6. Kapitel
De Jakob erzielt d’jiddesch Geschicht: Déi babylonesch Gefaangenschaft an d’Réckrees; de Ministère an d’Kräizegung vum Hellege vun Israel; D’Hëllef, déi vun den Heiden empfaange gouf; an d’Restauratioun vun de Judden an de leschten Deeg, wann si un de Messias gleewen. Ongeféier 559–545 v. Chr.
1 D’Wierder vum Jakob, dem Brudder vum Nephi, déi hien zum Vollek Nephi gesprach huet:
2 Kuckt, meng léif Bridder, ech, de Jakob, well ech vu Gott beruff an no senger helleger Uerdnung veruerdent gi sinn, a vu mengem Brudder Nephi geweit gi sinn, op deen dir als Kinnek oder Beschützer kuckt, an op deen dir, wat är Sécherheet betrëfft, ugewise sidd, kuckt, dir wësst, datt ech iech immens vill Saache gesot hunn.
3 An awer schwätzen ech nach eng Kéier zu iech; well d’Wuelergoe vun ärer Séil ass mäi Wonsch. Jo, ech suerge mech vill ëm iech; an dir wësst selwer, datt dëst nach ëmmer esou gewiescht ass. Well ech hunn iech mat allem Äifer reprimandéiert, an ech hunn iech d’Wierder vu mengem Papp geléiert; an ech hunn zu iech iwwert alles geschwat, wat geschriwwe steet, vun der Schëpfung vun der Welt un.
4 An elo kuckt, ech wëll zu iech a Bezuch op dat schwätzen, wat ass a wat komme wäert; dofir wëll ech iech d’Wierder vum Jesaja virliesen. An et sinn déi Wierder, déi ech op Wonsch vu mengem Brudder zu iech schwätze soll. An ech schwätzen zu iech wéinst ärer, fir datt dir léiert an den Numm vun ärem Gott verherrlecht.
5 Déi Wierder, déi ech virliese wëll, si Wierder, déi de Jesaja a Bezuch op d’ganz Haus Israel gesprach hat; dofir kënnen se och op iech ugewannt ginn, well dir sidd vum Haus vun Israel. An et gëtt Villes, wat vun de Wierder vum Jesaja op iech ugewannt ka ginn, well dir vum Haus vun Israel sidd.
6 An elo, dëst sinn d’Wierder: Sou seet den Härgott: Kuckt, ech wäert meng Hand zu den Aneren erhiewen an deem Vollek mäi Banner opriichten; a si wäerten deng Jongen op den Äerm bréngen, op de Schëllere wäert een deng Duechteren droen.
7 A Kinneke wäerten deng Pfleger sinn an hir Kinniginnen deng Ammen; nidderbéie wäerten si sech virun dir, mam Gesiicht zur Äerd, an de Stëbs vun denge Féiss lecken. An du wäerts wëssen: Ech sinn den Här; well déi sollen net blaméiert ginn, déi op mech waarden.
8 An elo géif ech, Jakob, gären eppes a Bezuch op dës Wierder soen. Well kuckt, den Här huet mir gewisen, datt déijéineg, déi zu Jerusalem gewiescht sinn,vu wou mir komm sinn, ëmbruecht oder a Gefaangenschaft gefouert gi sinn.
9 Mee den Här huet mir gewisen, datt si erëm zeréckkéiere wäerten. An hien huet mir och gewisen, datt den Här Gott, den Hellege vun Israel, sech hinnen am Fleesch manifestéiere wäert; an nodeems hien sech manifestéiert huet, wäerten si hie gäisselen a kräizegen, no de Wierder vum Engel, deen et mir gesot huet.
10 A wann si hiert Häerz verhäert an hiren Hals steif gemaach hunn géint den Hellege vun Israel, kuckt, da wäert d’Strofgeriicht vum Hellege vun Israel op si kommen. An et kënnt deen Dag, wou si geschloen a bedrängt wäerte ginn.
11 Dofir, nodeems si hin an hier gejot gi sinn, well sou seet den Engel, wäerte vill am Fleesch geplot sinn, a si wäerten net vernicht ginn, wéinst de Gebieder vun de Gleewegen; si wäerten zerstreet, geschloen a gehaasst ginn; trotzdeem wäert den Här hinne baarmhäerzeg sinn, sou datt, wann si zur Erkenntnis vun hirem Erléiser kommen, si erëm an d’Länner vun hirer Ierfschaft gesammelt ginn.
12 A geséint sinn déi Aner, vun deenen de Prophet geschriwwen huet; well kuckt, wann si ëmkéieren an net géint Zion streiden a sech net zu der groussen an abscheilecher Kierch vereenegen, sollen si gerett ginn; well den Härgott wäert seng Allianzen erfëllen, déi hie fir seng Kanner gemaach huet; an aus dësem Grond huet de Prophet dëst geschriwwen.
13 Dofir wäerten déi, déi géint Zion an d’Vollek vun der Allianz vum Här streiden, hinnen de Stëbs vun de Féiss lecken; an d’Vollek vum Här soll net blaméiert ginn. Well et ass d’Vollek vum Här, dat op hie waard; well nach ëmmer waarden si op d’Komme vum Messias.
14 A kuckt, no de Wierder vum Prophet wäert de Messias sech fir zweet opmaachen, fir si zeréck ze gewannen; dofir wäert hien sech hinne mat Muecht a grousser Herrlechkeet manifestéieren, jo, datt hir Feinde vernicht ginn, wann deen Dag kënnt, wou si un hie gleewe wäerten; an hie wäert kee vernichten, deen un hie gleeft.
15 An déi, déi net un hie gleewen, ginn zerstéiert, souwuel duerch Feier, wéi och duerch Stuerm, duerch Äerdbiewen, duerch Bluttvergéissen, duerch Pescht a duerch Hongersnout. A si wäerte wëssen: Den Här ass Gott, den Hellege vun Israel.
16 Soll d’Beut dann dem Mächtege geholl ginn, soll de rechtméisseg Gefaangene befreit ginn?
17 Mee sou seet den Här: Souguer d’Gefaangener vum Mächtege wäerten ewech geholl ginn an d’Beut vum Schreckleche wäert befreit ginn. Well de mächtege Gott wäert säi Vollek vun der Allianz befreien. Well sou seet den Här: Ech wäert géint déi streiden, déi géint dech streiden—
18 déi dech ënnerdrécken, wäert ech ze Iesse gi vun hirem eegene Fleesch, vun hirem eegene Blutt sollen si dronke sinn ewéi vum séisse Wäin. An alles Fleesch wäert wëssen: Ech, den Här, sinn däi Retter an däin Erléiser, de Mächtege vum Jakob.