Scriptures
2 Nephi 4


4. Kapitel

De Lehi beréit a séint seng Posteritéit—Hie stierft a gëtt begruewen—Den Nephi freet sech iwwer d’Guttheet vu Gott—Den Nephi setzt säi Vertrauen an den Här fir ëmmer. Ongeféier 588–570 v. Chr.

1 An elo schwätzen ech, Nephi, a Bezuch op déi Prophezeiungen, vun deene mäi Papp geschwat huet, nämlech déi de Joseph betreffen, deen no Ägypte bruecht gouf.

2 Well kuckt, hien huet tatsächlech a Bezuch op all sengen Nokomme prophezeit. An et ginn net vill Prophezeiungen, déi méi grouss si wéi déi, déi hien niddergeschriwwen huet. An hien huet a Bezuch op ons an op ons kommend Generatioune prophezeit, an et ass op de Placken aus Messeng niddergeschriwwen.

3 Dofir, nodeems mäi Papp opgehalen hat, iwwer d’Prophezeiunge vum Joseph ze schwätzen, huet hien d’Kanner vum Laman, seng Jongen a seng Duechteren, geruff a sot zu hinnen: Kuckt, meng Jongen a meng Duechteren, déi d’Jongen an d’Duechtere vu mengem éischte Gebuerene sidd, ech wënschen, datt dir menge Wierder nolauschtert.

4 Well den Härgott schwätzt: Wann dir meng Geboter haalt, wäert et iech wuel ergoen am Land; a wann dir meng Geboter net haalt, wäert dir aus menger Géigewaart ausgeschloss ginn.

5 Mee kuckt, meng Jongen a meng Duechteren, ech kann net an d’Graf erof goen, ouni iech ee Seegen erdeelt ze hunn; well kuckt, ech weess: Wann dir op deem Wee erzu gitt, deen dir goe sollt, sou wäert dir net dovun ofwäichen.

6 Dofir, falls dir verflucht gitt, kuckt, da ginn ech iech mäi Seegen, fir datt de Fluch vun iech geholl an ären Elteren op d’Haapt bruecht gëtt.

7 Dofir wäert den Härgott wéinst mengem Seegen net zouloossen, datt dir ëmkommt; dofir wäert hien zu iech an ären Nokomme baarmhäerzeg sinn fir ëmmer.

8 An et huet sech erginn: Nodeems mäi Papp opgehal hat, zu de Jongen an Duechtere vum Laman ze schwätzen, huet hien d’Jongen an d’Duechtere vum Lemuel virun sech brénge gelooss.

9 An hien huet zu hinne gesprach, nämlech: Kuckt, meng Jongen a meng Duechteren, déi dir d’Jongen an d’Duechtere vu mengen zweete Jong sidd: Kuckt, ech ginn iech deeselwechte Seegen, deen ech de Jongen an Duechtere vum Laman ginn hunn; dofir wäert dir net ganz vernicht ginn, mee är Nokomme wäerten um Enn geséint sinn.

10 An et huet sech erginn: Wéi mäi Papp opgehal hat, zu hinnen ze schwätzen, kuckt, dunn huet hien zu de Jonge vum Ismael geschwat, jo, an zu sengem ganzen Haus.

11 An nodeems hien opgehalen hat, zu hinnen ze schwätzen, dunn huet hien zum Sam gesprach, nämlech: Geséint sidd dir, du an deng Nokommen; well du wäerts dat Land mat ierwe gläich dengem Brudder Nephi. An deng Nokomme wäerten zu sengen Nokomme gezielt ginn; an du wäerts esou si wéi däi Brudder, an deng Nokommen esou wéi seng Nokommen; an du wäerts an all dengen Deeg geséint sinn.

12 An et huet sech erginn: Nodeems mäi Papp Lehi zu sengem ganzen Haus gesprach hat, no de Gefiller vu sengem Häerzen an nom Geescht vum Här, deen an him war, dunn ass hien al ginn. An et huet sech erginn: Hie ass gestuerwen a gouf begruewen.

13 An et huet sech erginn: Net vill Deeg no sengem Doud sinn de Laman an de Lemuel an d’Jonge vum Ismael wéinst den Ermanunge vum Här rosen op mech ginn.

14 Well ech, Nephi, hu mech gedrängt gefillt, zu hinnen ze schwätze no sengem Wuert; well ech hat hinne Villes gesot, an och mäi Papp viru sengem Doud; a vill vun dëse Wierder ass op mengen anere Placken niddergeschriwwen; well op mengen anere Placke sinn déi méi geschichtlech Deeler niddergeschriwwen.

15 An op dësen hei schreiwen ech dat, wat a menger Séil ass, souwéi Villes vun de Schrëften, déi op de Placken aus Messeng agravéiert sinn. Well meng Séil erfreet sech un de Schrëften, a mäin Häerz sënnt doriwwer no a schreift se nidder zur Beléierung an zum Notze vu menge Kanner.

