Scriptures
2 Nephi 1


D’Zweet Buch vum Nephi

E Bericht iwwert den Doud vum Lehi. Dem Nephi seng Bridder rebelléiere géint hien. Den Här warnt den Nephi, an d’Wüüst ze goen. Seng Reesen an der Wüüst, a sou weider.

1. Kapitel

De Lehi prophezeit vun engem Land vun der Fräiheet—Seng Nokomme ginn zerstreet a geschloen, wann si den Hellege vun Israel rejetéieren—Hie fuerdert seng Jongen op, d’Rüstung vun der Gerechtegkeet unzedoen. Ongeféier 588–570 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Nodeems ech, Nephi, mat der Beléierung vu menge Bridder ob en Ënn komm war, huet och eise Papp Lehi villes zu hinne gesot an huet hinne widderholl, wat den Här Grousses fir si gemaach hat, andeems hien si aus dem Land vu Jerusalem gefouert hat.

2 An hien huet zu hinne gesprach a Bezuch op hir Rebellioun op dem Mier an iwwer d’Baarmhäerzegkeet Gottes, deen hiert Liewe verschount hat, sou datt si net vum Mier verschlonge gi waren.

3 An hien huet och zu hinne geschwat iwwer dat versprachent Land, dat si kritt haten—wéi baarmhäerzeg den Här war, andeems hien eis gewarnt huet, datt mir aus dem Land vu Jerusalem flüchte sollten.

4 Well kuckt, sot hien, ech hunn eng Visioun gesinn, an dohier weess ech, datt Jerusalem zerstéiert ginn ass; a wäre mir a Jerusalem bliwwen, sou wären och mir ënner gaangen.

5 Mee, sot hien, trotz eise Leiden, hu mir e versprachent Land kritt, e Land, dat méi wéi all aner Länner auserwielt ass; e Land, duerch dat den Här Gott mat mir eng Allianz gemaach huet, fir datt et e Land als d’Ierfschaft vir meng Nokomme sief. Jo, den Här huet dëst Land mir a menge Kanner versprach fir ëmmer, genausou och all deenen, déi duerch d’Hand vum Här aus anere Länner erbäigefouert wäerte ginn.

6 Dofir, ech, Lehi, prophezeien, no der Manéier vum Geescht, deen a mir ass, datt keen an dëst Land komme soll, ausser si gi vun der Hand vum Här bruecht.

7 Dofir ass dëst Land deem geweit, deen hie bréngt. A wann et sou ass, datt si him no de Geboter déngen, déi hie ginn huet, da soll et e Land vun der Fräiheet fir si sinn; dofir sollen si ni a Gefaangenschaft bruecht ginn; wann dat de Fall ass, da soll et wéinst Ongerechtegkeet sinn; well wann d’Ongerechtegkeet sech verbreet, da soll d’Land fir si verflucht sinn, awer fir déi Gerecht soll et fir ëmmer geséint ginn.

8 An gesitt, et ass a senger Weisheet, datt d’Wësse vun dësem Land nach ëmmer bei anere Vëlker zeréckbehale gëtt; well gesitt, vill Natioune géifen d’Land iwwerrennen, sou datt keng Plaz méi fir eng Ierfschaft bleiwe géif.

9 Dofir hunn ech, Lehi, ee Verspriechen erhalen: Souwäit déijéineg, déi den Härgott aus dem Land vu Jerusalem féiere wäert, seng Geboter halen, wäert et hinne wuel ergoen an dësem Land; a si wäerte vun allen aneren Natioune beschützt bleiwen, fir datt si dëst Land fir sech behale kënnen. A wann si seng Geboter halen, wäerten si an dësem Land geséint sinn, a kee wäert si belästegen nach hinnen d’Land vun hirer Ierfschaft huelen; a si wäerte sécher wunne fir ëmmer.

10 Mee kuckt, wann d’Zäit kënnt, datt si an Onglawe verfalen, nodeems si sou vill vun der Hand vum Här geséint gi ware—well si d’Kreatioun vun der Äerd a vun all Mënsche kennen, an déi grouss a wonnerbar Wierker vum Här vun der Kreatioun vun der Welt u kennen; well hinnen d’Muecht ginn ass, alles duerch Glawen ze maachen; well si all d’Geboter vun Ufank un hunn, a well si duerch seng onendlech Guttheet an dëst wäertvollt Land vum Verspriechen bruecht goufen—kuckt, ech soen, wann den Dag kënnt, wou si den Hellege vun Israel, de richtege Messias, hiren Erléiser an hire Gott, ofleenen, kuckt, da wäerten d’Urteeler vun deem, dee gerecht ass, op hinne rouen.

11 Jo, hie wäert aner Natiounen zu hinnen erbäiféieren, an deene wäert hie Muecht ginn, an hie wäert d’Land vun hirem Ierfdeel vun hinnen huelen, an hie wäert si zerstreeën a schloe loossen.

12 Jo, sou wéi eng Generatioun an déi aner iwwergeet, wäert et ënnert hinne Bluttvergéissen a grouss Heemsichunge ginn; dofir, meng Jongen, hätt ech gär, datt dir dorunner denkt; jo, ech hätt gär, datt dir op meng Wierder lauschtert.

13 O, wann dir géift erwächen; erwächt aus engem déiwe Schlof, jo, souguer aus dem Schlof vun der Hell, a schëddelt déi schrecklech Ketten of, mat deenen dir gebonne sidd, wat d’Kette sinn, déi d’Mënschekanner bannen, fir datt si an den éiwege Golf vum Misär a Leed gefaange geholl ginn.

14 Erwächt, an erhieft iech aus dem Stëbs, an héiert d’Wierder vun engem zidderege Papp, deem seng Schanken dir gläich an dat kaalt a stëllt Gruef leeë musst, vu wou kee Wanderer zeréckkéiere kann; e puer Deeg nach, an ech ginn de Wee vun allem Ierdeschen.

