Scriptures
2 Nephi 3


3. Kapitel

De Joseph an Ägypten huet d’Nephiten an enger Visioun gesinn—Hie prophezeit iwwert de Joseph Smith, de Seher vun de leschten Deeg; iwwert de Moses, deen Israel befreie géif; a vun der Erscheinung vum Buch vum Mormon. Ongeféier 588–570 v. Chr.

1 An elo schwätzen ech zu dir, Joseph, mäi Leschtgebuerenen. Du bass an der Wüüst matzen a menge Bedrängnisser gebuere ginn; jo, an den Deeg vu menge gréisste Problemer huet deng Mamm dech gebueren.

2 An den Här soll dir och dëst Land, dat e ganz wäertvollt Land ass, als deng Ierfschaft an d’Ierfschaft vun dengen Nokomme mat denge Bridder, fir hir Sécherheet fir ëmmer, konsekréieren, wann et sou ass, datt s du d’Geboter vum Hellege vun Israel häls.

3 An elo, Joseph, mäi Leschtgebuerenen, deen ech aus der Wüüst vu menge Bedrängnisser gefouert hunn: Datt den Här dech séine géif fir ëmmer, well deng Nokomme sollen net ganz vernicht ginn.

4 Well kuck, du bass d’Fruucht vu mengem Leif; an ech stamen of vum Joseph, dee gefaangen no Ägypte gefouert gouf. A grouss waren d’Allianze vum Här, déi hie fir de Joseph gemaach huet.

5 Dofir huet de Joseph tatsächlech eis Zäit gesinn. An hien huet d’Versprieche vum Här kritt, datt aus der Fruucht vu senge Lenden den Här Gott eng gerecht Branche fir d’Haus vun Israel erhiewe géif; net de Messias, mee eng Branche, déi ofgebrach sollt ginn, awer trotzdeem, fir un d’Allianze vum Här ze erënneren, déi de Messias hinnen an de leschten Deeg am Geescht vun der Muecht manifestéiere wäert, fir si aus der Däischtert an d’Liicht ze bréngen—jo, aus der verstoppter Däischtert an aus der Gefaangenschaft an d’Fräiheet.

6 Well de Joseph huet et tatsächlech temoignéiert, nämlech: Ee Seher wäert den Här, mäi Gott, sech erwächen, deen een auserwielte Seher fir d’Fruucht vu mengem Leif soll sinn.

7 Jo, de Joseph huet tatsächlech gesot: Sou seet den Här zu mir: Een auserwielte Seher wëll ech mir aus der Fruucht vun dengem Leif erwächen; an hie soll ënnert der Fruucht vu dengem Leif héich geuecht sinn. An him ginn ech den Uerder, datt hie fir d’Fruucht vun dengem Leif, senge Bridder, ee Wierk maache soll, déi hinne vu groussem Wäert wäert ass, fir si zum Wësse vun den Allianzen ze bréngen, déi ech mat denge Pappe gemaach hunn.

8 An ech wäert him d’Gebot ginn, datt hie keng aner Aarbecht maache soll ausser déi, déi ech him gebidde wäert. An ech wëll hien a mengen Ae grouss maachen, well hie soll mäi Wierk maachen.

9 An hie soll grouss si wéi de Moses, vun deem ech gesot hunn, ech géif hie fir iech erwächen, fir datt hie mäi Vollek befreit, o Haus vun Israel.

10 An de Moses wëll ech mir erwächen, fir dat hien däi Vollek aus dem Land Ägypte befreit.

11 Mee e Seher wäert ech aus der Fruucht vun dengem Leif erwächen; an him ginn ech d’Muecht, mäi Wuert un d’Nokomme vun dengem Leif ze bréngen—an net nëmmen dofir, mäi Wuert erauszebréngen, seet den Här, mä dofir, si vu mengem Wuert ze iwwerzeegen, dat scho bei hinnen erausgaangen ass.

12 Dofir soll d’Fruucht vun dengem Leif schreiwen; an d’Fruucht vum Juda sengem Leif soll schreiwen; a wat vun der Fruucht vun dengem Leif geschriwwe wäert ginn a wat vun der Fruucht vum Juda sengem Leif geschriwwe wäert ginn, dat soll zesumme wuessen, fir datt falsch Doktrinne blaméiert ginn a Streidereie bäigeluecht ginn an ënnert der Fruucht vun dengem Leif Fridden opgeriicht géif a si an de leschten Deeg hir Papen erkennen a fir dat si och meng Allianzen erkennen, schwätzt den Här.

