nom Liewe getruecht hunn.
20 Dofir huet sech d’Wuert vum Här erfëllt, dat hien zu mir gesprach hat, nämlech: Wann si net op deng Wierder lauschteren, wäerten si aus der Géigewaart vum Här ausgeschloss ginn. A kuckt, si sinn aus senger Géigewaart ausgeschloss ginn.
21 An hien hat e Fluch iwwer si komme gelooss, jo, souguer e schwéiere Fluch, wéinst hirer Ongerechtegkeet. Well kuckt, si haten hir Häerzer géint hie verhäert, sou datt si wéi e Feierstee gi waren; dofir, well si wäiss a ganz schéin an angeneem waren, huet den Här Gott, fir datt si fir mäi Vollek keen Ureiz méi hätten, eng schwaarz Haut op si komme gelooss.
22 An sou seet den Härgott: Ech wëll si elle maache fir däi Vollek, wann si net vun hire Sënden ëmkéieren.
23 A verflucht sollen d’Nokomme vun deem sinn, deen sech mat hiren Nokomme vermëscht, well si solle mat deem selwechte Fluch verflucht sinn. An den Här huet et gesprach, an esou ass et geschitt.
24 A wéinst deem Fluch, deen op hinne loung, goufen si ee lidderegt Vollek, béis an hannerlëschteg; a si hunn an der Wüüst no wëll Déiere Juegt gemaach.
25 An den Härgott huet zu mir gesprach: Si sollen déngen Nokommen eng Gäissel sinn, fir an hinnen d’Erënnerung u mech unzestëppelen, a wann si sech menger net erënneren an op meng Wierder net lauschtere wëllen, da sollen si se gäisselen, jo, bis zur Vernichtung.
26 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, hunn de Jakob an de Joseph konsekréiert, fir datt si am Land vu mengem Vollek Priister a Lehrer sinn.
27 An et huet sech erginn: Mir hunn op dës Weis glécklech gelieft.
28 An drësseg Joer ware vergaangen, zënter mir Jerusalem verlooss haten.
29 An ech, Nephi, hat op menge Placken, déi ech gemaach hat, d’Opzeechnungen iwwert mäi Vollek sou wäit gefouert.
30 An et huet sech erginn: Den Härgott huet zu mir gesprach: Maach aner Placken; an du solls op déi Villes gravéieren, wat a mengen Ae gutt ass, fir datt däi Vollek een Notzen dovunner sollt hunn.
31 Fir dem Gebot vum Här ze follegen, sinn ech, Nephi, dofir higaangen an hunn dës Placke gemaach, wouropper ech dëst hei agravéiert hunn.
32 An ech hunn dat gravéiert, wat Gott gefält. A wann hinnen, mengem Vollek, dat gefält, wat vu Gott ass, sou wäert hinnen och dat gefalen, wat ech op dës Placken agravéiert hunn.
33 A wa mäi Vollek de Wonsch huet, dee méi ausféierlechen Deel vun der Geschicht vu mengem Vollek kennenzeléiren, da muss et a mengen anere Placke fuerschen.
34 Mir geet et duer ze soen, datt véierzeg Joer vergaange waren, a schonn hate mir mat eise Bridder Kricher a Streidereie kritt.