Scriptures
2 Nephi 15


15. Kapitel

De Wéngert vum Här (Israel) gëtt verlooss gelooss, a Säi Vollek gëtt zerstreet—Leed wäert iwwert si kommen an hirem apostoleschen an zerstreeten Zoustand—Den Här wäert e Fändel héich halen an Israel versammelen—Vergläicht Jesaja 5. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 Sou wëll ech da sange mengem Villgeléiften ee Lidd vu menger Léift vu sengem Wéngert. Mäi Villgeléiften huet ee Wéngert op engem ganz fruchtbaren Hiwwel.

2 Hien huet eng Clôture ronderëm gemaach an d’Steng eraus gesammelt an huet en beplanzt mat den erliesenste Reben an huet matzen dran een Tuerm gebaut an huet och eng Wäikelter gemaach; hien huet gehofft, e géif Drauwe bréngen, mee en huet wëll Drauwe bruecht.

3 An elo, dir Awunner vu Jerusalem a Männer vu Juda, ech bieden iech, riicht tësche mir a mengem Wéngert.

4 Wat hätt a mengem Wéngert nach gemaach kënne ginn, wat ech doranner net gemaach hunn? A wéi ech gehofft hunn, e géif Drauwe bréngen, huet en awer wëll Drauwe bruecht.

5 Majo dann, ech wëll iech erzielen, wat ech mengem Wéngert maache wëll—Seng Schutzheck wäert ech ewech huelen, datt en ofgeweid gëtt, a seng Mauer wëll ech aräissen, datt en zertrëppelt gëtt;

6 An ech wëll e wüüst gi loossen; e soll weder beschnidden nach opgehackt ginn, mee Hecken a Picke sollen dorobber wuessen; ech wëll och de Wolleke gebieden, datt se kee Reen op e fale loossen.

7 Well de Wéngert vum Här vun den Arméien ass d’Haus vun Israel, an d’Männer vu Juda si seng agreabel Planz; an hien huet op Riichtersproch gehofft, a kuckt—Bedréckung; op Gerechtegkeet, mee kuckt—ee Gejäiz.

8 Wéi deenen, déi Haus u Haus reien, bis guer keng Plaz méi ass a si eleng siesshaft si matzen am Land!

9 A mengen Ouere schwätzt den Här vun den Arméien: Richteg, déi vill Haiser wäerte verloosse sinn an déi grouss a schéi Stied ouni Awunner.

10 Jo, zéng Hektar Wéngert wäerten ee Bath bréngen, an de Som vun engem Homer wäert eng Efa bréngen.

11 Wéi deenen, déi sech mueres fréi erhiewen, datt si staarkem Gedrénks nolafen, déi bis an d’Nuecht opbleiwen, datt de Wäin si erhëtzt!

12 Harf a Violin, Tambourin a Flütt a Wäin si bei hirem Bett; mee d’Wierk vum Här kucken si net un, an dat Maache vu sengen Hänn beuechten si net.

13 Dofir ass mäi Vollek a Gefaangenschaft geroden, well si kee Wëssen hunn, an hir besser Leit leiden Honger, an hir Villzuel ass vun Duuscht ausgedréchent.

14 Dofir ass d’Hell méi grouss ginn a räisst de Mond op ouni Mooss; mee eroffuere wäerten hir Herrlechkeet an hir Scharen an hire Prunk a wien sech do freet.

15 Da gëtt de béise Mann erniddregt, an de mächtege Mann gëtt gedemütegt, an d’Ae vun den Houfrege gi gedemütegt.

16 Mee den Här vun den Arméie wäert a Rechtspriechung erhéicht sinn, a Gott, deen helleg ass, wäert gehellegt sinn a Gerechtegkeet.

17 Da wäerten d’Lämmer op hir Weis weiden an déi Friem sech ernähre vun de verloossene Plaze vun de Fetten.

18 Wéi deenen, déi d’Ongerechtegkeet mat der Schnouer vum Héichmutt unzéien, an d’Sënd wéi mat engem Weenche-Seel;

19 déi soen: Hie soll sech beganne mat sengem Wierk, fir datt mir et gesinn; de Conseil vum Hellege vun Israel kënnt ëmmer méi no, fir datt mir hie kenneléieren.

20 Wéi deenen, déi Béises gutt a Guddes béis nennen, d’Däischtert als Luucht a Luucht als Däischtert histellen, déi Batteres als séiss a Séisses als batter histellen!

21 Wéi deenen, déi geléiert sinn an hiren Aen, déi gescheit sinn aus der eegener Siicht!

22 Wéi deenen, déi staark sinn am Wäin drénken an déi kräfteg Männer si beim Mësche vu staarkem Gedrénks;

23 Déi de Béise fir eng Belounung rechtfertegen, an dem Gerechten d’Gerechtegkeet vun him ewechhuelen!

24 Dofir, wéi d’Feier d’Stoppele frësst an d’Flam de Spree verziert, sou wäert hir Wuerzel wéi Moder ginn, an hir Bléie wäerten dohigoe wéi Stëbs; well si hunn d’Gesetz vum Här vun den Arméien ewechgeworf an d’Wuert vum Hellege vun Israel ewechgestouss.

25 Dofir ass d’Roserei vum Här géint si entflamt, an hien huet seng Hand géint si ausgestreckt a si geschloen; an d’Bierger erzidderen, an hir Läiche goufe matzen an de Stroossen zerrass. Trotz all deem huet sech seng Roserei net ofgewennt, mee seng Hand ass nach ëmmer ausgestreckt.

26 An hie wäert fir déi Natioune vu wäit ewech ee Fändel erhiewen, an hie wäert se erbäi zische vum Rand vun der Äerd; a kuckt, presséiert, schnell wäerten si kommen; ënner hinnen ass kee midd, a kee wäert sech vertrëppelen.

27 Kee schlummert, kee schléift; och ass de Rimm vun hire Hëften net geléist an de Rimm vun hire Schung net zerrass.

28 Hir Feiler si geschäerft an all hir Béi gespaant; d’Huffe vun hire Päerd si Kisele gläich ze uechten an hir Rieder dem Wierbelstuerm, hir Brëllen deem vum Léif.

29 Si brëlle wéi jonk Léiwen; jo, si brëllen a paken d’Beut a bréngen se a Sécherheet, an do ass keen, dee befreit.

30 An un deem Dag wäerten si géint si brëlle wéi d’Brëlle vum Mier; a wann si op d’Land kucken, kuckt, Däischtert a Leed, an d’Liicht ass däischter an hirem Himmel.