Ee Bericht iwwert den Alma an d’Vollek vum Här, déi vum Vollek vum Kinnek Noah an d’Wüüst gejot gi waren.
Besteet aus de Kapitelen 23 a 24.
23. Kapitel
Den Alma refuséiert fir Kinnek ze sinn—Hien déngt als Hohepriister—Den Här bestrooft Säi Vollek, an d’Lamaniten erueweren d’Land Helam—Den Amulon, Leader vun de béise Priister vum Kinnek Noah, regéiert ënnert dem lamanitesche Monarch. Ongeféier 145–121 v. Chr.
1 Den Alma awer war vum Här gewarnt ginn, datt d’Arméi vum Kinnek Noah iwwert si komme géif, an hien hat dëst sengem Vollek bekannt ginn; dofir hunn si hir Häerden gesammelt a vun hire Getreider geholl a si virun der Arméi vum Kinnek Noah an d’Wüüst gezunn.
2 An den Här huet si gestäerkt, sou datt dem Kinnek Noah säi Vollek si net anhuelen a vernichte konnt.
3 A si sinn aacht Dagesreese wäit an d’Wüüst geflücht.
4 A si koumen an ee Land, jo, ee ganz schéint an angenehmt Land, ee Land mat rengem Waasser.
5 A si hunn hir Zelter opgebaut an ugefaangen, d’Äerd ze beschaffen, a si hunn ugefaangen, Gebaier ze bauen; jo, si ware fläisseg an hunn immens vill geschafft.
6 An d’Vollek hat de Wonsch, den Alma sollt hire Kinnek sinn, well säi Vollek hat hie gär.
7 Mee hien huet zu hinne gesprach: Kuckt, et ass net gutt fir eis, ee Kinnek ze hunn; well sou seet den Här: Dir sollt net ee Fleesch méi héich schätzen ewéi dat anert, nach soll sech ee Mënsch méi héich mengen ewéi deen aneren; dofir soen ech iech, et ass net gutt fir eis, ee Kinnek ze hunn.
8 Mee wann et méiglech wär, datt dir ëmmer gerecht Männer als Kinneke kéint hunn, da wär et gutt fir iech, ee Kinnek ze hunn.
9 Mee denkt un déi Ongerechtegkeete vum Kinnek Noah a senge riister; an ech selwer hu mech an enger Schléng gefaangen a villes gemaach, wat an den Ae vum Här abscheilech war, an dëst verursaacht mir schwéier Ëmkéiert;
10 mee no vill Leiden huet den Här mäi Jäizen héieren a meng Gebieder erhéiert, hien huet mech zu engem Instrument a sengen Hänn gemaach, fir sou vill vun iech zum Wësse vu senger Wourecht ze brengen.
11 Trotzdeem, hei dra verherrlechen ech mech net, well ech sinn net wierdeg, mech selwer ze verherrlechen.
12 An elo soen ech iech, dir sidd vum Kinnek Noah ënnerdréckt ginn, a waart him senger, a senge Priister hirer, Sklaverei, a sidd vun hinnen an Ongerechtegkeet bruecht ginn; dofir waart dir mat de Bänner vun der Ongerechtegkeet gebonnen.
13 An elo, well dir duerch d’Muecht vu Gott aus dëse Fessele befreit gi sidd; jo, aus den Hänn vum Kinnek Noah a sengem Vollek, an och aus de Fessele vun der Ongerechtegkeet, esou wënschen ech, datt dir fest an dëser Fräiheet stitt, mat där dir befreit gi sidd, an datt dir keen domadder betreit, als Kinnek iwwert iech ze sinn.
14 Betreit och keen domadder, ären Enseignant oder geeschtlechen Dénger ze sinn, ausser et sief ee Mann Gottes, deen op senge Weeër wandelt a seng Geboter hält.
15 Sou huet den Alma säi Vollek enseignéiert, dat jiddwereen säin Nächsten ewéi sech selwer gäre sollt hunn, datt et ënnert hinne kee Sträit sollt ginn.
16 An elo war den Alma hiren Hohepriister, well hie war de Grënner vun hirer Kierch.
17 An et huet sech erginn: Keen huet Autoritéit empfaangen, ze priedegen oder ze enseignéieren, ausser et wier vun him vu Gott. Dofir huet hien all hir Priister an all hir Enseignante geweit; a kee gouf geweit, deen net ee gerechte Mann war.
