25. Kapitel
Den Nephi bretzt sech mat der Kloerheet—D’Prophezeiunge vum Jesaja ginn an de leschten Deeg verstanen—D’Judde kommen aus Babylon zeréck, kräizegen de Messias a ginn zerstreet a geschloen—Si ginn erëm hiergestallt, wann si un de Messias gleewen—Hie kënnt fir d’éischt sechshonnert Joer nodeems de Lehi Jerusalem verlooss huet—D’Nephiten halen d’Gesetz vum Moses a gleewen un de Christus, deen den Hellege vun Israel ass. Ongeféier 559–545 v. Chr.
1 Lo schwätzen ech, Nephi, e bëssen iwwert déi Wierder, déi ech geschriwwen hunn, nämlech déi vum Jesaja sengem Mond gesprach gi sinn. Well kuckt, de Jesaja huet villes gesprach, wat fir vill vu mengem Vollek schwéier ze verstoen ass; well si kennen net d’Weis vum Prophezeien ënnert de Judden.
2 Well ech, Nephi, hunn si net vill an der Weis vun de Judde beléiert, well hir Wierker waren Wierker vun der Däischtert, an hir Dote waren abscheilech Doten.
3 Dofir schreiwen ech fir mäi Vollek a fir all déijéineg, déi spéider mol dat, wat ech schreiwen, empfaange wäerten, sou datt si d’Riichterspréch Gottes gewuer kënne ginn, déi iwwert all Natioune komme nom Wuert, dat hie gesprach huet.
4 Dofir, lauschtert, O mäi Vollek, dat s du aus dem Haus vun Israel bass, a schenk menge Wierder Gehéier; well d’Wierder vum Jesaja net kloer fir dech sinn, sinn se trotzdeem kloer fir all déi, déi mam Geescht vun der Prophezeiung erfëllt sinn. Mee ech ginn iech eng Prophezeiung, nom Geescht, deen a mir ass; dofir wäert ech no der Kloerheet prophezeien, déi bei mir war, zënter ech mat mengem Papp aus Jerusalem erauskomm sinn; well kuckt, meng Séil huet Freed un der Kloerheet vis-à-vis vu mengem Vollek, fir datt si léiere kënnen.
5 Jo, meng Séil erfreet sech un dem Jesaja senge Wierder, well ech sinn aus Jerusalem komm, a mat mengen Aen hunn ech d’Wiese vun de Judden erkannt, an ech weess, datt d’Judden d’Wiese vun de Prophete verstinn, an et gëtt keen anert Vollek, dat gläich hinne versteet, wat zu de Judde gesprach ginn ass, ausser et gouf entspriechend dem Wiese vun de Judde beléiert.
6 Mee kuck, ech, Nephi, hu meng Kanner net no der Weis vun de Judde beléiert; mee kuck, ech selwer hunn zu Jerusalem gewunnt, dofir weess ech vun de Gebidder ronderëm; an ech hu menge Kanner vun de Riichterspréch Gottes erzielt, déi sech ënnert de Judden erginn hunn, jo, menge Kanner, no all deem, wat de Jesaja gesprach huet, an ech schreiwen et net nidder.
7 Mee kuck, ech fuere mat menger eegener Prophezeiung weider no menger Kloerheet; an doranner kann sech kee Mënsch ieren, dat weess ech; mee an den Deeg, wann sech dem Jesaja seng Prophezeiungen erfëllen, wäerten d’Mënschen et mat Gewëssheet wëssen, nämlech dann, wann et sech ergi wäert.
8 Dofir sinn se fir d’Mënschekanner vu Wäert, a wien do mengt, se wieren et net, zu dem wëll ech besonnesch schwätzen, elo awer d’Wierder op mäin eegent Vollek beschränken; well ech weess, datt se an de leschten Deeg vu groussem Wäert fir dës wäerte sinn; well un deem Dag wäert et se verstoen, dofir hunn ech se zu sengem Beschten niddergeschriwwen.
9 A wéi eng Generatioun ënnert de Judde fir hir Sënde vernicht ginn ass, sou sinn se vu Generatioun zu Generatioun no hire Ongerechtegkeete vernicht ginn; an nimools ass eng vun hinne vernicht ginn, ouni datt et hinne vun de Prophete vum Här virausgesot ginn ass.
