Scriptures
2 Nephi 2


2. Kapitel

D’Erléisung kënnt duerch den Hellege Messias—D‘Fräiheet vun der Wiel (d‘Handlungsfräiheet) ass essentiel fir d’Existenz an de Fortschrëtt—Den Adam ass gefall, fir datt d’Mënschen si kënnen—D’Mënschen si fräi, fir Fräiheet an éiwegt Liewen ze wielen. Ongeféier 588–570 v. Chr.

1 An elo, Jakob, schwätzen ech zu dir: Du bass mäin Éischtgebuerenen an den Deeg vu mengem Leiden an der Wüüst. A kuck, als Kand hues du Bedrängnisser a vill Saachen erdroe misse wéinst der Brutalitéit vun denge Bridder.

2 Trotzdeem, Jakob, mäin Éischtgebuerenen an der Wüüst, du kenns d’Gréisst vu Gott; an hie wäert deng Leiden zu dengem Virdeel konsekréieren.

3 Dofir soll deng Séil geséint sinn, an du wäerts bei dengem Brudder Nephi sécher wunnen an deng Deeg am Déngscht vun dengem Gott verbréngen. Dofir weess ech, datt s du erléist bass duerch d’Gerechtegkeet vun dengem Erléiser; well du hues gesinn, datt hien, wann d’Zäit erfëllt ass, komme wäert, fir de Mënschen d’Errettung ze bréngen.

4 Du hues an denger Jugend seng Herrlechkeet gekuckt; dofir bass du geséint, nämlech wéi déijéineg, deenen hien am Fleesch dénge wäert; well de Geescht ass deeselwechte gëschter, haut a fir ëmmer. An zënter dem Fall vum Mënsch ass de Wee prett gemaach, an d’Errettung ass ee fräien Don.

5 An d’Mënsche gi genuch instruéiert, fir datt si dat Gutt vum Béisen ënnerscheede kënnen. An d’Gesetz ass de Mënsche ginn. An duerch d’Gesetz gëtt kee Fleesch gerechtfäerdegt; oder, duerch d’Gesetz ginn d’Mënschen ofgeschnidden. Jo, duerch dat zäitlecht Gesetz goufen si ofgeschnidden; an och duerch dat geeschtegt Gesetz verkommen si vun deem, wat gutt ass, a gi fir ëmmer miserabel.

6 Dofir kënnt d’Erléisung am hellege Messias an duerch hien; well hien ass voller Gnod a Wourecht.

7 Kuckt, hie bitt sech selwer als Affer fir d’Sënd un, fir d’Enn vum Gesetz ze erfëllen, fir all déi, déi e gebrachent Häerz an een zerknirschte Geescht hunn; a fir keen anere kann d’Enn vum Gesetz erfëllt ginn.

8 Wéi wichteg ass et dofir, datt de Bewunner vun der Äerd all dëst verkënnegt gëtt, fir datt si erkennen, datt kee Fleesch an der Géigewaart Gottes wunne kann ausser duerch de Verdéngscht an d’Baarmhäerzegkeet an d’Gnod vum hellege Messias, dee säi Liewe nom Fleesch nidder leet an et duerch d’Muecht vum Geescht erëm ophëlt, fir d’Opersteeung vun den Doudegen geschéien ze loossen; well hie wäert den éischte sinn, deen opersteet.

9 Dofir ass hien déi Éischt Fruucht viru Gott, well hie fir all Mënschekanner virsprieche wäert; an déi, déi un hie gleewen, gi gerett.

10 An duerch d’Virsprieche fir all, kommen all Mënsche bei Gott; dofir stinn si virun him, fir vun him no der Wourecht an Hellegkeet, déi an him ass, verurteelt ze ginn. Dofir, d’Ziler vum Gesetz, déi den Hellege ginn huet, sinn d’Uwendung vun der Strof, déi festgeluecht ass, déi festgeluechte Strof steet an Oppositioun zu där Freed, déi festgeluecht ass, fir d’Ziler vun der Versönung ze erfëllen—

11 well et muss noutwennegerweis sou sinn, dat et an allem eng Oppositioun gëtt. Wär et net esou, mäin Éischtgebuerenen an der Wüüst, da kéinte weder Gerechtegkeet nach Béist etabléiert ginn, weder Hellegkeet nach Misär, weder Guddes nach Schlëmmes. Dofir muss et noutwennegerweis esou sinn, datt alles aus Deeler zu engem Ganzen zesummegesat ass; well wär Eppes vun nëmmen enger Beschafenheet, sou misst et noutwennegerweis wéi doud verbleiwen an hätt net Liewen nach Doud, weder Verweeslechkeet nach Onverweeslechkeet, net glécklech sinn nach Misär, weder Gefill nach Onempfindlechkeet.

12 Dann awer wär et fir näischt erschafe ginn; an sou hätt seng Kreatioun kengem Zweck gedéngt. Dat awer misst noutwennegerweis d’Weisheet Gottes an seng éiweg Absiichte futti maachen, genausou d’Muecht an d’Baarmhäerzegkeet an d’Gerechtegkeet Gottes.

13 A wann dir sot, et gëtt kee Gesetz, sou sot dir domadder, datt et keng Sënd gëtt. Wann dir sot, et gëtt keng Sënd, sou sot dir domadder, datt et keng Gerechtegkeet gëtt. A wann et keng Gerechtegkeet géif ginn, da géif och kee glécklech sinn. A wann et weder Gerechtegkeet nach Gléck géif ginn, sou géif et och keng Strof a kee Misär ginn. A wann et dat net gëtt, da gëtt et kee Gott. An ouni Gott géife mir net sinn, an och net d’Äerd; well da kéint et keng Schafung vu Saache ginn, weder fir ze handelen nach fir behandelt ze ginn; dowéinst hätt alles misse verschwannen.

