Scriptures
2 Nephi 23


23. Kapitel

D’Zerstéierung vu Babylon ass eng Duerstellung vun der Zerstéierung beim Zweete Kommen—Et wäert en Dag vu Roserei a vun der Vergeltung sinn—Babylon (d’Welt) wäert fir ëmmer falen—Vergläicht Jesaja 13. Ongeféier 559–545 v. Chr.

1 D’Charge op Babylon, déi de Jesaja, de Jong vum Amoz, gesinn huet:

2 Hieft e Banner op engem héije Bierg, erhieft d’Stëmm zu hinnen, schëddelt d’Hand, fir datt si duerch d’Paarte vun den Adelegen eragoen.

3 Ech hu meng Gehellegten opgebueden, hunn och meng Mächteg geruff; well meng Roserei ass net op deenen, déi sech u menger Souveränitéit freeën.

4 Getëmmels op de Bierger wéi vun engem grousse Vollek, een heftege Kaméidi vu Kinnekräicher vu versammelten Natiounen; den Här vun den Arméie mustert selwer d’Kampfscharen.

5 Si kommen aus fernem Land, vum Rand vum Himmel hir, jo, den Här an d’Waffe vu senger Entrëschtung, fir d’ganz Land ze zerschloen.

6 Kräischt, well den Dag vum Här ass no; Wéi Zerschloung wäert hie vum Allmächtege kommen.

7 Dofir wäerten all Hänn erschlaffen, all Mënschenhäerz wäert zerschmëlzen,

8 a si wäerte fäerten; Angscht a Wéi ergräifen si; ee starrt deen aneren un, hir Gesiichter gléie wéi Flamen.

9 Kuckt, den Dag vum Här kënnt, grausam vu Grimm a vun hefteger Roserei, d’Land ze devastéieren; an hie wäert de Sënder doraus ewech vernichten.

10 Well d’Stäre vum Himmel a seng Stärebiller loossen hiert Liicht net liichten; scho bei hirem Ofgang ass d’Sonn verdonkelt, an de Mound léisst säi Liicht net liichten.

11 Ech wëll d’Welt bestrofe fir dat Béist, an déi Béis fir hir Ongerechtegkeeten; ech wëll der Presomptioun vun de Stolzen een Ënn maachen an den Héichmutt vun de Schrecklechen erniddregen.

12 Ee Mann wëll ech méi kostbar loossen ginn ewéi echt Gold, jo, de Mënsch méi wäertvoll wéi ee Klompe Gold aus Ophir.

13 Dofir wëll ech d’Himmele schëddelen, an d’Äerd wäert sech vun hirer Plaz hiewe bei der Roserei vum Här vun den Arméien an um Dag vu senger grousse Roserei.

14 An et wäert si wéi mat enger gejote Gazell, wéi mat engem Schof, datt keen zou sech hëlt; a jidderee wäert sech zu sengem eegene Vollek wennen, a jiddweree wäert a säin eegent Land fort lafen.

15 A jiddwereen, dee stolz ass, wäert duerchstouss ginn, jo, a jiddwereen, deen sech zu de Béisen hält, wäert duerch d’Schwäert falen.

16 Hir Kanner gi virun hiren Aen zerschmettert, hir Haiser gi geplënnert an hir Frae geschändet.

17 Kuckt, ustachele wëll ech d’Medes géint si, déi d’Sëlwer an d’Gold net uechten a sech net dorunner erfreeën.

18 Hir Béi wäerten och déi jonk Männer zerstéieren; a si wäerte kee Matleed mat der Fruucht vum Schouss hunn; hir Ae wäerten d’Kanner net verschounen.

19 A Babylon, d’Herrlechkeet vun de Kinnekräicher, d’Schéinheet vun der Herrlechkeet vun de Chaldeeër, wäert sinn, sou wéi Gott Sodom a Gomorra gestierzt huet.

20 Nimools méi wäert se besidelt sinn, net méi bewunnt vu Generatioun zu Generatioun: den Araber wäert do net zelten, an d’Hierte wäerten do kee Lager maachen.

21 Mee déi wëll Déiere vun der Wüüst wäerten do lageren, an hir Haiser wäerte voll vu Kreature sinn, déi kloen; an Eile wäerten do hausen, a Bocksféisser wäerten do danzen.

22 D’wëll Déiere vun den Inselen hurelen an de verloossen Haiser a Monsteren an de bequeme Palasten; hir Zäit steet no bevir, an hir Deeg ginn net verlängert. Well ech wëll si gläich zerschloen; jo, baarmhäerzeg wëll ech zu mengem Vollek sinn, mee déi Béis wäerten ëmkommen.