18. Kapitel
Den Alma priedegt am Privaten—Hie stellt d’Allianz vun der Daf vir an deeft am Waasser vu Mormon—Hien organiséiert d’Kierch vum Christus a veruerdent Priister—Si ënnerhalen sech selwer an enseignéieren d’Leit—Den Alma a säi Vollek flüchte virum Kinnek Noah an d’Wüüst. Ongeféier 147–145 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: den Alma, dee virun dem Kinnek Noah senge Kniechte fortgelaf war, ass vu senge Sënden an Ongerechtegkeeten ëmgekéiert an ass heemlech ënnert d’Vollek gaangen an huet ugefaangen, dem Abinadi seng Wierder ze enseignéieren—
2 jo, a Bezuch op dat, wat kënnt, an och iwwer d’Opersteeung vun den Doudegen an d’Erléisung vum Vollek, dat duerch d’Muecht an d’Leiden an den Doud vum Christus, duerch seng Opersteeung an Himmelfaart zustane bruecht wäert ginn.
3 A wien seng Wierder héiere wollt, deen huet hie geléiert. An hien huet si heemlech enseignéiert, fir datt de Kinnek et net gewuer géif. An et waren där vill, déi senge Wierder gegleeft hunn.
4 An et huet sech erginn: Wien him gegleeft huet, ass an deen Uert gaangen, dee Mormon genannt gouf, well et hat säin Numm vum Kinnek kritt, an et loung an deem Gebitt vum Land, dat bis elo oder nach ëmmer vu wëll Déieren onsécher gemaach gouf.
5 Elo gouf et a Mormon eng Quell mat rengem Waasser, an dohinner ass den Alma gaangen, well no beim Waasser war déckt Gestrëpps vu klenge Beem, wou hien sech am Dag virun de Spioune vum Kinnek verstoppe konnt.
6 An et huet sech erginn: Wien him gegleeft huet, ass dohinner gaangen, fir seng Wierder ze héieren.
7 An et huet sech erginn: No villen Deeg waren där vill am Uert Mormon versammelt, fir de Wierder vum Alma nozelauschteren. Jo, an all, déi senge Wierder gegleeft hunn, ware versammelt, fir hien ze héieren. An hien huet si enseignéiert, an hien huet hinnen Ëmkéiert an Erléisung a Glawen un den Här gepriedegt.
8 An et huet sech erginn: Hien huet zu hinne gesprach: Kuckt, hei sinn d’Waasser Mormon (well sou goufen se genannt), an elo, well dir de Wonsch hutt, an d’Häerd Gottes ze kommen a säi Vollek genannt ze ginn, a well dir wëllens sidd, een dem anere Laascht ze droen, fir datt se liicht wär;
9 Jo, a sidd bereet mat deenen ze traueren, déi traueren; jo, an déi ze tréischten, déi Trouscht brauchen, an als Zeie vu Gott stitt zu all Zäit an an alle Saachen an op all Plazen, wou dir sidd, souguer bis zum Doud, fir datt dir vu Gott erléist kënnt ginn, an zu deene vun der éischter Operstéiung gezielt kënnt ginn, fir datt dir dat éiwegt Liewen hutt—
10 Elo soen ech iech, wann dëst de Wonsch vun ärem Häerz ass, wat hutt dir dann dogéint, am Numm vum Här gedeeft ze ginn, als een Temoignage virun him, datt dir eng Allianz mat him agitt, datt dir him déngt a seng Geboter haalt, fir datt hie säi Geescht méi räichlech iwwert iech ausschëdde kann?
11 A wéi elo d’Vollek dës Wierder héieren hat, hunn si vu Freed an d’Hänn geklappt an ausgeruff: Dat ass eisen Häerzenswonsch.
12 An elo huet et sech erginn: Den Alma huet den Helam geholl, well dëse war ee vun den éischten, an ass higaangen an huet sech an d’Waasser gestallt a geruff, nämlech: O Här, géiss däi Geescht iwwer däi Kniecht aus, datt hien dëst Wierk mat vu Häerze kommend Hellegkeet vollbréngt.
13 A wéi hien dës Wierder gesprach hat, war de Geescht vum Här op him, an hien huet gesprach: Helam, ech deefen dech, bevollmächtegt vum Allmächtege Gott, zum Temoignage dofir, dat s du d’Allianz agaange bass, him ze déngen, bis du, wat den ierdesche Leif betrëfft, dout bass; an de Geescht vum Här soll iwwer dech ausgegoss ginn; an dir soll éiwegt Liewe erlaabt ginn duerch d’Erléisung duerch Christus, déi hie vun der Grondleeung vun der Welt un prett gemaach hat.
14 An nodeems den Alma dës Wierder gesot hat, hunn sech den Alma zesumme mam Helam am Waasser begruewen; a si hunn sech erhuewen a koume voll Freed aus dem Waasser, well si ware vum Geescht erfëllt.
15 An dunn huet den Alma een anere geholl an ass eng zweete Kéier an d’Waasser gaangen an huet hie genausou gedeeft ewéi den éischten, just datt hien sech net méi selwer erëm am Waasser begruewen hat.
