Scriptures
2 Nephi 16


16. Kapitel

De Jesaja gesäit den Här—Dem Jesaja seng Sënde gi verzien—Hie gëtt beruff ze prophezeien—Hie prophezeit vun der Ofleenung vun de Léiere vum Christus duerch d’Judden—En Iwwerrescht wäert zeréckkommen—Vergläicht Jesaja 6. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 An deem Joer, wou de Kinnek Usija gestuerwen ass, do hunn ech den Här op engem Troun sëtze gesinn, héich a stolz, a seng Schleppen hunn den Tempel gefëllt.

2 D’Serafime stoungen doriwwer, a jiddereen hat sechs Flilleken: Matt zwee huet hien sech d’Gesiicht bedeckt, mat zwee huet hien sech d’Féiss bedeckt, a mat zwee ass hie geflunn.

3 An een huet engem aneren zougeruff: Helleg, helleg, helleg ass den Här vun den Arméien; d’ganz Äerd ass voll vu senger Herrlechkeet.

4 An et hu gebieft d’Zargë vun den Diere vun der Stëmm vun deem, dee geruff huet, an d’Haus huet sech mat Damp gefëllt.

5 Dunn hunn ech gesot: Wéi mir! well ech si verluer; well ech e Mann mat onrenge Lëpse sinn; an ech wunnen an der Mëtt vun engem Vollek mat onrenge Lëpsen; well meng Aen hunn de Kinnek gesinn, den Här vun den Arméien.

6 Dunn ass ee vun de Serafimen zu mir hi geflunn, an a senger Hand war eng gliddeg Kuel, déi hie mat der Zaang vum Altor geholl hat;

7 an hien huet se mir op de Mond geluet a gesprach: Do, dës huet deng Lëpse beréiert, an sou ass deng Ongerechtegkeet ewech geholl, deng Sënd gerengegt.

8 Do hunn ech dem Här seng Stëmm héieren, nämlech: Wien soll ech schécken, a wien wäert fir eis goen? Dunn hunn ech gesprach: Hei sinn ech, schéck mech.

9 An hien huet gesot: Géi a sot dësem Vollek—dir héiert wierklech, awer si hunn net verstanen; an dir gesitt wierklech, awer si hunn net wouer geholl.

10 Maacht d’Häerz vun dësem Vollek fett, a maacht hir Ouere schwéier, a maacht hir Aen zou—fir datt si net mat hiren Ae gesinn, a mat hiren Oueren héieren, a mat hirem Häerz verstoen, a sech ëmkéieren a geheelt ginn.

11 Do hunn ech gesprach: Wéi laang, Här? An hien huet gesprach: Bis dass d’Stied eidel gi sinn, keng Awunner doranner, an d’Haiser eidel, a bis datt d’Land ganz verlooss ass,

12 bis datt den Här d’Mënsche wäit ewech gemaach huet; well et wäert eng grouss Verloossent matzen am Land sinn.

13 Mee et gëtt nach en Zéngtel, an si kommen zeréck a gi giess, wéi e Linde-Bam a wéi eng Eech, där hir Substanz dran ass, wann se hir Blieder ofwerfen; sou soll den hellege Som hir Substanz sinn.