Scriptures
2 Nephi 27


27. Kapitel

Däischtert an Apostasie wäerten d’Äerd an de leschten Deeg bedecken—D’Buch vum Mormon wäert erauskommen—Dräi Zeie wäerten iwwer d’Buch aussoen—De geléierte Mann wäert soen, datt hien dat versigelt Buch net liese kann—Den Här wäert e wonnerbaart Wierk an e Wonner maachen—Vergläicht Jesaja 29. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 Mee kuckt, an de leschten Deeg, oder an den Deeg vun den Heiden—jo, kuckt all d’Natioune vun den Heiden an och d’Judden, souwuel déi, déi op dëst Land kommen, wéi och déi, déi an anere Länner sinn, jo, souguer op all de Länner vun der Äerd, kuckt, si wäerten dronken si mat Ongerechtegkeeten an all Zorte vun Abscheilechkeeten—

2 a wann deen Dag kënnt, wäerten si vum Här vun den Arméien heem gesicht gi mat Donner an Äerdbiewen a groussem Kaméidi, mat Stuerm an Onwieder an der Flam vum friessende Feier.

3 An all d’Natiounen, déi géint Zion kämpfen an hir Nout bréngen, wäerte wéi en Dram vun enger Visioun an der Nuecht sinn; jo, et wäert hinne sinn, wéi en hongerege Mann, deen dreemt, a kuckt, hien ësst, awer hien erwächt a seng Séil ass eidel; oder wéi en duuschterege Mann, deen dreemt, a kuckt, hien drénkt, awer hien erwächt a kuckt, hien ass schwaach, a seng Séil huet Appetit; jo, sou wäert d’Mass vun all de Natioune sinn, déi géint de Bierg Zion kämpfen.

4 Well kuckt, dir all, déi dir Ongerechtegkeete maacht, haalt an a verwonnert iech, well dir wäert opjäizen a ruffen; jo, dronke wäert dir sinn, mee net vum Wäin, tierkele wäert dir, mee net vum staarke Gedrénks.

5 Well kuckt, den Här huet de Geescht vum déiwe Schlof iwwert iech ausgeschott. Well kuckt, dir hutt är Aen zou gemaach an hutt d’Prophete verworf; an är Herrscher an d’Seher huet hie wéinst ären Ongerechtegkeete verstoppt.

6 An er wäert sech erginn: Den Här Gott wäert fir iech d’Wierder vun engem Buch ervirbréngen, an et wäerten d’Wierder si vun deenen, déi schlummeren.

7 A kuckt, d’Buch wäert versigelt sinn, an am Buch wäert eng Offenbarung vu Gott sinn, vum Ufank der Welt un bis zu hirem Enn.

8 A well et versigelt ass, dofir gëtt dat, wat versigelt ass, net an den Deeg vun der Béist a vun den Abscheilechkeete vum Vollek fräiginn. Dofir gëtt hinnen d’Buch virenthalen.

9 Mee d’Buch kritt ee Mann, an hie wäert d’Wierder vum Buch fräiginn, an et sinn d’Wierder vun deenen, déi am Stëbs schlummeren, an hie wäert dës Wierder engem anere fräiginn.

10 Mee déi Wierder, déi versigelt sinn, wäert hien net fräiginn, an och d’Buch wäert hien net fräiginn. Well d’Buch wäert versigelt sinn duerch d’Muecht Gottes, an déi Offenbarung, déi versigelt ginn ass, wäert an deem Buch bleiwe bis zu där Zäit, déi den Här fir hiert Erschénge bestëmmt huet; well kuckt, alles ass doranner offenbart vun der Grondleeung der Welt un bis zu hirem Enn.

11 An et kënnt deen Dag, wou d’Wierder vum Buch, déi versigelt sinn, vun den Diech aus virgelies ginn; a si ginn duerch d’Muecht vum Christus virgelies, an alles gëtt de Mënschekanner reveléiert, wat jee ënnert de Mënschekanner gewiescht ass a wat jee wäert si bis zum Enn vun der Äerd.

12 Dofir wäert d’Buch un deem Dag, wou ech et deem gi wäert, vun deem ech gesprach hunn, virun den Ae vun der Welt verbuerge sinn, fir datt keen A et gesäit, ausser datt dräi Zeien et duerch d’Muecht Gottes erblécke wäerten an dozou nach deen, deen d’Buch kréie wäert; a si sollen d’Wourecht vum Buch a vun deem, wat doranner ass, temoignéieren.

13 An et gëtt keen aneren, deen et gesäit, ausser e puer nom Wëlle vu Gott, fir datt si de Mënschekanner Temoignage gi vu sengem Wuert; well den Här Gott huet gesot, datt d’Wierder vun de Gleewegen esou schwätze sollen, wéi wann se vun den Doudege kéimen.

14 Dofir wäert den Här Gott d’Wierder vum Buch ervirbréngen; an am Mond vun esou vill Zeien, wéi et him gutt virkënnt, wäert hie säi Wuert bestätegen; a Wéi deem, deen d’Wuert vu Gott refuséiert!

