33. Kapitel
D’Wierder vum Nephi si wouer—Se temoignéiere vu Christus—Déi, déi un de Christus gleewen, wäerten de Wierder vum Nephi gleewen, déi als Zeie viru Geriicht stinn. Ongeféier 559–545 v. Chr.
1 Elo awer kann ech, Nephi, net alles nidderschreiwen, wat ënnert mengem Vollek geléiert ginn ass; ech sinn och net sou mächteg am Schreiwen, wéi ech et am Sprieche sinn; well wann een duerch d’Muecht vum Hellege Geescht sprécht, sou dréit d’Muecht vum Hellege Geescht et de Mënschekanner an d’Häerz.
2 Mee kuckt, et ginn där vill, déi d’Häerz géint den Hellege Geescht verhäerten, sou datt hie keng Plaz an hinnen huet; dofir geheien si villes ewech, wat geschriwwen ass, an uechten et fir näischt.
3 Mee ech, Nephi, hu geschriwwen, wat ech geschriwwen hunn, an ech respektéieren et als vu groussem Wäert, besonnesch fir mäi Vollek. Well ech biede bestänneg fir si bei Dag, a wéinst hinne benetze meng Ae mäi Kësse bei Nuecht; an ech ruffe mäi Gott a festem Glawen un, an ech weess, hie wäert mäi Ruffen héieren.
4 An ech weess, den Här Gott wäert meng Gebieder konsekrėieren, datt se mengem Vollek zum Notze sinn. An déi Wierder, déi ech a menger Schwächt geschriwwen hunn, wäert hie fir si staark maachen; well dat beweegt si dozou, datt si Guddes maachen; et bréngt hinne Wësse vun hire Pappen; an et sprécht vu Jesus an iwwerzeegt si, un hien ze gleewen a bis un d’Enn auszehalen, an dat ass éiwegt Liewen.
5 An et sprécht sech schaarf géint d’Sënd aus, no der Kloerheet vun deem, wat wouer ass; dofir wäert kee wéinst der Wierder rose ginn, déi ech geschriwwen hunn, ausser et wier vum Geescht vum Däiwel.
6 Ech verherrleche mech an Einfachheet; ech verherrleche mech an der Wourecht; ech verherrleche mech a mengem Jesus, well hie meng Séil aus der Hell erléist huet.
7 Ech hunn Nächsteléift fir mäi Vollek, an ech hunn de staarke Glawen u Christus, nämlech datt ech vill Séilen ouni Flecken u sengem Riichterstull treffe wäert.
8 Ech hunn Nächsteléift fir d’Judden—ech soe Judden, well ech mengen déi, vu wou ech hierkommen.
9 Ech hunn och Nächsteléift fir déi Aner. Mee kuckt, fir keen dovunner kann ech Hoffnung hunn, ausser si verdroen sech mat Christus an trieden duerch déi schmuel Paart an a wandelen op deem enke Pad, deen zum Liewe féiert, a bleiwen op deem Pad bis un d’Enn vun den Deeg vun der Probatioun.
10 An elo, meng léif Bridder an och Judden an all dir Enne vun der Äerd: Lauschtert op dës Wierder a gleeft u Christus; a wann dir schonn net dëse Wierder gleeft, sou gleeft awer u Christus. A wann dir u Christus gleeft, sou wäert dir un dës Wierder gleewen, well et sinn d’Wierder vum Christus, an hien huet se mir ginn; a se enséignéieren all Mënschen, dat Gutt ze maachen.
11 A wann et net d’Wierder vum Christus sinn, dann urteelt selwer—well de Christus wäert iech mat Muecht a grousser Herrlechkeet um leschten Dag weisen, datt et seng Wierder sinn; an dir an ech wäerte Gesiicht zu Gesiicht viru sengem Geriicht stoen; an dir wäert wëssen, datt hie mir gebueden huet, dës Saachen ze schreiwen, trotz menger Schwächt.
12 An ech bieden zum Papp am Numm vum Christus, datt där vill vun eis, wann net all, un deem groussen a leschten Dag a sengem Räich erléist géife sinn.
13 An elo, meng léif Bridder, dir all, déi dir vum Haus vun Israel sidd, an all dir Enne vun der Äerd, ech schwätzen zu iech wéi d’Stëmm vun engem, deen aus dem Stëbs rifft: Lieft wuel, bis de groussen Dag kënnt.
14 An dir, déi net vun der Guttheet vu Gott wëllt Deel hunn, an déi net d’Wierder vun de Judde respektéiert, an och net meng Wierder an déi Wierder, déi aus dem Mond vum Lämmche vu Gott erauskomme wäerten, kuckt, ech bidden iech éiwegen Abschid; well dës Wierder wäerten iech um leschten Dag verurteelen.
15 Well wat ech op der Äerd versigelen, gëtt viru Geriicht géint iech bruecht; well sou huet mir den Här gebueden, an ech muss follegen. Amen.