Scriptures
Mosiah 8


8. Kapitel

Den Ammon enseignéiert d’Vollek vum Limhi—Hie léiert vun de véieranzwanzeg jareditische Placken—Antick Opzeechnunge kënne vu Seher iwwersat ginn—Keng Gab ass méi grouss wéi d’Seherschaft. Ongeféier 121 v. Chr.

1 An et huet sech erginn, nodeems de Kinnek Limhi opgehalen hat, zu sengem Vollek ze schwätzen, well hien huet vill Saachen zu hinne geschwat, an nëmmen e puer dovunner hunn ech an dëst Buch geschriwwen, huet hie sengem Vollek alles iwwer hir Bridder erzielt, déi am Land Zarahemla waren.

2 An hien huet den Ammon virun d’Leit hin trieden an hinnen alles berichte gelooss, wat hire Bridder vun där Zäit un geschitt war, wou den Zeniff aus dem Land erop gezu war, bis zu där Zäit, wou hie selwer aus dem Land erop komm war.

3 Hien huet hinnen och déi lescht Wierder bericht, déi de Kinnek Benjamin si geléiert hat, an huet dës dem Vollek vum Limhi ausgeluecht, fir datt si all Wierder verstoe géifen, déi hie gesprach hat.

4 An et huet sech erginn: Nodeems hien dëst alles gemaach hat, huet de Kinnek Limhi, d’Leit goen a jiddwereen zu sengem Haus zeréckgoe gelooss.

5 An et huet sech erginnt, datt hien d’Placken, déi d’Opzeechnung vu sengem Vollek vun där Zäit un enthalen hunn, wou si d’Land Zarahemla verlooss hunn, virun den Ammon brénge gelooss huet, fir datt hien se liese konnt.

6 Elo, soubal den Ammon d’Opzeechnunge gelies hat, huet de Kinnek hie befrot a wollt wëssen, ob hie Sproochen iwwersetze kéint, an den Ammon huet him gesot, hie kéint et net.

7 An de Kinnek sot zu him: Well ech d’Leed vu mengem Vollek bedauert hunn, hunn ech dräianzwanzeg vu mengem Vollek eng Rees an d’Wüüst maache gelooss, fir datt si doduerch d’Land Zarahemla fannen, fir datt mir eis Bridder uruffe kéinten, fir datt si eis aus der Sklaverei befreien.

8 A si ware vill Deeg laang an der Wüüst ëmhir geiert; si waren zwar fläisseg; si hunn awer d’Land Zarahemla net fonnt, mee si koumen erëm an dëst Land, nodeems si duerch ee Land mat ville Waasser gezu waren an ee Land entdeckt haten, dat mat de Gebeener vu Mënschen an och vu wëllen Déiere verstreet war; et war och mat Ruine vu Gebaier vun all Aart bedeckt; si haten also ee Land fonnt, dat vun engem Vollek bewunnt gewiescht war, sou vill wéi d’Arméie vun Israel.

9 An als Temoignage dofir, datt dat, wat si gesot hunn, wouer wier, hunn si véieranzwanzeg Placke matbruecht, déi voller Gravéierunge sinn, a se sinn aus rengem Gold.

10 A kuck, si hunn och Broschtharnischer matbruecht, déi grouss sinn, a se sinn aus Messeng a Koffer a vollkomme brauchbar.

11 A weider hunn si Schwäerter matbruecht, vun deenen d’Grëffer onbrauchbar gi sinn, an d’Kléngen si vum Rascht zerfriess; an et gëtt keen am Land, deen amstand ass, d’Sprooch oder d’Gravéierungen, déi op de Placke sinn, ze iwwersetzen. Dofir hunn ech zu dir gesot: Kanns du iwwersetzen?

12 An ech soen dir nach eng Kéier: Weess du een, deen iwwersetze kann? Well et ass mäi Wonsch, datt dës Opzeechnungen an eis Sprooch iwwerdroe ginn; well vläicht ginn se eis Wësse vun engem Iwwerrescht vum Vollek, dat vernicht ginn ass, a vu wou dës Opzeechnunge kommen; oder vläicht ginn se eis Wësse vun deem Vollek selwer, dat vernicht ginn ass; an et ass mäi Wonsch, d’Ursaach vun hirer Vernichtung gewuer ze ginn.

13 Elo huet den Ammon zu him gesprach: Ech kann dir, O Kinnek, mat Bestëmmtheet vun engem Mann soen, deen d’Opzeechnungen iwwersetze kann; well hien huet eppes, woumadder hie kucken an all Opzeechnungen iwwersetze kann, déi aus anticker Zäit stamen; an et ass dës eng Gab vu Gott. An d’Saache ginn Interprete genannt, a kee Mënsch kann dra kucken, ausser et gëtt him gebueden, fir datt hien net no deem siche soll, wat hien net sollt, an hien ëmkomme géif. A weem et gebueden ass, eran ze blécken, dee gëtt Seher genannt.

14 A kuckt, de Kinnek vum Vollek, dat am Land Zarahemla ass, ass dee Mann, deem dëst gebuede ginn ass, dës Saachen ze maachen, an deen dës héich Gab vu Gott huet.

15 An de Kinnek huet gesot, ee Seher wier méi grouss wéi ee Prophet.

16 An den Ammon huet gesot, ee Seher wier een Offenbarer an och ee Prophet; a méi eng grouss Gab kéint kee Mënsch hunn, ausser hie géif d’Muecht Gottes besëtzen, wat awer kee Mënsch kann; trotzdeem kann engem Mënsch grouss Muecht vu Gott gi sinn.

17 Ee Seher kann awer wëssen, wat vergaangen ass, an och, wat komme wäert, an doduerch wäert alles offenbaart ginn, oder villméi wäerte geheim Saache manifestéiert ginn, a verstoppte Saache wäerten un d’Liicht kommen, a Saachen, déi net bekannt sinn, wäerte vun hinne bekannt gemaach ginn, an och Saachen, déi soss net kéinte bekannt sinn, wäerte vun hinne bekannt gemaach ginn.

18 Sou huet Gott ee Mëttel virgesinn, wéi de Mënsch duerch de Glawe mächteg Wonner vollbrénge kann, an esou gëtt hie fir seng Matmënschen zu engem grousse Seegen.

19 An elo, wéi den Ammon mat dëse Wierder op en Enn komm war, huet sech de Kinnek iwwer d’Moosse gefreet an huet Gott gedankt a gesprach: Ouni Zweiwel ass op dëse Placken ee grousst Geheimnis enthalen, an dës Interprete sinn ouni Zweiwel zu deem Zweck gemaach ginn, all sou Geheimnisser de Mënschekanner duerzeleeën.

20 O wéi wonnerbar sinn d’Wierker vum Här, a wéi laang huet hien et mat sengem Vollek ausgehalen; jo, a wéi blann an onzougänglech ass dach d’Verständnis vun de Mënschekanner; well si truechten net no Weisheet an hunn och net de Wonsch, sech vun hir beherrschen ze loossen!

21 Jo, si si wéi eng wëll Häerd, déi virum Hiert fortleeft a sech verstreet, déi gejot a vun de wëllen Déieren am Bësch gefriess gëtt.