10 Dofir ass hinne vun der Vernichtung erzielt ginn, déi iwwert si komme wäert, gläich nodeems mäi Papp Jerusalem verlooss hat; an dach hunn si hiert Häerz verhäert; an no menger Prophezeiung sinn si vernicht ginn ausser deenen, déi no Babylon a Gefaangenschaft gefouert gi sinn.
11 An elo schwätzen ech dës aus dem Geescht, deen a mir ass. Obschonn si ewech gefouert gi sinn, wäerten si dach zeréck kéieren an d’Land Jerusalem besëtzen; dofir wäerten si zeréckgefouert ginn an d’Land vun hirer Ierfschaft.
12 Mee kuck, Kricher a Krichrumeure wäert et bei hinne ginn; a wann den Dag kënnt, wou den Eenzeg Gebuerene vum Papp, jo, deen de Papp vum Himmel a vun der Äerd ass, sech hinnen am Fleesch manifestéiert, kuck, da wäerten si hie verwerfe wéinst hirer Sënden, wéinst hirer Häerzenshäert an Tockskappegkeet.
13 Kuck, si wäerten hie kräizegen; an nodeems hien dräi Deeg an engem Graf geleeën huet, wäert hie vun den Doudegen operstoen, mat Heelung ënner senge Flilleken; an all déi, déi un säin Numm gleewen, ginn am Räich vu Gott gerett. Dofir erfreet sech meng Séil dorunner, a Bezuch op hien ze prophezeien, well ech hunn säin Dag gesinn, a mäin Häerz mécht säin hellegen Numm grouss.
14 A kuck, et wäert sech erginn: Wann de Messias vun den Doudegen operstanen ass a sech sengem Vollek gewisen huet, nämlech deenen, déi u säin Numm gleewe wëllen, kuck, da wäert Jerusalem erëm zerstéiert ginn; well Wéi deenen, déi géint Gott an d’Vollek vu senger Kierch streiden.
15 Dofir wäerten d’Judden ënnert all Natiounen zerstreet ginn; jo, an och Babylon wäert zerstéiert ginn; dofir wäerten d’Judden duerch aner Natiounen zerstreet ginn.
16 An nodeems si verstreet gi sinn, an den Här Gott si vun aneren Natioune fir de Zäitraum vu ville Generatioune geziicht huet, jo, souguer vu Generatioun zu Generatioun, bis si iwwerzeegt gi sinn, un de Christus, de Jong vu Gott, an un d’Versönung ze gleewen, déi onendlech fir déi ganz Mënschheet ass—a wann deen Dag kënnt, datt si un de Christus gleewen, an de Papp a sengem Numm veréieren, mat rengen Häerzer a propperen Hänn, an net méi no engem anere Messias auskucken, dann, zu där Zäit, wäert den Dag kommen, datt et onbedéngt néideg muss sinn, datt si dës Saache gleewen.
17 An den Här wäert fir zweet seng Hand hiewen, fir säi Vollek aus hirem verluerenen a gefalenen Zoustand erëm hierzestellen. Dofir wäert hie weider e wonnerbaart Wierk an e Wonner ënnert de Mënschekanner maachen.
18 Dofir wäert hien seng Wierder u si komme loossen, an dës Wierder wäerten um leschten Dag iwwert si riichten; well se wäerten hinne gi ginn, fir si vum richtege Messias ze iwwerzeegen, deen si verworf hunn, an si dovunner ze iwwerzeegen, datt si net méi duerno auskucke mussen, datt ee Messias kënnt; well et wäert kee kommen, ausser et wier ee falsche Messias, deen d’Vollek täusche wëll; well et gëtt nëmmen ee Messias, vun deem d’Prophete gesprach hunn, an dat ass dëse Messias, dee vun de Judde verworf wäert ginn.
19 Well no de Wierder vun de Prophete kënnt de Messias sechshonnert Joren no där Zäit, wou mäi Papp Jerusalem verlooss hat; an no de Wierder vun de Propheten an och no de Wierder vum Engel Gottes wäert säin Numm Jesus Christus sinn, de Jong vu Gott.
