Scriptures
Mosiah 7


7. Kapitel

Den Ammon fënnt d’Land Lehi-Nephi, wou de Limhi Kinnek ass—Dem Limhi säi Vollek ass a Sklaverei vun de Lamaniten—De Limhi erzielt hir Geschicht—E Prophet (den Abinadi) hat ausgesot, datt de Christus de Gott a Papp vun alle Saachen ass—Déi, déi Dreckegt ausgeheien, recoltéieren de Wierbelstuerm, an déi, déi hiert Vertrauen op den Här setzen, gi befreit. Ongeféier 121 v. Chr.

1 An elo huet sech erginn, datt nodeems de Kinnek Mosiah dräi Jore laang onënnerbrach Fridden hat, hie wollt wëssen, wat d’Leit ugeet, déi sech opgemaach haten, fir am Land Lehi-Nephi oder an der Stad Lehi-Nephi ze wunnen; well säi Vollek hat näischt méi vun hinnen héieren, zënter si d’Land Zarahemla verlooss hunn; dofir hunn si hie mat hire Plädoyere midd gemaach.

2 An et huet sech erginn: De Kinnek Mosiah huet erlaabt, datt siechzéng hirer staarke Männer erop an d’Land Lehi-Nephi goe géifen, fir no hire Bridder ze fuerschen.

3 An et huet sech erginn: De nächsten Dag hunn si sech opgemaach, erop ze goen, a si haten ee gewëssen Ammon bei sech, deen ee staarken a mächtege Mann war, een Nokomme vun Zarahemla; an hie war och hire Führer.

4 Si woussten awer de Wee net, deen si an d’Wüüst aschloe sollten, fir an d’Land Lehi-Nephi eropzekommen; dofir sinn si vill Deeg an der Wüüst dohi gezunn, jo, véierzeg Deeg laang sinn si dohi gezunn.

5 A wéi si véierzeg Deeg laang dohi gezu waren, koumen si un een Hiwwel, deen nërdlech vum Land Schilom läit, an do hunn si hir Zelter opgebaut.

6 An den Ammon huet dräi vu senge Bridder geholl, an hir Nimm waren Amaleki, Helem an Hem, an si sinn an d’Land vum Nephi erofgaang.

7 A kuckt, si hunn de Kinnek vun deem Vollek getraff, dat am Land Nephi an am Land Schilom war; a si goufe vun der Gard vum Kinnek ëmstallt; a si goufen ergraff a gebonnen an an de Prisong geworf.

8 An et huet sech erginn: Wéi si zwee Deeg am Prisong gewiescht waren, goufen si erëm virun de Kinnek gefouert, an hir Fessele goufe geléist; a si stounge virum Kinnek, an et gouf hinnen erlaabt oder villméi kommandéiert, d’Froen ze beäntwerten, déi hien hinne stelle géif.

9 An hien huet zu hinne gesprach: Kuckt, ech sinn de Limhi, de Jong vum Noah, deen de Jong vum Zeniff war, deen aus dem Land Zarahemla komm war, fir dëst Land ze ierwen, well et war d’Land vun hire Pappen, an hie gouf duerch d’Stëmm vum Vollek zum Kinnek gemaach.

10 An elo wënschen ech de Grond ze wëssen, firwat dir iech getraut hutt, bis un d’Mauere vun der Stad ze kommen, wéi ech selwer mat menger Gard baussent der Paart war?

11 An ech hunn iech dofir mat Rou gelooss, fir datt ech iech Froe stelle kann; well soss hätt ech iech duerch meng Gard hiriichte gelooss. Dir dierft schwätzen.

12 An elo, wéi den Ammon gesinn huet, datt him erlaabt war ze schwätzen, ass hien erausgaangen a sech virum Kinnek vernäipt; an ass erëm opgestanen a sot: O Kinnek, ech sinn haut ganz dankbar viru Gott, datt ech nach ëmmer lieweg sinn, an et mir erlaabt ass ze schwätzen; an ech wäert mech beméien, mat Courage ze schwätzen;

13 well ech si gewëss, wann s du mech kannt häss, géifs du net zougelooss hunn, datt ech dës Fessele gedroen hunn. Well ech sinn den Ammon a sinn een Nokomme vum Zarahemla a sinn aus dem Land Zarahemla eropkomm, fir no eise Bridder ze fuerschen, déi den Zeniff aus deem Land erop gefouert huet.

14 An elo huet et sech erginn: Nodeems de Limhi déi Wierder vum Ammon héieren hat, war hien immens frou an huet gesprach: Elo weess ech mat Gewëssheet, datt meng Bridder, déi am Land Zarahemla waren, nach liewen. An elo wëll ech mech freeën, a muer wëll ech dofir suergen, datt och mäi Vollek sech freet.

15 Well kuckt, mir sinn a Sklaverei vun de Lamaniten a gi mat enger Steier bestrooft, déi schwéier ze droen ass. An elo kuck, eis Bridder wäerten eis aus dëser Sklaverei befreien, nämlech aus den Hänn vun de Lamaniten, a mir wëllen hir Sklave sinn; well et ass besser, mir si Sklave vun den Nephiten, wéi datt mir dem Kinnek vun de Lamaniten Tribut bezuelen.

16 An elo huet de Kinnek Limhi senger Gard kommandéiert, den Ammon a seng Bridder net méi ze bannen, mee hien huet si zum Hiwwel goen, deen nërdlech vu Schilom loung, an hir Bridder an d’Stad brénge gelooss fir datt si iessen an drénken an ausroue kéinte vun de Méie vun hirer Rees; well si hate vill gelidden; si haten Honger, Duuscht an Erschöpfung gelidden.

