Scriptures
2 Nephi 20


20. Kapitel

D’Zerstéierung vun Assyrien ass eng Duerstellung vun der Zerstéierung vun de Béise beim Zweete Kommen—Wéineg Leit wäerten iwwereg bleiwen, nodeems den Här erëmkënnt—Den Iwwerrescht vum Jakob wäert un deem Dag zeréckkommen—Vergläicht Jesaja 10. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 Wéi deenen, déi ongerecht Dekreeter festleeën, an déi Grujelen opschreiwen, déi si virgeschriwwen hunn;

2 fir déi Bedürfteg vum Geriicht ze verdrängen an den Aarme vu mengem Vollek hir Rechter ze klauen, sou datt d’Witwen hir Beut ginn a si déijéineg ouni Papp plündere kënnen.

3 A wat wëllt dir maachen um Dag vum Strofgeriicht a vun der Verwüüstung, déi vu wäit hir kënnt? Zu weem wëllt dir ëm Hëllef flüchten? A wou wëllt dir är Herrlechkeet loossen?

4 Ouni mech wäerten si ënnert de Gefaangene kuschen a bei den Erschloen nidder falen. Trotz all deem huet sech seng Roserei net ofgewennt, mee seng Hand ass nach ëmmer ausgestreckt.

5 O Assyrer, Rutt vu menger Roserei! De Stack an hirer Hand ass hir Entrëschtung.

6 Eraus schécke wëll ech hie géint eng heuchleresch Natioun, a géint d’Vollek vu menger Roserei wëll ech hien opbidden, dat Geklauten ze huelen an d’Beut ze huelen an se nidderzetrëppele wéi d’Fäkalen op der Strooss.

7 Hie mengt et awer net esou, a säin Häerz denkt net esou; mee him ass et am Häerzen, ze vernichten an auszeradéieren net wéineg Natiounen.

8 Well hie sprécht: Si net meng Fürsten alleguerte Kinneken?

9 Ass net Calno wéi Carchemish? Ass net Hamath wéi Arpad? Ass net Samaria wéi Damaskus?

10 Wéi da meng Hand gegrënnt huet d’Räicher vun den Idoler—an hir Schnëtzbiller hunn déi vu Jerusalem a Samaria iwwertraff;

11 sollt ech net, wéi ech Samaria a sengen Idoler gemaach hunn, genausou Jerusalem a sengen Idoler maachen?

12 Dofir wäert et sech erginn: Wann den Här säi Wierk um Bierg Zion an u Jerusalem ganz vollbruecht huet, wëll ech d’Fruucht vum Häerzensstolz vum Kinnek vun Assyrien an d’Herrlechkeet vu sengem héijen Ausgesi bestrofen.

13 Well hie sprécht: Duerch d’Kraaft vu menger Hand an duerch meng Weisheet hunn ech dat gemaach, well ech si schlau; an ech hunn d’Grenze vun de Vëlker versat, hunn hir Schätz geklaut a wéi ee Couragéierten d’Bewunner niddergemaach.

14 A meng Hand huet d’Räichtemer vun de Vëlker erreecht wéi een Nascht, a wéi ee verloossen Eeër zesummereeft, sou hunn ech d’ganz Äerd zesummegeraaft: Do war keen, deen de Fligel beweegt an de Schniewel opgespaart a gepiipst huet.

15 Däerf d’Aaxt sech bretze géint deen, deen domadder schléit? Soll d’See sech géint deen, deen se schëddelt, vergréisseren? Wéi wann eng Rutt sech schwénge wéilt géint deen, deen se erhieft, wéi wann de Stack sech ophieft, wéi wann et keen Holz wier!

16 Dofir schéckt den Här, den Här vun den Arméien, ënnert déi Fett eng Goueregt, an ënner senger Herrlechkeet wäert hien ee Brand entfache wéi ee Feierbrand.

17 An d’Liicht vun Israel soll e Feier sinn, a säin Hellegen eng Flam, a sollen seng Dären a seng Distelen op engem Dag brennen a verschléngen;

18 D’Herrlechkeet vu sengem Bësch a senge Fruuchten verziert hien, Séil a Leif, fir datt et mat hinne wäert sinn, wéi wann een, deen ee Banner dréit, dohinner géif sénken.

19 An déi reschtlech Beem a sengem Bësch wäerten nëmme wéineg sinn, sou datt e Kand se opschreiwe kann.

20 An et wäert sech erginn: Un deem Dag wäerten den Iwwerrescht vun Israel an d’Flüchtlinger vum Haus vum Jakob sech net méi stëtzen op deen, deen si geschloen huet, mee stëtze wäerten si sech op den Här, den Hellege vun Israel, a Wourecht.

21 Den Iwwerrescht wäert zeréck kéieren, jo, den Iwwerrescht vu Jakob, zum mächtege Gott.

22 Well och wann däi Vollek Israel wéi de Sand vum Mier ass, wäert en Iwwerrescht vun hinnen zeréckkommen; d’Vernichtung, déi festgeluecht ass, wäert mat Gerechtegkeet iwwerfléissen.

23 Well den Härgott vun den Arméie vollbréngt eng Auszehrung, jo, festgeluecht fir d’ganz Land.

24 Dofir, sou seet den Härgott vun den Arméien: Du mäi Vollek, dat s du an Zion wunns, hu keng Angscht virun dem Assyrer; hie wäert dech zwar mat der Rutt schloen a säi Staf géint dech erhiewen no der Weis vun den Ägypter;

25 mee nëmmen nach e bëssen, da wäert d’Entrëschtung een Enn fannen, meng Roserei hält op an hirer Vernichtung.

26 An den Här vun den Arméie wäert eng Plo fir hien opwerfen, sou wéi d’Schluecht vu Midian um Fiels Oreb; a wéi seng Stäip um Mier war, sou wäert hien se no der Aart vun Ägypten ophiewen.

27 An et wäert sech erginn: Un deem Dag gëtt seng Charge vun denger Schëller geholl a säi Joch vun dengem Hals, an dat Joch wäert zerschlo gi wéinst der Salbung.

28 Hie koum op Aiath, hie goung op Migron; zu Michmash huet hien seng Kutschen opgestallt.

29 Si sinn iwwert de Wee gaangen; si hunn zu Geba gewunnt; Ramath huet Angscht; Gibeah vum Saul ass geflücht.

30 Erhief deng Stëmm, O Duechter vum Gallim! Bis Laish looss et héieren, O aarmt Anathoth.

31 Madmenah äilt dovun, d’Awunner vu Gebim sammelen sech zur Flucht.

32 Den Dag nach mécht hien Halt an Nob; hie schwéngt seng Hand géint de Bierg vun der Duechter vun Zion, den Hiwwel vu Jerusalem.

33 Kuckt, den Här, den Här vun den Arméie wäert d’Äscht mat Terror ofschneiden; an déi Héich vu Statur ginn ofgehaakt; an déi Stolz ginn erniddregt.

34 D’Gestrëpp vum Bësch schneid hien nidder mam Eisen, an de Libanon fält duerch ee Mächtegen.