20 An elo, meng Bridder, hunn ech kloer gesprach, fir datt dir iech net iere kënnt. An esou, wéi den Här Gott lieft, deen Israel aus dem Land Ägypten eropgefouert huet, an dem Moses d’Muecht ginn huet, d’Natiounen ze heelen, nodeems se vun de gëftege Schlaange gebass gi waren, wann se mat hiren Aen op d’Schlaange géife kucken, déi hie virun hinnen héichgehalen huet, an him och d’Muecht ginn huet, datt hie géint de Fiels schloe géif an d’Waasser erauskéim; jo, kuckt, ech soen iech, datt sou, wéi dës Saache wouer sinn, an sou, wéi den Här Gott lieft, wäert et keen aneren Numm ënnert dem Himmel ginn ausser dëse Jesus Christus, vun deem ech geschwat hunn, duerch deen de Mënsch gerett ka ginn.
21 Sou huet mir den Här Gott aus dësem Grond verheescht, datt dëst hei, wat ech nidderschreiwen, preservéiert gëtt an zu mengen Nokomme komme wäert, vu Generatioun zu Generatioun, fir datt sech d’Verspriechen um Joseph erfëllt, seng Nokomme géifen net ëmkommen, soulaang d’Äerd besteet.
22 Dofir wäert dëst hei vu Generatioun zu Generatioun kommen, soulaang d’Äerd besteet; an dës geschitt, wéi Gott et wëll a wéi et him gefält; an d’Natiounen, déi et a Besëtz wäerten hunn, wäerten dorunner geriicht ginn no de Wierder, déi geschriwwe sinn.
23 Well mir schaffe fläisseg drun ze schreiwen, fir eis Kanner an och eis Bridder ze iwwerzeegen, un de Christus ze gleewen a mat Gott versöönt ze ginn; well mir wëssen, datt mir duerch Gnod gerett ginn, no allem, wat mir maache kënnen.
24 A wa mir och u Christus gleewen, sou befollege mir d’Gesetz vum Moses a kucke standhaft no Christus aus, bis d’Gesetz erfëllt wäert sinn.
25 Well zu dësem Zweck ass d’Gesetz ginn; dofir ass d’Gesetz doud gi fir eis, a mir si wéinst eisem feste Glawe lieweg gemaach a Christus; mee awer befollege mir d’Gesetz wéinst de Geboter.
26 A mir schwätze vu Christus, mir freeën eis iwwert de Christus, mir priedegen de Christus, mir prophezeie vum Christus, a mir schreiwen no eise Prophezeiungen, fir datt eis Kanner wësse géifen, vu wellecher Quell si Verzeiung vun hire Sënden erhoffe kënnen.
27 Dofir schwätze mir iwwer d’Gesetz, fir datt eis Kanner den Doud vum Gesetz erkennen; an datt si, andeems si den Doud vum Gesetz kennen, no vir op dat Liewen, wat a Christus ass, kënne kucken a wëssen, fir wéi een Zweck d’Gesetz ginn ass. An nodeems d’Gesetz a Christus erfëllt ass, datt si hir Häerzer net géint hie verhäerte mussen, wann d’Gesetz sollt ofgeschaaft ginn.
28 An elo kuck, mäi Vollek, dir sidd een obstinéiert Vollek; dofir hunn ech kloer zu iech gesprach, sou datt dir mech net mëssverstoe kënnt. An déi Wierder, déi ech gesprach hunn, sollen als een Temoignage géint iech stinn; well se ginn duer, jiddwerengem de richtege Wee ze léieren; well et ass de richtege Wee, u Christus ze gleewen an hien net ze leegnen; well wann dir hie leegent, da leegent dir och d’Propheten an d’Gesetz.
29 An elo, kuckt, ech soen iech, datt de richtege Wee ass, un de Christus ze gleewen an hien net ze verleegnen; an de Christus ass den Hellege vun Israel; dofir musst dir virun him näipen an hien ubiede mat all ärer Muecht, ärem Sënn an ärer Kraaft, a mat ärer ganzer Séil; a wann dir dat maacht, da gitt dir op kee Fall ausgestouss.
30 A well dëst rotsam ass, musst dir déi Verriichtungen a Veruerdnunge Gottes befollegen, bis d’Gesetz erfëllt wäert sinn, dat dem Moses ginn ass.