32. Kapitel
Engele schwätzen duerch d’Muecht vum Hellege Geescht—D’Mënsche musse bieden a vu sech selwer Wësse vum Hellege Geescht kréien. Ongeféier 559–545 v. Chr.
1 An elo kuckt, meng léif Bridder, ech mengen, dir sënnt am Häerzen doriwwer no, wat dir maache sollt, wann dir op deem Wee agetruede sidd. Mee kuckt, firwat sënnt dir am Häerzen doriwwer no?
2 Erënnert dir iech da net, datt ech iech gesot hunn, wann dir den Hellege Geescht empfaangen hutt, kënnt dir mat Engelszong rieden? An elo, wéi kënnt dir mat Engelszong rieden, ausser duerch den Hellege Geescht?
3 Engel rieden duerch d’Muecht vum Hellege Geescht; dofir rieden si d’Wierder vum Christus. Dofir hunn ech zu iech gesot: Weed iech un de Wierder vum Christus; well kuckt, d’Wierder vum Christus wäerten iech alles soen, wat dir maache sollt.
4 Wann dir elo, wou ech dës Wierder gesprach hunn, se net verstoe kënnt, sou dowéinst, well dir net frot an och net uklappt; dofir gitt dir net an d‘Liicht gefouert, mee musst am Däischteren ëmkommen.
5 Well kuckt, nach eng Kéier soen ech iech: Wann dir op deem Wee antried an den Hellege Geescht empfänkt, wäert hien iech alles weisen, wat dir maache sollt.
6 Kuckt, dëst ass d’Doktrinn vum Christus, an et wäert keng weider Doktrinn ginn, bis hien sech iech am Fleesch manifestéiert. A wann hien sech iech am Fleesch manifestéiere wäert, sollt dir op déi Saachen oppassen, déi hien iech seet.
7 An elo kann ech, Nephi, näischt méi soen; de Geescht kommandėiert menge Wierder opzehalen, an et bleift mir nëmmen nach, iwwert d’Ongleewegt an d’Béist, iwwer d’Onwëssenheet an d’Topeschkeet vun de Mënschen ze traueren; well si wëllen net no Wëssen truechten, a si wëlle grousst Wëssen net verstoen, och wann se hinnen a Kloerheet gi gëtt, jo, sou kloer, wéi ee Wuert nëmmen ka sinn.
8 An elo, meng léif Bridder, gesinn ech, datt dir am Häerzen nach ëmmer no sënnt, an et deet mir wéi, datt ech doriwwer sprieche muss. Well wann dir op de Geescht lauschtere wéilt, deen d’Mënsche biede léiert, da géift dir wëssen, datt dir biede musst; well de béise Geescht enseignéiert de Mënsch net, ze bieden, mee en enseignéiert hien, datt hien net biede soll.
9 Awer kuck, ech soen iech, datt dir ëmmer biede musst an net ophale sollt; datt dir näischt virum Här maache sollt, ausser datt dir fir d’éischt zum Papp am Numm vum Christus biede sollt, fir datt hien deng Leeschtung fir dech konsekréiert, fir datt deng Leeschtung dem Wuel vun denger Séil déngt.