17. Kapitel
Efraim a Syrie féiere Krich géint Juda—De Christus gëtt aus enger Jongfra gebuer—Vergläicht Jesaja 7. Ongeféier 559–545 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: An den Deeg vum Ahaz, Jong vum Jotham, dem Jong vum Usija, dem Kinnek vu Juda, sinn de Rezin, Kinnek vu Syrien, an de Pekach, de Jong vum Remalja a Kinnek vun Israel, géint Jerusalem eropgezunn, fir se ze bekrichen. Mee et ass hinnen net gelongen, se ze iwwerwältegen.
2 Et ass dem Haus David gemellt ginn, nämlech: Syrien huet sech alliéiert mat Efraim. Do huet säin Häerz an d’Häerz vu sengem Vollek geziddert, wéi d’Beem am Bësch ziddere vum Wand.
3 Dunn huet den Här zum Jesaja gesot: Géi elo eraus, fir den Ahaz ze begéinen, du a däi Jong Shearjashub, um Enn vum Kanal vum ieweschte Weier, op der Strooss vum Vollerfeld;
4 A sot zu him: Passt op a sidd roueg; fäert net, a sidd net schwaach am Häerz wéinst den zwee Schwänz vun dësen dämpende Feierbränn, wéinst der grausame Roserei vum Rezin mat Syrien a vum Jong vum Remalja.
5 Zwar hu Syrien, Efraim an de Jong vum Remalja Béises géint dech beschloss, nämlech:
6 Loosst eis eropgoe géint Juda an et ploen; mir wëllen eis do eng Bresch maachen an a senger Mëtt ee Kinnek asetzen, jo, de Jong vum Tabeal.
7 Awer sou seet den Härgott: Dat wäert net bestoen, dat wäert sech net erginn.
8 Well de Kapp vu Syrien ass Damaskus, an de Kapp vun Damaskus Rezin; a bannent fënnefasiechzeg Jore soll Efraim zerstéiert ginn, sou datt et kee Vollek méi ass.
9 An d’Haapt vun Efraim ass Samaria, an d’Haapt vu Samaria ass dem Remalja säi Jong. Wann dir net gleeft, sou wäert dir gewëss net bestoe bleiwen.
10 A weider, den Här huet erëm gesprach, zu Ahaz, nämlech:
11 Fuerder dir een Zeeche vum Här, vun dengem Gott; fuerder et an der Déift oder uewen an der Héicht.
12 Mee den Ahaz huet gesprach: Ech wëll net fuerderen a wëll den Här net versichen.
13 An hien huet gesprach: Héiert dach, o dir vum Haus David: Ass et iech ze wéineg, Männer midd ze maachen, datt dir och mäi Gott midd maache wëllt?
14 Dofir wäert iech den Här selwer een Zeeche ginn: Kuckt, eng Jongfra wäert schwanger ginn an ee Jong op d’Welt bréngen, a si wäert säin Numm ruffen: Immanuel.
15 Botter an Hunneg wäert hien iessen, fir datt hie weess, dat Béist zeréckzeweisen an dat Gutt ze wielen.
16 Well bevir de Bouf weess, dat Béist zeréckzeweisen an dat Gutt ze wielen, wäert dat Land, virun deem s du fäerts, verlooss si vu senge béid Kinneken.
17 Den Här wäert iwwer dech, iwwert däi Vollek an iwwer d’Haus vun dengem Papp Deeg bréngen, déi net méi komm sinn, zënter dem Dag wou den Efraim sech vum Juda, dem Kinnek vun Assyrien, getrennt huet.
18 An et wäert sech erginn: Un deem Dag wäert den Här d’Méck, déi am baussechten Ënn vun Ägypten ass, an d’Bei, déi am Land Assyrien ass, erbäi zischen.
19 A si wäerte kommen a sech alleguerten nidderloossen an de verloossenen Dallen an och an de Fielshöhlen an op alle Picken an op allem Gebësch.
20 Um selwechten Dag wäert den Här mat dem schaarfem Raséiermesser, mat deene vun der anerer Säit vum Floss, vum Kinnek vun Assyrien, d’Haapt an d’Hoere vun de Been schueren; an och de Baart wäert et ewech schneiden.
21 An et wäert sech erginn: Un deem Dag hält sech een eng jonk Kou an zwee Schof;
22 an et wäert sech erginn: Sou räichlech ginn si Mëllech, datt hie Botter iesse wäert; well Botter an Hunneg wäert jiddereen iessen, deen am Land bliwwen ass.
23 An et wäert sech erginn: Un deem Dag wäert jiddwer Uert, wou et dausend Drauwestäck zu dausend Sëlwerstécker ginn ass, zu Onkraut an Dare gi sinn.
24 Matt Feiler a mat Béi kënnt een dohin; well d’ganz Land wäert Onkraut an Dare sinn.
25 An all déi Bierger, déi bebaut ginn, do wäert d’Angscht virun Onkraut an Dare net méi hikommen, mee do schéckt ee Rëndvéier hin, a Kléngtvéi wäert do trotten.