15 Mee kuckt, den Här huet meng Séil vun der Hell erléist; an ech hunn seng Herrlechkeet gekuckt a sinn op éiweg ëmaarmt vun den Äerm vu senger Léift.

16 An ech wënschen, datt dir dorunner denkt, d’Satzungen an d’Riichterspréch vum Här ze beuechten; kuckt, dëst war vun Ufank un d’Besuergnës vu menger Séil.

17 Vun Zäit zu Zäit war mir d’Häerz vu Suerg schwéier; well ech hu gefaart, den Här, äre Gott, géif wéinst ärer Häerzenshäert an der Fëllt vu senger Roserei iwwert iech kommen, sou datt dir ausgeschloss a fir ëmmer vernicht wäert sinn;

18 oder datt vill Generatioune laang ee Fluch iwwert iech komme géif an datt dir mat Schwäert an Hongersnout heemgesicht géift, datt dir gehaasst an nom Wëlle vum Däiwel an d’Gefaangenschaft geleet géift.

19 O meng Jongen, datt dëst awer net iwwert iech kéim, mee dir een auserwieltent a vum Här favorabelt Vollek géift sinn. Mee kuckt, säi Wëlle geschitt; well seng Weeër si fir ëmmer Gerechtegkeet.

20 An hien huet gesot: Wann dir meng Geboter haalt, wäert et iech wuel ergoen am Land; awer wann dir meng Geboter net haalt, wäert dir aus menger Géigewaart ausgeschloss ginn.

21 An elo, fir datt meng Séil Freed un iech kann hunn, a mäin Häerz dës Welt mat Freed wéinst iech verloosse kann, fir datt ech net mat Trauer a Leed an d’Graf erofbruecht ginn, stitt aus dem Stëbs op, meng Jongen, a sidd Männer, a sidd entschloss an engem Geescht an an engem Häerz, vereenegt an allem, fir datt dir net a Gefaangenschaft erofgitt;

22 fir datt dir net verflucht gitt mat engem schwéiere Fluch an och fir datt dir net den Onmutt vun engem gerechte Gott iwwert iech bréngt zur Vernichtung, jo, zur éiweger Vernichtung vun der Séil a vum Leif.

23 Erwächt, meng Jongen; dot d’Rüstung vun der Gerechtegkeet un. Gehait d’Ketten of, woumadder dir gebonne sidd, a kommt ervir aus dem Verstoppten, an erhieft iech aus dem Stëbs.

24 Rebelléiert net méi géint äre Brudder, well wat hie gesinn huet, ass herrlech, an hien huet d’Geboter gehale vun där Zäit un, wéi mir Jerusalem verlooss hunn; hien ass een Instrument an der Hand Gottes gewiescht, andeems hien eis an d’versprachent Land gefouert huet; well wann hien net gewiescht wär, da wäre mir an der Wüüst ënner gaangen; an awer hutt dir him nom Liewe getruecht, jo, an hien huet wéinst iech vill Kummer gelidden.

25 An ech hu vill gefaart a geziddert wéinst iech, datt dir hie weider leide loosst; well kuckt, dir hutt hie beschëllegt, hie géif no Muecht an no Autoritéit iwwert iech truechten; mee ech weess, datt hien net no Muecht an no Autoritéit iwwert iech getruecht huet, mee hien huet no der Herrlechkeet Gottes getruecht, fir datt dir selwer éiwegt Wuel sollt hunn.

26 An dir hutt gemeckert, well hien iech géigeniwwer kloer geschwat huet. Dir sot, hie wär iech mat Schäerft begéint; dir sot, hie wär op iech rose gewiescht; mee kuckt, seng Schäerft war d’Schäerft vun der Muecht vum Wuert Gottes, dat an him war; a wat dir Roserei nennt, dat war d’Wouerecht no deem, wat a Gott ass, an hie konnt et net zeréckhalen; an sou huet hien iech är Sënden ouni ze fäerte proklaméiert.

27 An et muss noutwennegerweis esou sinn, datt d’Muecht Gottes mat him ass, an zwar esou vill, datt hien iech kommandéiert, an dir musst follegen. Awer kuckt, et war net hien, mee de Geescht vum Här an him, deen him de Mond zum Schwätzen op gemaach huet, sou datt hien net stëllschweige konnt.

28 An elo, mäi Jong Laman an och dir, Lemuel a Sam, an och dir, meng Jongen, déi dir d’Jonge vum Ismael sidd, kuckt, wann dir op dem Nephi seng Stëmm lauschtert, da wäert dir net ëmkommen. A wann dir op hie lauschtere wëllt, sou hannerloossen ech iech mäi Seegen, jo, mäin éischte Seegen.

29 Wann dir awer net op hie lauschtere wëllt, sou huelen ech mäin éischte Seege vun iech, jo, mäi Seegen, an e wäert op him rouen.

30 An elo, Zoram, schwätzen ech zu dir: Kuck, du bass dem Laban säi Kniecht; an awer bass du aus dem Land vu Jerusalem gefouert ginn, an ech weess, dat s du mengem Jong Nephi een treie Frënd waars a bass.

31 Dofir, well s du trei waars, soll däin Nokomme mat sengem Nokomme geséint ginn, sou datt si laang am Wuelstand an dësem Land liewen; an näischt, ausser Ongerechtegkeet ënnert hinnen, soll hirem Wuelstand an dësem Land fir ëmmer schueden oder stéieren.

32 Dofir, wann dir d’Geboter vum Här haalt, sou huet den Här dëst Land geweit, fir datt deng Nokomme bei den Nokomme vu mengem Jong a Sécherheet sinn.