29. Kapitel
Vill Heide wäerten d’Buch vum Mormon ofleenen—Si wäerte soen: Mir brauchen net nach eng Bibel—Den Här schwätzt zu villen Natiounen—Hie wäert d’Welt no de Bicher riichten, déi geschriwwe ginn. Ongeféier 559–545 v. Chr.
1 Mee kuckt, et wäert der vill sinn—un deem Dag, wou ech weidermaache wäert, e wonnerbaart Wierk ënnert hinnen ze maachen, fir datt ech mech u meng Allianzen erënnere kann, déi ech mat de Mënschekanner gemaach hunn, fir datt ech meng Hand erëm eng zweete Kéier ausstrecke kann, fir mäi Vollek ze retten, dat aus dem Haus vun Israel ass;
2 An och, fir datt ech mech un d’Verspriechen erënnere kann, dat ech dir, Nephi, an och dengem Papp gemaach hunn, datt ech ären Nokomme gedenke wäert; an datt d’Wierder vun dengen Nokommen aus mengem Mond zu ären Nokommen erausgoe sollen; a meng Wierder wäerte bis un d’Enn vun der Äerd zischen, als e Banner fir mäi Vollek, dat aus dem Haus vun Israel ass;
3 A well meng Wierder hin zische wäerten, do wäerten där vill vun den Anere soen: Eng Bibel! Eng Bibel! Mir hunn eng Bibel, an et kann net nach méi Bibel ginn.
4 Mee sou seet den Här Gott: O Gecken, si wäerten eng Bibel hunn; an déi wäert vun de Judden erauskommen, mengem ale Vollek vun der Allianz. A wéi danken si de Judde fir d’Bibel, déi si vun hinnen empfaangen? Jo, wat mengen déi Aner? Erënneren si sech un d’Méi, d’Aarbecht an d’Péng vun de Judden, an un hire Fläiss géintiwwer mir, fir den Heiden d’Erléisung ze bréngen?
5 O dir Heiden, hutt dir un d’Judde geduecht, mäin aalt Vollek vun der Allianz? Nee; awer Dir hutt si verflucht, an hutt si gehaasst, an hutt net probéiert se zeréckzekréien. Awer kuckt, ech wäert all dës Saachen op är eege Käpp zeréckbréngen; well ech, den Här, hu mäi Vollek net vergiess.
6 Du Geck, deen du sees: Eng Bibel, mir hunn eng Bibel, a mir brauchen net nach méi Bibel. Hutt dir dann eng Bibel kritt, ausser vun de Judden?
7 Wësst dir dann net, datt et méi wéi eng Natioun gëtt? Wësst dir dann net, datt ech, den Här, äre Gott, all Mënschen erschafen hunn an datt ech deene gedenken, déi op den Insele vum Mier sinn, an datt ech an den Himmelen uewen an op der Äerd ënnen herrschen a mäi Wuert fir d’Mënschekanner ervirbréngen, jo, fir all Natioune vun der Äerd?
8 Firwat grommelt dir dann dogéint, datt dir nach méi vu mengem Wuert empfänke sollt? Wësst dir dann net, datt den Temoignage vun zwou Natioune fir iech ee Beweis ass, datt ech Gott sinn, datt ech där enger Natioun genausou gedenken ewéi där anerer? Dofir rieden ech zu der engen Natioun déiselwecht Wierder ewéi zu der anerer. A wann déi zwou Natiounen zesummekommen, da wäert och den Temoignage vun den zwou Natiounen zesummekommen.
9 An ech maachen dat, fir villen ze beweisen, datt ech deselwechte si gëschter, haut a fir ëmmer an datt ech meng Wierder ausschwätzen, wéi et mir gefält. An well ech ee Wuert geschwat hunn, braucht Dir net ze mengen, datt ech keen anert Wuert soe kann; well mäi Wierk ass nach net fäerdeg; et wäert et och net sinn, bis zum Enn vun der Mënschheet, weder vun där Zäit un nach fir ëmmer.
10 Dofir, well dir eng Bibel hutt, braucht dir net ze mengen, se géif all meng Wierder enthalen; dir braucht och net ze mengen, ech hätt net nach méi schreiwe gelooss.
11 Well ech kommandéieren alle Mënschen, am Oste genausou wéi am Westen an am Norden an am Süden an op den Insele vum Mier, déi Wierder nidder ze schreiwen, déi ech zu hinne schwätzen; well aus de Bicher, déi geschriwwe ginn, wëll ech d’Welt riichten, jiddereen no senge Wierker no deem, wat geschriwwe steet.
12 Well kuckt, ech wäert zu de Judde spriechen, a si wäerten et schreiwen; an ech wäert och zu den Nephite spriechen, a si wäerten et schreiwen; an ech wäert och zu den anere Stämm vum Haus vun Israel spriechen, a si wäerten et schreiwen; an ech wäert och zu allen Natioune vun der Äerd spriechen, a si wäerten et schreiwen.
13 An et wäert sech erginn: D’Judde wäerten d’Wierder vun den Nephiten hunn, an d’Nephite wäerten d’Wierder vun de Judden hunn; an d’Nephiten an d’Judde wäerten d’Wierder vun de verluerene Stämm vun Israel hunn; an déi verluere Stämm vun Israel wäerten d’Wierder vun den Nephiten a vun de Judden hunn.
14 An et wäert sech erginn: Mäi Vollek, dat vum Haus vun Israel ass, wäert an d’Länner vun hirem Besëtz zesumme gefouert ginn; an och mäi Wuert wäert an eent zesummegefaasst ginn. An deenen, déi géint mäi Wuert a géint mäi Vollek, dat vum Haus vun Israel ass, streiden, wäert ech weisen: Ech si Gott an hu mam Abraham d’Allianz geschloss, datt ech sengen Nokomme gedenke wëll fir ëmmer.