12. Kapitel
De Jesaja gesäit den Tempel an de leschten Deeg, d’Versammlung vun Israel, an d’Geriicht an de Fridden am Millennium—Déi Stolz an déi Béis gi beim Zweete Kommen erofgedréckt—Vergläicht Jesaja 2. Ongeféier 559–545 v. Chr.
1 D’Wuert, dat de Jesaja, Jong vum Amoz, gesinn huet a Bezuch op Juda a Jerusalem:
2 An et wäert sech erginn: An de leschten Deeg, da wäert de Bierg vum Haus vum Här fest gegrënnt stinn iwwert all Bierger an iwwert all Hiwwelen exaltéiert, an all Natioune wäerten zu him hi stréimen.
3 A vill Vëllker wäerte goen a soen: Kommt, loosst eis eropgoen zum Bierg vum Här, zum Haus vum Jakob sengem Gott, an hie wäert eis a senge Weeër ënnerweisen, a mir wäerten op senge Pade wandelen; well vun Zion wäert d’Gesetz ausgoen an dem Här säi Wuert vu Jerusalem.
4 An hie wäert ënnert de Natioune riichten a vill Vëlker verurteelen; a si wäerten hir Schwäerter zu Pléi ëmschmidden an hir Spieren zu Hecke-Séchelen—Eng Natioun wäert kee Schwäert méi géint eng aner Natioun hiewen, a si wäerten net méi de Krich léieren.
5 O Haus vum Jakob, kommt a loosst eis wandelen am Liicht vum Här; jo, kommt, well dir sidd all dem Iertum verfall, jiddereen op senge béise Weeër.
6 Dofir, Här, hues du däi Vollek, d’Haus vum Jakob, verlooss, well si vum Osten erfëllt ginn, an op Warsager gelauschtert hu wéi d’Philister, an si freeën sech un de Kanner vu Friemen.
7 Hiert Land ass och voll vu Sëlwer a Gold, an hir Schätz hu keen Ënn; hiert Land ass och voll vu Päerder, an hir Kampfween hu keen Ënn.
8 Hiert Land ass och voll vu Gëtzen; si veréieren d’Wierk vun hiren eegenen Hänn, dat, wat hir Fanger selwer gemaach hunn.
9 An de béise Mann béit sech net nidder, an de grousse Mann demütegt sech net; dofir verzeit him net.
10 O där Béiser, klammt an d’Fielsspalten; a verstopp dech am Stëbs, well de Schrecke vum Här an d’Herrlechkeet vu senger Majestéit wäerten dech schloen.
11 An et wäert sech erginn: Déi houfreg Blécker vun de Mënsche ginn erniddregt, dën Héichmutt vun de Mënsche wäert gebéit ginn, an den Här eleng wäert erhéicht sinn un deem Dag.
12 Well den Dag vum Här vun den Arméie kënnt gläich iwwert all Natiounen, jo, iwwert alleguerten, jo, iwwer déi Stolz an déi Houfreg an iwwer jiddwer Iwwerhieflechen, an hie wäert erniddregt ginn.
13 Jo, an den Dag vum Här wäert iwwert all Zedere vum Libanon kommen, well se sinn héich an iwwerhieflech, an iwwert all Eeche vum Bashan
14 an iwwert all héich Bierger, iwwert all Hiwwel, iwwert all Natiounen, déi iwwerhieflech sinn, an iwwert all Vollek
15 an iwwert jiddwer héijen Tuerm an iwwert jiddwer geséchert Mauer
16 an iwwert all Schëffer vum Mier an iwwert all Schëffer vun Tarsis an iwwert all gefälleg Gebilder.
17 An d’Houfregt vun de Mënsche wäert gebéit ginn, an den Héichmutt vun de Mënsche wäert erniddregt ginn; an den Här eleng wäert erhéicht sinn un deem Dag.
18 An den Idoler wäert hie ganz einfach een Ënn maachen.
19 An an d’Fielse krauchen si an och an d’Lächer vun der Äerd, well de Schrecke vum Här wäert iwwert si kommen, an d’Herrlechkeet vu senger Majestéit wäert si schloen, wann hien opsteet fir d’Äerd schrecklech ze schëddelen.
20 Un deem Dag geheit de Mënsch seng Idoler aus Sëlwer a seng Idoler aus Gold, déi hien sech fir unzebiede gemaach huet, zu de Maulwurfen an d’Fliedermais,
21 fir sech an d’Splécke vun de Fielsen an uewen erop an déi ecartéiert Fielsen ze verkrauchen; well de Schrecke vum Här wäert iwwert si kommen, an d’Herrlechkeet vu senger Majestéit wäert si schloen, wann hien opsteet fir d’Äerd schrecklech ze schëddelen.
22 Loosst dach of vum Mënsch, deem säin Hauch a senger Nues ass; well firwat ass hien ze uechten?