16 Kuckt, meng Séil erfreet sech un deem, wat vum Här ass; a mäin Häerz sënnt stänneg iwwer dat no, wat ech gesinn an héieren hunn.

17 An awer, trotz der grousse Guttheet vum Här, dee mir seng grouss a wonnerbar Wierker gewisen huet, rifft mäin Häerz aus: O, wat sinn ech dach fir een ongléckséilege Mënsch! Jo, mäin Häerz schummt sech wéinst mengem Fleesch; meng Séil ass bekëmmert wéinst menge Sënden.

18 Ronderëm sinn ech clôturéiert, jo, wéinst de Versuchungen a Sënden, déi sou liicht iwwert mech kommen.

19 A wann ech mech freeë well, sou stöhnt mäin Häerz wéinst menger Sënden; mee ech weess, a wien ech mäi Vertraue gesat hunn.

20 Mäi Gott ass mäi Bäistand; hien huet mech duerch meng Bedrängnisser an der Wüüst gefouert a mech op de Waasser virun der groussen Déift beschützt.

21 Matt senger Léift huet hie mech erfëllt, sou datt mäi Fleesch bal verziert gëtt.

22 Hien huet meng Feinde blaméiert a bewierkt, datt si viru mir zidderen.

23 Kuckt, hien huet mäi Ruffen héieren am Dag, an hien huet mir Wësse ginn duerch Visiounen an der Nuecht.

24 An am Dag hunn ech mech virun him zu muechtvollem Gebiet niddergeknéit, jo, meng Stëmm hunn ech opsteige gelooss zum Himmel, an Engele sinn erof komm an hu mir gedéngt.

25 An op de Flilleke vu sengem Geescht ass mäi Leif op immens héich Bierger ewechgefouert ginn. A meng Aen hu Grousses gesinn, jo, wat ze grouss ass fir de Mënsch; dofir ass mir gebuede ginn, et net nidder ze schreiwen.

26 O dann, wann ech sou grouss Saache gesinn hunn, wann den Här a senger Erofloossung zu de Mënschekanner d’Mënsche mat sou vill Barmhäerzegkeet besicht huet, firwat soll mäin Häerz kräischen a meng Séil am Dall vun der Trauer bleiwen, a mäi Fleesch ofhuelen, a meng Kraaft ofhuelen, wéinst menge Leiden?

27 A firwat soll ech mech, wéinst mengem Fleesch, der Sënd higinn? Jo, firwat soll ech Versuchungen noginn, sou datt dat Béist a mengem Häerze Plaz fënnt, fir mäi Fridden ze zerstéieren a meng Séil ze bedrängen? Firwat sinn ech wéinst mengem Feind rosen?

28 Erwäch, meng Séil! Faul net méi weider a Sënd dohin. Free dech, o mäin Häerz, a gëff dem Feind vu menger Séil net méi laang Raum.

29 Gëff net nach eng Kéier rose wéinst menge Feinden. Looss net meng Kraaft schwaach ginn, wéinst menger Bedrängnisser.

30 Free dech, o mäin Häerz, a jäiz zum Här a so: O Här, ech wëll dech luewe fir ëmmer, jo, meng Séil wäert sech freeën un dir, du mäi Gott a Fiels vu menger Errettung.

31 O Här, wäerts du meng Séil erléisen? Wäerts du mech aus den Hänn vu menge Feinde befreien? Wäerts du mech zidderen doen, wa Sënd méi no kënnt?

32 O datt d’Diere vun der Hell ëmmer viru mir zou bleiwen, well mäin Häerz ëmkéierungsbereet ass a mäi Geescht zerknirscht! O Här, maach d’Diere vun denger Gerechtegkeet viru mir dach net zou, fir datt ech op dem Pad vun der Ernidderegung wandele kann, fir datt ech mech streng un de riichte Wee halen!

33 O Här, lee mir dach de Mantel vun denger Gerechtegkeet ëm! O Här, bereet mir dach ee Wee, datt ech vu menge Feinde fortkommen! Maach dach mäi Pad viru mir riicht! Lee mir dach keng Stolpersténg an de Wee, mee maach mäi Wee fräi viru mir, a maach enk net mäi Wee, mee d’Weeër vu menge Feinden.

34 O Här, op dech hunn ech vertraut, an ech wëll op dech vertraue fir ëmmer. Ech wëll mäi Vertrauen net an den Aarm vum Fleesch setzen; well ech weess: Verflucht ass, dee säi Vertrauen an den Aarm vum Fleesch setzt. Jo, verflucht ass, dee säi Vertrauen a Mënsche setzt a Fleesch zu sengem Aarm mécht.

35 Jo, ech weess, Gott gëtt gären deem, dee freet. Jo, mäi Gott wäert mir ginn, wann ech nëmme richteg froen; dofir wëll ech meng Stëmm zu dir erhiewen; jo, jäize wëll ech zu dir, mäi Gott, Fiels vu menger Gerechtegkeet. Kuck, meng Stëmm soll zu dir erop komme fir ëmmer, du mäi Fiels a mäin éiwege Gott. Amen.