16 An op dës Weis huet hie jiddweree gedeeft, deen un den Uert Mormon komm war; an un Zuel waren et an di zweehonnert a véier Séilen; jo, a si goufen am Waasser Mormon gedeeft a goufe vun der Gnod Gottes erfëllt.
17 A vun dëser Zäit un sinn si d’ Kierch vu Gott oder d’Kierch vum Christus genannt ginn. An et huet sech erginn: Wien mat der Muecht an Autoritéit Gottes gedeeft ginn ass, deen ass a senger Kierch opgeholl ginn.
18 An et huet sech erginn: Den Alma, deen Autoritéit vu Gott hat, huet Priister veruerdent; jo, ee Priister fir all Kéiers fofzeg vun hinnen huet hien ordinéiert, datt dësen hinne priedegt a fir datt hien si an deem, wat d’Räich Gottes betrëfft, enseignéiere géif.
19 An hien huet hinne gebueden, näischt ze enseignéieren ewéi nëmmen dat, wat hie geléiert hat a wat duerch de Mond vun den hellege Prophete gesprach gi war.
20 Jo, hien huet hinne gebueden, si sollten näischt priedegen ewéi nëmmen Ëmkéiert an de Glawen un den Här, dee säi Vollek erléist.
21 An hien huet hinne gebueden, si sollte kee Sträit ënnereneen hunn, a si sollten an engem Sënn no vir blécken, ee Glawen an eng Daf hunn, nodeems si sech am Häerzen an Eenegkeet a géigesäiteger Léift verbonnen hätten.
22 An esou huet hien hinne gebueden, ze priedegen. An esou goufen si d’Kanner Gottes.
23 An hien huet hinne gebueden, de Sabbat-Dag ze beuechten an helleg ze halen, an och all Dag sollten si dem Här, hirem Gott, Merci soen.
24 An hien huet hinne gebueden, datt déi Priister, déi hie veruerdent hat, mat eegenen Hänn fir hiren Ënnerhalt schaffe sollten.
25 An all Woch gouf et een Dag, dee festgesat war, datt si sech zesummefanne sollten, fir d’Vollek ze enseignéieren an den Här, hire Gott, unzebieden, an och, fir sech ze versammelen, sou dacks et an hirer Muecht stoung.
26 An d’Priister sollten sech fir hiren Ënnerhalt net op d’Vollek stäipen; mee fir hiert Méie sollten si d’Gnod Gottes empfänken, fir datt si u Geescht staark zouhuelen a Wësse vu Gott hätten, sou datt si mat Muecht an Autoritéit vu Gott priedege kéinten.
27 An dann huet den Alma gebueden, d’Vollek vun der Kierch soll vu sengem Besëtz ginn, jiddwereen no sengem Verméigen; huet ee méi, sou soll hie vill ginn, a vun deem, deen nëmme wéineg huet, soll nëmme wéineg gefuerdert ginn; an deen, dee näischt huet, soll kréien.
28 An esou sollten si aus eegenem fräiem Wëllen a mat gudde Wënsch géint Gott vun hirem Besëtz ginn, nämlech de Priister, déi et néideg haten, jo, a jiddwer bedierfteger, plakeger Séil.
29 An dëst huet hien hinne gesot, well et him vu Gott gebuede gi war; an esou sinn si irreprochabel viru Gott gewandelt an hunn een deem aneren, zäitlech genausou ewéi geeschteg, no hire Bedürfnisser an hirem Bedarf, ginn.
30 An elo huet et sech erginn, datt all dëst zu Mormon gemaach gouf, jo, bei de Waasser vu Mormon, am Bësch, deen no bei de Waasser vu Mormon war; jo, d’Plaz vu Mormon, d’Waasser vu Mormon, de Bësch vu Mormon, wéi schéi sinn se fir d’Ae vun deenen, déi do zum Wësse vun hirem Erléiser koumen; jo, a wéi geséint sinn si, well si wäerte fir ëmmer zu sengem Luef sangen.
31 An dëst ass am Grenzgebitt vum Land geschitt, fir datt de Kinnek et net gewuer géif.
32 Mee kuckt, et huet sech erginn: Nodeems de Kinnek d’Bewegung ënnert dem Vollek entdeckt hat, huet hien seng Kniecht geschéckt, fir si ze beobachten. Un deem Dag also, wou si sech versammelt hunn, fir d’Wuert Gottes ze héieren, krut de Kinnek iwwert si Bericht.
33 An elo huet de Kinnek gesot, den Alma géif d’Vollek zur Rebellioun géint hien ustëppelen; dowéinst huet hien seng Arméi ausgeschéckt, fir si ze vernichten.
34 An et huet sech erginn: Den Alma an d’Vollek vum Här goufe vum Komme vun der Arméi vum Kinnek benoriichtegt; dofir hunn si hir Zelter an hir Famillje geholl a sinn an d’Wüüst gezunn.
35 An un Zuel waren et an di véierhonnertfofzeg Séilen.