Scriptures
Mosiah 20


20. Kapitel

E puer lamanitesch Duechtere gi vun de Priister vum Noah entfouert—D’Lamanite féiere Krich géint de Limhi a säi Vollek—D’lamanitesch Arméie ginn zeréckgeschloen a berouegt. Ongeféier 145–123 v. Chr.

1 Elo gouf et een Uert a Schemlon, wou d’Duechtere vun de Lamaniten sech versammelt hunn, fir ze sangen an ze danzen an sech ze amuséieren.

2 An et huet sech erginn: Enges Daags war eng kleng Unzuel vun hinne versammelt, fir ze sangen an ze danzen.

3 Elo hunn sech awer d’Prriister vum Kinnek Noah sech geschummt, erëm zeréck an d’Stad Nephi ze kommen, jo, an si hunn och gefaart, d’Vollek géif si ëmbréngen, dofir hunn si sech net getraut, zu hire Fraen a Kanner zeréck ze kommen.

4 A wéi si dunn an der Wüüst waren an d’Duechtere vun de Lamaniten entdeckt haten, hunn si sech op d’Lauer geluecht a si beobacht;

5 a wéi nëmmen e puer vun hinnen zum Danze versammelt waren, koumen si aus hirem Verstopp eraus an hunn si ergraff an an d’Wüüst ewech gefouert; jo, véieranzwanzeg Duechtere vun de Lamaniten hunn si an d’Wüüst gefouert.

6 An et huet sech erginn: Wéi d’Lamanite gemierkt hunn, datt hir Duechteren net méi do waren, sinn si op d’Vollek Limhi rose ginn, well si geduecht hunn, dat wär d’Vollek Limhi gewiescht.

7 Dofir hunn si hir Arméien erausgeschéckt; jo, de Kinnek selwer ass sengem Vollek viraus gaangen; a si sinn an d’Land Nephi erop gezunn, fir d’Vollek Limhi ze vernichten.

8 An elo hat de Kinnek Limhi si vum Tuerm aus entdeckt, jo, all hir Krichsvirbereedungen huet hien entdeckt; dofir huet hie säi Vollek versammelt an huet sech géint si an de Felder a Bëscher op d’Lauer geluecht.

9 An et huet sech erginn: Wéi d’Lamaniten era gezu koumen, huet d’Vollek Limhi ugefaangen, vu senge Lauerplazen aus iwwert si hierzefalen an si ëmzebréngen.

10 An et huet sech erginn: De Kampf war immens hefteg, well si hunn ewéi d’Léiwen ëm hir Beut gekämpft.

11 An et huet sech erginn: D’Vollek Limhi huet ugefaangen, d’Lamanite virun sech hir ze joen, an dach waren si net hallef esou vill wéi d’Lamaniten. Mee si hunn ëm hiert Liewe gekämpft an ëm hir Fraen a Kanner; dofir hunn si sech ugestrengt a gekämpft ewéi Draachen.

12 An et huet sech erginn: Ënner der Zuel vun den Doudegen hunn si och de Kinnek vun de Lamanite fonnt; dach war hien net dout, mee hie war verwonnt an um Bueden zeréck gelooss ginn, sou presséiert war d’Flucht vu sengem Vollek gewiescht.

13 A si hunn hie geholl a seng Wonne verbonnen a virun de Limhi bruecht a gesot: Kuck, hei ass de Kinnek vun de Lamaniten; hien huet eng Wonn kritt an ass ënnert déi Doudeg gefall, a si hunn hien zeréck gelooss; a kuck, mir hunn hie virun dech bruecht, an elo looss eis en ëmbréngen.

14 Mee de Limhi huet zu hinne gesprach: Dir sollt hien net ëmbréngen, mee bréngt en heihinner, fir datt ech hie gesinn. A si hunn hien dohinner bruecht. An de Limhi huet zu him gesprach: Wat fir ee Grond hutt dir, erop ze kommen a géint mäi Vollek Krich ze féieren? Kuck, mäi Vollek huet den Eed, deen ech iech geschwuer hunn, net gebrach; firwat sollt also dir den Eed briechen, deen dir mengem Vollek geschwuer hutt?

15 An elo huet de Kinnek gesprach: Ech hunn den Eed gebrach, well deng Leit d’Duechtere vu mengem Vollek verschleeft hunn; dofir hunn ech a menger Roserei mäi Vollek komme gelooss, fir géint däi Vollek Krich ze féieren.

16 Elo hat awer de Limhi a Bezuch op dës Saach näischt héieren, dofir huet hie gesprach: Ech wëll ënnert mengem Vollek nofuerschen, a wien och ëmmer dat gemaach huet, soll ëmkommen. Dofir huet hien ënnert sengem Vollek Nofuerschungen ustelle gelooss.

17 Wéi de Gideon dës Saachen héieren hat, well hie jo de Kapitän vum Kinnek war, ass hien erausgaangen a sot zum Kinnek: Ech bieden dech, hal op, duerchsich dëst Vollek net, a rechen hinnen dës Saach net un.

18 Denks du dann net méi un d’Priister vun dengem Papp, déi dëst Vollek wollt vernichten? A sinn si net an der Wüüst? A sinn si et net, déi d’Duechtere vun de Lamanite geklaut hunn?

19 An elo kuck, erziel dem Kinnek dovunner, fir datt hie sengem Vollek seet, et soll sech eis géigeniwwer berouegen; well kuck, si maachen sech scho bereet, géint eis ze zéien; a kuck och, mir sinn där nëmmen e puer.

20 A kuck, si komme mat hirer immensen Arméi; a wann de Kinnek si net eis géigeniwwer berouegt, musse mir ëmkommen.

21 Well sinn d’Wierder vum Abinadi net erfëllt, déi hie géint eis prophezeit huet—an dat alles, well mir net op d’Wierder vum Här gelauschtert hunn an net vun eise Sënden ëmgekéiert sinn?

22 An elo loosst eis de Kinnek berouegen an den Eed erfëllen, dee mir him geschwuer hunn; well et ass besser, mir sinn a Sklaverei, wéi datt mir eist Liewe verléieren; dofir loosst eis mat dësem grousse Bluttvergéissen ophalen.

23 An elo huet de Limhi dem Kinnek alles a Bezuch op säi Papp an d’Priister erzielt, déi an d’Wüüst geflücht waren, an huet d’Entféierung vun den Duechteren op si zeréck gefouert.

24 An et huet sech erginn: De Kinnek huet sech dem Vollek géigeniwwer berouege gelooss; an huet zu hinne gesprach: Loosst eis higoen, mengem Vollek entgéint, ouni Waffen; an ech schwieren iech mat engem Eed, datt mäi Vollek äert Vollek net ëmbrénge wäert.

25 An et huet sech erginn: Si sinn dem Kinnek ouni Waffen nogaangen, de Lamaniten entgéint. An et huet sech erginn: Si si mat de Lamaniten zesumme getraff; an de Kinnek vun de Lamaniten huet sech virun hinne vernäipt an huet sech fir d’Vollek Limhi agesat.

26 A wéi d’Lamanite gesinn hunn, datt d’Vollek Limhi ouni Waffe war, haten si Matleed mat hinnen an hunn sech hinne géigeniwwer berouegt; si si mat hirem Kinnek friddlech an hiert eegent Land zeréck gaangen.