Scriptures
2 Nephi 31


31. Kapitel

Den Nephi erzielt, firwat de Christus gedeeft gouf—D’Mënsche mussen dem Christus nogoen, gedeeft ginn, den Hellege Geescht kréien a bis zum Enn duerchhalen, fir gerett ze ginn—Ëmkéiert an Daf sinn d’Paart zum enken a schmuele Wee—Éiwegt Liewe kënnt zu deenen, déi d’Geboter no der Daf halen. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 An elo kommen ech, Nephi, mat mengem Prophezeie fir iech, meng léif Bridder, op en Enn. An ech kann nëmmen nach e bëssen nidderschreiwen, wouvunner ech gewëss weess, datt et geschéie wäert; ech kann och nëmmen e wéineg vun de Wierder vu mengem Brudder Jakob nidderschreiwen.

2 Dofir sinn déi Saachen, déi ech geschriwwen hunn, genuch fir mech, ausser e puer Wierder, déi ech iwwer d’Doktrinn vum Christus muss soen; dofir wäert ech kloer zu iech schwätzen, no der Kloerheet vu menger Prophezeiung.

3 Well meng Séil erfreet sech un der Kloerheet; well op dës Weis wierkt den Här Gott ënnert de Mënschekanner. Well den Här Gott gëtt de Verstännege Luucht; well hie sprécht zu de Mënschen an hirer Sprooch, no hirem Verständnis.

4 Dofir hätt ech gär, datt dir dorunner denkt, datt ech zu iech vum Prophet gesprach hunn, deen den Här mir gewisen huet an deen d’Lämmche Gottes deefe wäert, dat d’Sënde vun der Welt ewech huele wäert.

5 An elo, wann d’Lämmche Gottes, dat dach helleg ass, et néideg huet, am Waasser gedeeft ze ginn, fir all Gerechtegkeet ze erfëllen, ëm wéi vill méi hunn da mir, déi mir onhelleg sinn, et néideg, eis deefen ze loossen, jo, am Waasser!

6 An elo géif ech iech froen, meng léif Bridder, wouduerch d’Lämmche Gottes all Gerechtegkeet erfëllt huet, andeems hie mam Waasser gedeeft gouf?

7 Wësst dir net, datt hien helleg ass? Mee ofgesinn dovunner, datt hien helleg ass, weist hien awer de Mënschekanner, datt hien sech nom Fleesch virum Papp demütegt an dem Papp temoignéiert, dat hien him am Hale vu senge Geboter follege wëll.

8 Dofir koum, wéi hie mat Waasser gedeeft war, den Hellege Geescht a Gestalt vun enger Dauf op hien erof.

9 Weider weist dëst de Mënschekanner, datt de Pad enk ass an d’Paart schmuel ass, duerch dat si antriede sollen, nodeems hien hinnen d’Beispill ginn huet.

10 An hien huet zu de Mënschekanner gesot: Kommt mir no. Kënne mir da Jesus nofollegen, meng léif Bridder, wann mir net wëllens sinn, d’Geboter vum Papp ze halen?

11 An de Papp huet gesot: Kéiert ëm, kéiert ëm, a loosst iech am Numm vu mengem Jong, deen ech gär hunn, deefen.

12 An och d’Stëmm vum Jong ass u mech ergaangen, nämlech: Wien sech a mengem Numm deefe léisst, deem wäert de Papp den Hellege Geescht gi genausou ewéi mir; dofir kommt mir no a maacht dat, wat dir mech hutt maache gesinn.

13 Dofir, meng léif Bridder, weess ech, datt wann dir dem Jong mat ganzem Häerzen nogitt, ouni Heuchlerei an ouni Bedruch viru Gott handelt, mee mat wierklechem Virsaz, vun äre Sënden ëmkéiert an dem Papp temoignéiert, datt dir bereet sidd, den Numm vum Christus duerch d’Daf op iech ze huelen—jo, andeems dir ärem Här an ärem Retter an d’Waasser nofollegt, no sengem Wuert, da kritt dir den Hellege Geescht; jo, da kënnt d’Daf vum Feier a vum Hellege Geescht; an da kënnt dir mat der Zong vun Engele schwätzen a Luef fir den Hellege vun Israel ruffen.

14 Mee kuckt, meng léif Bridder, sou ass d’Stëmm vum Jong u mech gaangen, nämlech: Wann dir vun äre Sënden ëmgekéiert sidd an dem Papp temoignéiert hutt, datt dir wëllens sidd, meng Geboter ze halen, an zwar duerch d’Daf mat Waasser, a wann dir d’Daf vum Feier a vum Hellege Geescht empfaangen hutt, a mat neier Zong schwätze kënnt, jo, mat Engelszong, mech dann awer verleegent, da wär et besser fir iech, dir hätt mech net kannt.

15 An ech hunn eng Stëmm vum Papp héieren, nämlech: Jo, d’Wierder vu deem, deen ech gär hunn, si wouer an trei. Wien bis un d’Enn aushält, dee wäert gerett ginn.

16 An elo, meng léif Bridder, ech weess doraus, datt wann ee Mënsch net bis zum Enn aushält, andeems hien dem Beispill vum Jong vum liewege Gott nofollegt, hien net gerett ka ginn.

17 Dofir, maacht déi Saachen, déi ech iech gesot hunn, déi ech gesinn hunn, datt ären Här an ären Erléiser maache sollt; well aus dësem Grond goufen se mir gewisen, datt dir d’Paart erkennt, duerch dat dir era sollt. Well d’Paart, duerch dat dir era sollt, ass d’Ëmkéiert an d’Daf duerch Waasser; an da kënnt d’Verzeiung vun äre Sënden duerch Feier an duerch den Hellege Geescht.

18 An da sidd dir op dësem enken a schmuele Pad, deen zum éiwege Liewe féiert; jo, dir sidd duerch d’Paart agetrueden; dir hutt nom Gebot vum Papp a vum Jong gehandelt; an dir hutt den Hellege Geescht empfaangen, deen Temoignage gëtt vum Papp a vum Jong an der Erfëllung vum Verspriechen, dat hie ginn huet, nämlech: Wann dir op deem Wee antried, wäert dir empfänken.

19 An elo, meng léif Bridder, wann dir op dësen enken a schmuele Pad komm sidd, wëll ech froen: Ass alles gemaach? Kuckt, ech soen iech: Nee; well dir wäert net sou wäit komm, ausser et war duerch d’Wuert vum Christus mat festem Glawen un hien, andeems dir iech ganz op d’Verdéngschter vun deem verloosst hutt, dee mächteg ass ze retten.

20 Dofir musst dir mat Standhaftegkeet a Christus virugoen, eng perfekt Hellegkeet vun der Hoffnung an eng Léift zu Gott an zu alle Mënschen hunn. Dofir, wann dir iech um Wuert vum Christus erniert a bis zum Enn aushaalt, da kuckt, sou seet de Papp: Dir wäert éiwegt Liewen hunn.

21 An elo kuckt, meng léif Bridder, dëst ass de Wee; an et gëtt keen anere Wee nach Numm ënnert dem Himmel, wouduerch de Mënsch am Räich Gottes erléist ka ginn. An elo kuckt, dëst ass d’Doktrinn vum Christus an déi eenzeg a wouer Doktrinn vum Papp a vum Jong a vum Hellege Geescht, déi ee Gott sinn ouni Enn. Amen.