Scriptures
2 Nephi 7


7. Kapitel

De Jakob liest weider aus Jesaja: De Jesaja schwätzt messianesch—De Messias wäert d’Zong vun de Geléierten hunn—Hie wäert de Schléier Säi Réck ginn—Hie wäert net duerchernee bruecht ginn—Vergläicht Jesaja 50. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 Jo, well sou seet den Här: Hunn ech dech fortgeschéckt, oder hunn ech dech fir ëmmer verstouss? Well sou seet den Här: Wou ass de Scheedungsbréif vun ärer Mamm? Zu weem hunn ech dech fortgeschéckt, oder u wie vu menge Gleeweger hunn ech iech verkaaft? Jo, u wien hunn ech iech verkaaft? Kuckt, wéinst ären Abominatiounen hutt dir iech selwer verkaaft, a wéinst ärer Sënden ass är Mamm verstouss.

2 Dofir war keen do, wéi ech komm sinn; wéi ech geruff hunn, jo, do war keen do, fir ze äntweren. O Haus vun Israel, ass da meng Hand ze kuerz ginn, ze erléisen, hunn ech da keng Muecht, ze befreien? Kuckt, duerch mäi Gejäiz dréchnen ech d’Mier aus, ech maachen hir Flëss zu enger Wüüst an hir Fësch sténken, well d’Waasser ausgedréchent ass, an si stierwen duerch Duuscht.

3 D’Himmele kleeden ech an Däischtert a maachen hinne Säck ronderëm.

4 Den Härgott huet mir d’Zong vun engem, dee geléiert ass, ginn, fir dat ech weess, déi richteg Wierder zu dir ze soen, o Haus vun Israel. Wann dir midd sidd, sou erwächt hien, Moie fir Moien. Hien erwächt mir d’Ouer, sou datt ech héiere wéi een, dee geléiert ass.

5 Den Härgott huet mir d’Ouer opgemaach; an ech war net rebellesch, sinn och net no hanne geweecht.

6 Mäi Réck hunn ech deem, dee schléit, duer gehalen a meng Baacken deenen, déi Hoer ausrappen. Mäi Gesiicht hunn ech net viru Blamagen a Spaut verstoppt.

7 Well den Här Gott hëlleft mir, dofir wäert ech net beschimmt ginn. Dofir hunn ech mäi Gesiicht wéi e Feierstee gemaach, an ech weess, datt ech net beschimmt ginn.

8 An den Här ass no, an hie rechtfäerdegt mech. Wien well géint mech streiden? Sou triede mir zesumme vir. Wien ass mäi Géigner? Loosst hie bei mech kommen, an ech wäert hie mat der Kraaft vu mengem Mond schloen.

9 Well den Härgott wäert mir hëllefen. An all déi, déi mech verurteelen, kuckt, si all wäerten ofgedroe gi wéi e Kleed, an d’Mott wäert se opfriessen.

10 Wien ass ënnert iech, deen den Här fäert, deen der Stëmm vu sengem Kniecht follegt, deen an der Däischtert wandert a kee Liicht huet?

11 Kuckt, dir all, déi dir Feier u maacht, iech mat Fackelen ëmgitt, gitt dach an d’Mëtt vun ärem Feier an och an d’Glut vun äre Fackelen, dat dir entzünt hutt. Dat widderfiert iech vu menger Hand—a Péng sollt dir léien.