18 Dofir hunn si iwwert hiert Vollek opgepasst an si mat Saachen, déi zur Gerechtegkeet gehéieren, ernäert.
19 An et huet sech erginn: Si hunn ugefaangen, an deem Land iwwer d’Moossen ze gedeien, a si hunn dat Land Helam genannt.
20 An et huet sech erginn: Si hunn sech multiplizéiert a sinn am Land Helam iwwer d’Moosse grouss ginn; A si hunn eng Stad gebaut, déi si d’Stad Helam genannt hunn.
21 An awer hält den Här et fir richteg, säi Vollek ze bestrofen; jo, hie préift hir Gedold an hire Glawen.
22 Mee wien säi Vertrauen an hie setzt, dee wäert am leschten Dag héichgehale ginn. Jo, an esou war et mat dësem Vollek.
23 Well kuckt, ech wëll iech weisen, datt si a Sklaverei bruecht goufen, a kee konnt si befreien ausser den Här, hire Gott, jo, de Gott vum Abraham a vum Isaak a vum Jakob.
24 An et huet sech erginn: Hien huet si befreit an huet hinnen seng grouss Muecht gewisen, a grouss war hir Freed.
25 Well kuckt, et huet sech erginn: Wärend si am Land Helam waren, jo, an der Stad Helam, an d’Land ronderëm bebaut hunn, kuckt, do war eng Arméi vun de Lamaniten an de Grenze vum Land.
26 Elo huet et sech erginn: Dem Alma seng Bridder si vun hire Felder geflücht an hunn sech an der Stad Helam versammelt; a si hu gefaart wéinst de Lamaniten, déi do kommen.
27 Mee den Alma ass hi gaangen an ass ënnert si komm an huet hinnen zougesprach, net ze fäerten, mee un den Här, hire Gott, ze denken, an hie wäert si befreien.
28 Dofir hunn si hir Angscht roueg gestallt an hunn ugefaangen, zum Här ze jäizen, hie soll de Lamaniten d’Häerz erweechen, sou datt si sech an hir Fraen a Kanner verschoune géifen.
29 An et huet sech erginn: Den Här huet de Lamaniten d’Häerz erweecht. An den Alma a seng Bridder sinn higaangen an hunn sech hinnen ausgeliwwert; an d’Lamaniten hunn d’Land Helam a Besëtz geholl.
30 Et war awer d’Arméi vun de Lamaniten, déi d’Vollek vum Kinnek Limhi verfollegt haten, a sech vill Deeg laang an der Wüüst verluer haten.
31 A kuckt, si haten déijéineg Priister vum Kinnek Noah un engem Uert fonnt, deen si Amulon genannt hunn; a si hunn ugefaangen, d’Land Amulon ze besëtzen, a si haten ugefaangen, de Bueden ze bebauen.
32 Den Numm vum Leader vun dëse Priister war Amulon.
33 An et huet sech erginn: Den Amulon huet de Lamanite mat Bieden zougesat, an hien huet och hir Fraen, déi d’Duechtere vun de Lamanite waren, zu hinnen hi geschéckt, fir datt si sech bei hire Bridder dofir asetze géifen, hinnen net hir Männer ëmzebréngen.
34 An d’Lamaniten hate Matleed mam Amulon a senge Bridder an hunn si wéinst hire Fraen net vernicht.
35 An den Amulon a seng Bridder hunn sech de Lamaniten ugeschloss a sinn op der Sich nom Land Nephi an d’Wüüst gezunn, an do hunn si d’Land Helam entdeckt, dat den Alma a seng Bridder a Besëtz haten.
36 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hunn dem Alma a senge Bridder versprach, wann si hinnen de Wee weise géifen, deen an d’Land Nephi féiere géif, da géifen si hinnen d’Liewen an d’Fräiheet loossen.
37 Mee nodeems den Alma hinnen de Wee gewisen hat, deen an d’Land vum Nephi gefouert huet, wollten d’Lamaniten hiert Verspriechen net halen; mee si hu Waachen ronderëm d’Land Helam opgestallt, géint den Alma a seng Bridder.
38 An déi iwwreg sinn an d’Land Nephi gezunn; an een Deel vun hinnen ass an d’Land Helam zeréck komm an huet och d’Fraen an d’Kanner vun de Waache matbruecht, déi am Land zeréck gelooss gi waren.
39 An de Kinnek vun de Lamaniten hat dem Amulon erlaabt, Kinnek an Herrscher iwwert säi Vollek ze sinn, dat am Land Helam war; mee sollt hie keng Muecht hunn, eppes géint de Wëlle vum Kinnek vun de Lamaniten ze maachen.