Scriptures
2 Nephi 30


30. Kapitel

Konvertéiert Heide ginn zum Vollek vun der Allianz gezielt—Vill Lamaniten a Judde wäerten dem Wuert gleewen a wäerten agreabel ginn—Israel gëtt erëm hiergestallt an déi Béis zerstéiert. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 An elo kuckt, meng léif Bridder, ech wëll zu iech spriechen; well ech, Nephi, wëll net hunn, datt dir mengt, dir wäert méi gerecht, wéi et déi Aner wäerte sinn. Well kuckt, wann dir d’Geboter Gottes net haalt, wäert dir all genausou ëmkommen; a wéinst der Wierder, déi gesprach gi sinn, braucht dir net ze mengen, déi Aner géife vëlleg vernicht ginn.

2 Well kuckt, ech soen iech: All vun den Aneren, déi ëmkéieren, déi si vum Vollek vun der Allianz vum Här; an all vun de Judden, déi net ëmkéieren, déi wäerte verstouss ginn; well den Här schléisst seng Allianz mat kengem, ausser mat deenen, déi ëmkéieren an u säi Jong gleewen, nämlech un den Hellege vun Israel.

3 An elo wëll ech iech nach e bëssen a Bezuch op d’Judden an déi Aner prophezeien. Well wann d’Buch, vun deem ech gesprach hunn, ervirkommen a fir déi Aner geschriwwen an erëm fir den Här versigelt wäert ginn, da wäert et där vill ginn, déi de Wierder gleewe wäerten, déi geschriwwe sinn, a si wäerten se zum Iwwerrescht vun eisen Nokommen hi bréngen.

4 An da wäert den Iwwerrescht vun eisen Nokomme vun eis wëssen, wéi mir aus Jerusalem komm sinn an datt si vun de Judden ofstamen.

5 An d’Evangelium vum Jesus Christus soll ënnert hinne verkënnegt ginn; dofir sollen si d’Wësse vun hire Pappen an och d’Wëssen iwwert de Jesus Christus, dat ënnert hire Pappe war, erëm hiergestallt kréien.

6 An da wäerten si sech freeën; well si wäerte wëssen, datt dës fir si eng Seenung aus der Hand Gottes ass; an d’Däischtert wäert hinne wéi Schuppe vun den Aen ufänken ze falen; an et wäerten net vill Generatioune vergoen, sou wäerten si erëm ee rengt an angenehmt Vollek sinn.

7 An et wäert sech erginn: D’Judden, déi verstreet sinn, wäerten och ufänken, u Christus ze gleewen; a si wäerten ufänken, sech am Land ze sammelen, an all, déi u Christus gleewe wäerten, déi wäerten och een angenehmt Vollek ginn.

8 An et wäert sech erginn: Den Här Gott wäert säi Wierk ënnert allen Natiounen, Geschlechter, Sproochen a Vëlker ufänken, fir d’Restauratioun vu sengem Vollek op Äerden ze etabléieren.

9 An de Här Gott wäert mat Gerechtegkeet déi Aarm riichten, a fir déi Duuss vun der Äerd mat Gerechtegkeet antrieden. Hie wäert d’Äerd mat der Rutt vu sengem Mond schloen, mam Hauch vu senge Lëpse wäert hien déi Béis ëmbréngen.

10 Well d’Zäit kënnt schnell, wou den Här Gott eng grouss Trennung ënnert dem Vollek verursaache wäert, an déi Béis wäert hie vernichten; an hie wäert säi Vollek verschounen, jo, souguer wann et esou sollt sinn, datt hien déi Béis mat Feier vernicht muss.

11 An d’Gerechtegkeet soll de Rimm vu sengen Hëfte sinn, an d’Trei de Rimm vu sengen Nerven.

12 An da wäert de Wollef beim Lämmche wunnen; an de Leopard wäert sech bei de Kitz leeën, a bei d’Kallef, a bei de jonke Léiw, a bei d’Mäscht-Véi, zesummen; an e klengt Kand wäert se féieren.

13 A Kou a Bier weide mateneen; hir Jonge lageren zesummen; an de Léif frësst Stréi ewéi d’Rënd.

14 An de Bébé spillt un der Höhl vun der Otter, an dat entwinnte Kand streckt seng Hand an d’Lach vun der Viper.

15 Si wäerten näischt Béises maachen an näischt zerstéieren op mengem ganzen hellege Bierg; well d’Äerd wäert gefëllt si mat der Erkenntnis vum Här, esou wéi d’Waasser d’Mier bedeckt.

16 Dofir wäerten d’Evenementer vun allen Natioune kloer gemaach ginn; jo, alles wäert de Mënschekanner kloer gemaach ginn.

17 Et gëtt näischt Geheimes, dat net reveléiert wäert ginn; et gëtt kee Wierk vun der Däischtert, dat net am Liicht manifestéiert gëtt; a vun deem, wat op der Äerd versigelt ass, gëtt et näischt, wat net lassgemaach wäert ginn.

18 Dofir wäert un deem Dag alles, wat de Mënschekanner reveléiert ginn ass, kloer ginn; an de Satan wäert fir eng laang Zäit keng Muecht méi hunn iwwer d’Häerz vun de Mënschekanner. An elo, meng léif Bridder, muss ech mat menge Wierder zu Enn kommen.