14 An elo, meng Jongen, soen ech iech dëst zum Notzen an zur Beléierung; well et gëtt ee Gott, an hien huet alles erschafen, den Himmel an d’Äerd an alles, wat doranner ass, souwuel dat wat säin Handele selwer bestëmmt, wéi och dat wouriwwer bestëmmt gëtt.

15 An fir seng éiweg Zwecker um Enn vum Mënsch ze verwierklechen, nodeems hien eis éischt Elteren, an d’Déieren um Feld an d’Vullen am Himmel, a schlussendlech, all Saachen, déi erschaf gi sinn, erschaf hat, muss et onbedéngt eng Oppositioun ginn; souguer déi verbuede Fruucht an Oppositioun zum Bam vum Liewen; dat eent séiss an dat anert batter.

16 Dofir huet den Härgott dem Mënsch erlaabt, selbstänneg ze handelen. De Mënsch kéint awer säin Handelen net selwer bestëmmen, wann hien net vun deem engen oder deem anerem ugezu géif ginn.

17 An ech, Lehi, muss no deem, wat ech gelies hunn, noutwennegerweis unhuelen, dat een Engel Gottes, wéi et geschriwwe steet, vum Himmel gefall ass; dofir ass hien den Däiwel ginn, well hien huet no deem getruecht, wat béis ass viru Gott.

18 A well hie vum Himmel gefall a fir ëmmer miserabel gi war, huet hien duerno getruecht, all Mënsche genausou an d’Misär ze bréngen. Dofir sot hien zur Eva, jo, souguer zu där aler Schlaang, déi den Däiwel ass, déi de Papp vun alle Ligen ass, dofir sot hien: Iesst vun der verbuedener Fruucht, an dir wäert net stierwen, mä dir wäert wéi Gott sinn, a Gutt a Béist kennen.

19 An nodeems den Adam an d’Eva vun der verbuedener Fruucht giess haten, goufen si aus dem Gaart vun Eden verdriwwen, d’Äerd ze bebauen.

20 A si hu Kanner zur Welt bruecht, jo, d’mënschlech Famill vun der ganzer Äerd.

21 An nom Wëlle Gottes goufen d’Deeg vun de Mënschekanner verlängert, fir datt si ëmkéiere kënnen, soulaang si am Fleesch wieren; dofir gouf hiren Zoustand zu engem Zoustand vun der Probatioun, an hir Zäit gouf verlängert, nom Gebot, dat den Härgott de Mënschekanner ginn hat. Well hien huet gebueden, dat all Mënschen ëmkéiere mussen; well hien huet alle Mënsche gewisen, datt si verluere sinn, an zwar wéinst der Iwwertriedung vun hiren Elteren.

22 An elo kuckt, wann den Adam net iwwertrieden hätt, da wär hien net gefall, mee hie wär am Gaart vun Eden bliwwen. An alles, wat erschafe war, hätt an deemselwechten Zoustand verbleiwe missen, an deem et war, wéi et erschafe gouf; an et hätt esou bleiwe misse fir ëmmer an hätt keen Enn gehat.

23 A si hätte keng Kanner gehat; dofir wären si an engem onschëllegen Zoustand verbliwwen: Si hätte keng Freed gehat, well si hu kee Misär kannt; si hätten näischt Guddes gemaach, well si hu keng Sënd kannt.

24 Mee kuckt, dat alles ass geschitt no der Weisheet vun deem, deen alles weess.

25 Den Adam ass gefall, fir datt Mënschen kënne sinn, an d’Mënsche sinn, fir datt si Freed kënnen hunn.

26 A wann d’Zäit erfëllt ass, kënnt de Messias, fir d’Mënschekanner vum Fall ze erléisen. An well si vum Fall erléist sinn, sinn si fir ëmmer fräi ginn, well si dat Gutt vum Béisen erkennen; fir selwer ze handelen an net beaflosst ze ginn, ausser duerch d’Strofe vum Gesetz um groussen a leschten Dag, no de Geboter, déi Gott ginn huet.

27 Dofir sinn d’Mënsche nom Fleesch fräi; an hinnen ass alles ginn, wat fir d’Mënsche rotsam ass. A si si fräi, Fräiheet an éiwegt Liewen ze wielen, duerch de grousse Vermëttler vun alle Mënschen, oder Gefaangenschaft an Doud ze wielen, jee no der Gefaangenschaft a Muecht vum Däiwel; well hie sicht, datt all Mënsche miserabel solle sinn, wéi hie selwer.

28 An elo, meng Jongen, ech wënschen, datt dir op de grousse Vermëttler kuckt an op seng grouss Geboter lauschtert an datt dir senge Wierder trei sidd an d’éiwegt Liewe wielt nom Wëlle vu sengem Hellege Geescht;

29 an datt dir net den éiwegen Doud wielt nom Wëlle vum Fleesch a vum Béisen, wat doranner ass a wouduerch de Geescht vum Däiwel d’Muecht kritt, iech gefaangen ze huelen an dann an d’Hell erof ze féieren, fir datt hien a sengem Räich iwwert iech regéiere kéint.

30 Ech hunn dës puer Wierder zu iech all, meng Jongen, an de leschten Deeg vu menger Proufzäit geschwat; an ech hunn de gudden Deel gewielt, no de Wierder vum Prophet. An ech hu keen anert Zil, ausser deem vum éiwege Wuel vun äre Séilen. Amen.