15 Mee kuckt, et wäert sech erginn: Den Här Gott wäert zu deem, deem hien d’Buch fräi gëtt, spriechen; Huel dës Wierder, déi net versigelt sinn, a gëff se engem aneren, datt hien se engem weise soll, dee geléiert ass, a soe soll: Lies dës, ech bieden dech. An deen, dee geléiert ass, wäert spriechen: Bréng d’Buch heihinner, an ech wëll et liesen.

16 Dës awer soen si ëm der Herrlechkeet der Welt wëllen a fir Gewënn ze kréien, awer net ëm der Herrlechkeet Gottes wëllen.

17 An de Mann wäert spriechen: Ech kann dat Buch net bréngen, well et ass versigelt.

18 An da wäert deen, dee geléiert ass, spriechen: Ech kann et net liesen.

19 Dofir wäert et sech erginn: Den Här Gott wäert d’Buch an d’Wierder doranner erëm deem ginn, deen net geléiert ass; an de Mann, deen net geléiert ass, wäert spriechen: Ech sinn net geléiert.

20 Da wäert den Här Gott zu him spriechen: Déi geléiert sinn, sollen et net liesen, well si hunn et verworf, an ech ka mäi Wierk selwer maachen; dofir solls du déi Wierder liesen, déi ech dir wäert ginn.

21 Beréier net dat, wat versigelt ass, well ech wëll et zu där vu mir bestëmmten Zäit ervirbréngen; well ech wëll de Mënschekanner weisen, datt ech mäi Wierk selwer maache kann.

22 Dofir, wann s du déi Wierder gelies hues, déi ech dir gebueden hunn, an déi Zeie kritt hues, déi ech dir verheescht hunn, solls du d’Buch erëm versigelen a fir mech verstoppen, fir datt ech déi Wierder behalen, déi s du net gelies hues, bis ech et a menger Weisheet fir richteg halen, de Mënschekanner alles ze offenbaren.

23 Well kuckt, ech si Gott; an ech sinn ee Gott, dee Wonner mécht; an ech wëll der Welt weisen, datt ech deselwechte si gëschter, haut a fir ëmmer; an ech wierken ënnert de Mënschekanner nëmmen no hirem Glawen.

24 An erëm wäert et sech erginn: Den Här wäert zu deem, deen déi Wierder liest, déi him fräigi sinn, spriechen:

25 Well dëst Vollek sech mat hirem Mond no kënnt a mech mat de Lëpsen éiert, awer hiert Häerz wäit ewech vu mir hält, an hir Angscht viru mir duerch d’Geboter vu Mënschen enseignéiert gëtt—

26 Dofir wäert ech e wonnerbaart Wierk ënnert dësem Vollek maachen, jo, e wonnerbaart Wierk an e Wonner, well d’Weisheet vun hire Weisen a Geléierte wäert ëmkommen, an d’Verständnis vun hire Verstännege wäert verstoppt ginn.

27 A Wéi deenen, déi hire Rotschlag virum Här déif verstoppen! An hir Wierker sinn am Däischteren; a si soen: Wien gesäit eis, a wie kennt eis? A si soen och: Sécher, Äert Ëmdréie vun de Saache wäert wéi de Leem vum Töpfer ugesi ginn. Awer kuckt, ech wäert hinne weisen, seet den Här vun den Arméien, datt ech all hir Wierker kennen. Well soll d’Wierk vun deem soen, deen et gemaach huet, hien huet mech net gemaach? Oder soll déi geschafe Saach vun deem soen, deen et gemaach huet, hien hat kee Verständnis?

28 Mee kuckt, seet den Här vun den Arméien: Ech wäert de Mënschekanner weisen, datt et nach eng ganz kuerz Zäit ass, an de Libanon wäert an e fruchtbaart Feld verwandelt ginn; an dat fruchtbaart Feld wäert als e Bësch ugesi ginn.

29 An un deem Dag wäerten déi Daf d’Wierder vum Buch héieren, an d’Ae vun de Blanne wäerten aus dem Donkel an aus der Däischtert gesinn.

30 An déi Duuss wäerten zouhuelen, an am Här wäert hir Freed sinn; an déi Aarm ënnert de Mënschekanner wäerten sech um Hellege vun Israel erfreeën.

31 Well esou gewëss, wéi den Här lieft, wäerten si gesinn, datt de Schrecklechen op näischt zeréckgefouert gëtt, an de Spotter vernicht gëtt, an all déi, déi op Ongerechtegkeeten aus sinn, ausgerott ginn.

32 déi een zum Missetäter erkläre wéinst engem Wuert an deem Schlénge leeën, deen am Rot Recht sprécht, a wéinst näischt deen ewech drängen, dee gerecht ass.

33 Dofir, sou sprécht den Här, deen den Abraham erléist huet, iwwer d’Haus vum Jakob: Vun elo un soll de Jakob net méi beschummt ginn, vun elo un säi Gesiicht net méi erbleechen,

34 A wann hien seng Kanner gesäit, d’Wierk vu menger Hand, a senger Mëtt, da wäerten si mäin Numm hellegen, an si wäerten den Hellege vu Jakob hellegen an si wäerten de Gott vun Israel fäerten.

35 Och déi, déi sech am Geescht geiert hunn, wäerte Versteesdemech kréien, an déi, déi gegrommelt hunn, wäerten d’Doktrinn léieren.