13 An aus der Schwächt eraus soll hie staark gemaach ginn un deem Dag, wa mäi Wierk ënnert mengem Vollek ufänke wäert, op dat s du, o Haus vun Israel, rëm hirgestallt géifs, schwätzt den Här.

14 An sou huet de Joseph prophezeit, nämlech: Kuckt, den Här wäert dëse Seher séinen; wien awer duerno truecht, hien ze vernichten, dee wäert blaméiert ginn; well dëst Verspriechen, dat ech vum Här kritt hunn an dat fir d’Fruucht vu mengem Leif ass, wäert sech erfëllen. Kuckt, ech si mir gewëss, datt dëst Verspriechen an Erfëllung wäert goen.

15 A säin Numm wäert no mengem Numm genannt ginn; an hie wäert nom Numm vu sengem Papp genannt ginn. An hie wäert mir gläich sinn; well dat, wat den Här duerch hien etabléiere wäert—duerch d’Muecht vum Här wäert et mäi Vollek zur Errettung féieren.

16 Jo, sou huet de Joseph prophezeit: Ech si mir dovunner sou gewëss, wéi ech mir dem Versprieche vum Moses gewëss sinn; well den Här huet zu mir gesot: Ech wëll deng Nokomme preservéiere fir ëmmer.

17 An den Här huet gesot: Ech wäert ee Moses erwächen; an ech wäert him Muecht ginn an engem Bengel; an ech wäert him geschriwwe Riichterspréch ginn. Mee wäert ech him d’Zong net léisen, datt hie vill schwätzt, well ech wëll hien net mächteg maachen am Schwätzen. Awer mäi Gesetz wëll ech him opschreiwe mam Fanger vu menger Hand; an ech wäert ee Spriecher fir hie maachen.

18 An den Här huet och zu mir gesot: Ech wäert een erwäche fir d’Fruucht vun dengem Leif; an ech wäert fir hien ee Spriecher schafen. A kuck, ech wäert him d’Gab ginn, d’Schrëft vun der Fruucht vun dengem Leif nidderzeschreiwe fir d’Fruucht vun dengem Leif; an de Spriecher aus dengem Leif soll se proklaméieren.

19 An d’Wierder, déi hie schreiwe wäert, sollen déi Wierder sinn, déi,wéi et a menger Weisheet rotsam ass,erausgoe wäerten un d’Fruucht vun dengem Leif. An et wäert esou sinn, wéi wann d’Fruucht vun dengem Leif hinnen aus dem Stëbs zougeruff hätt; well ech kennen hire feste Glawen.

20 A si wäerten aus dem Stëbs ruffen, jo, zur Ëmkéiert wäerten si hir Bridder ruffen, wann da vill Generatioune bei hinne vergaangen wäerte sinn. An et wäert sech erginn: Hire Ruff wäert erausgoen, jo, no der Einfachheet vun hire Wierder.

21 Wéinst hirem feste Glawe wäerten hir Wierder aus mengem Mond zu hire Bridder kommen, déi d’Fruucht vun dengem Leif sinn; an d’Schwächt vun hire Wierder wëll ech an hirem Glawe staark maachen, sou datt si un d’Allianz denken, deen ech fir deng Pappe gemaach hunn.

22 An elo kuck, mäi Jong Joseph, op dës Weis huet mäi Papp an aler Zäit prophezeit.

23 Dofir bass du wéinst dëser Allianz geséint; well deng Nokomme wäerten net vernicht ginn, well si wäerten op d’Wierder aus dem Buch lauschteren.

24 An ënnert hinne wäert sech ee Mächtegen erhiewen, dee vill Guddes wierke wäert, am Wuert an och an der Dot; well an der Hand Gottes ass hien een Instrument mat immens groussem Glawen, fir datt hie mächteg Wonner bewierkt an dat vollbréngt, wat an den Ae Gottes grouss ass, well hie wäert fir d’Haus vun Israel a fir d’Nokomme vun denge Bridder Villes erëm hierstellen.

25 An elo, Joseph, geséint bass du. Kuck, du bass kléng; dofir lauschter op d’Wierder vun dengem Brudder Nephi, an et wäert dir geschéie no de Wierder, déi ech gesprach hunn. Denk un d’Wierder vun dengem Papp, dee stierft. Amen.