17 An elo huet et sech erginn: De nächsten Dag huet de Kinnek Limhi een Opruff u säi ganzt Vollek geschéckt, si sollten sech beim Tempel versammelen, fir déi Wierder ze héieren, déi hien zu hinne schwätze wäert.

18 An et huet sech erginn: Wéi si sech versammelt haten, huet hie folgendermoossen zu hinne gesprach, nämlech: O dir mäi Vollek, erhieft iech a sidd getréischt; well kuckt, d’Zäit ass no an net méi wäit, wou mir eise Feinden net méi laang ënnerworf wäerte sinn, ongeuecht de villen Ustrengungen, déi fir näischt gewiescht sinn; mee ech si sécher, datt nach eng wierksam Ustrengung gemaach muss ginn.

19 Dofir erhieft iech a freet iech, a setzt äert Vertrauen a Gott, an dee Gott, deen de Gott vum Abraham a vum Isaak a vum Jakob war, an dee Gott nämlech, deen d’Kanner vun Israel aus dem Land Ägypte gefouert an si op dréchenem Grond duerch d’Rout Mier goe gelooss huet, deen si mat Manna gespeist huet, fir datt si net an der Wüüst géifen ëmkommen; a villes méi huet hie fir si gemaach.

20 A weider huet dëse selwechte Gott eis Pappen aus dem Land vu Jerusalem gefouert a säi Vollek bis elo erhalen a beschützt; well kuckt, wéinst eisen Ongerechtegkeeten an Abscheilechkeeten huet hien eis a Sklaverei gerode gelooss.

21 An dir all sidd haut Zeie vun deem, datt den Zeniff, deen zum Kinnek iwwer dëst Vollek ernannt gouf, iwweräifreg war, d’Land vu senge Pappen ze ierwen, an dofir vun der Schlauheet an d’Hannerlëschtegst vum Kinnek Laman bedru gouf, deen en Traité mam Kinnek Zeniff ofgeschloss hat, an him de Besëtz vun engem Deel vum Land, a souguer d’Stad Lehi-Nephi, an d’Stad Schilom; an d’Land ronderëm, ofginn hat—

22 an dëst alles huet hien eenzeg zu deem Zweck gemaach, dëst Vollek ze ënnerwerfen oder a Sklaverei ze bréngen. A kuckt, elo bezuele mir dem Kinnek vun de Lamaniten Tribut, an zwar d’Halschent vun eise Kären an eiser Gerst an och all eise Getreider vun all Zort souwéi d’Halschent vum Zouwuess vun eise Schof a Rënner; jo, de Kinnek vun de Lamaniten erzwéngt vun eis d’Halschent vun all deem, wat mir hunn a besëtzen, oder soss eist Liewen.

23 Elo, ass dat net schwéier ze erdroen? An ass dëst, eist Leed, net grouss? Elo kuckt, wéi grouss ass dach eise Grond zur Trauer.

24 Jo, ech soen iech, mir hunn grousse Grond ze traueren; well kuckt, wéi vill vun eise Bridder si jo ëmbruecht ginn, an hiert Blutt ass onnëtz vergoss ginn, an alles wéinst den Ongerechtegkeeten.

25 Well wann dëst Vollek net an Iwwertriedung verfall wär, sou hätt den Här net zougelooss, datt dëst grousst Iwwel iwwert et kéim. Mee kuckt, si wollten net op seng Wierder lauschteren; mee et koum ënnert hinnen zu Streidereien, sou datt si ënnerenee Blutt vergoss hunn.

26 A si hunn ee Prophet vum Här ëmbruecht, jo, een erwieltene Mann Gottes, deen hinnen hir Béist an Abscheilechkeete virgehalen a Villes prophezeit huet, wat komme wäert, jo, och d’Komme vum Christus.

27 An well hien zu hinne gesot huet, datt de Christus de Gott wier, de Papp vun alle Saachen, a gesot huet, datt hien d’Gestalt vum Mënsch sollt unhuelen, an et sollt déi Gestalt sinn, no deem de Mënsch um Ufank geschaf gouf; oder mat anere Wierder, hie sot, datt de Mënsch nom Bild Gottes geschaf gouf, an datt Gott ënner d’Mënschekanner erofkomme sollt, Fleesch a Blutt unhuelen an op der Uewerfläch vun der Äerd wandele wäert—

28 elo, well hien dëst gesot huet, hunn si hien higeriicht; a si hu villes méi gemaach, wat d’Roserei Gottes iwwert si bruecht huet. Wien verwonnert et dann, datt si a Sklaverei sinn an datt si mat schwéiere Bedrängnisser geschloe sinn?

29 Well kuckt, den Här huet gesprach: Mengem Vollek wëll ech um Dag vun hirer Iwwertriedung net bäistoen, mee ech wäert hinnen hir Weeër verspären, op datt et hinnen net wuel ergeet; an hir Aktioune solle wéi ee Stolperstee virun hinne sinn.

30 A weider sprécht hien: Wa mäi Vollek Dreckegt planzt, sou wäerten si d’Spree dovunner am Wierbelstuerm recoltéieren; an d’Wierkung dovunner ass Gëft.

31 A weider sprécht hien: Wa mäi Vollek Dreckegt planzt, wäerten si den Ostwand recoltéieren, deen direkt d’Vernichtung bréngt.

32 An elo kuckt, d’Versprieche vum Här ass erfëllt, an dir sidd geschloen a bedrängt.

33 Mee wann dir iech mat ganzem Häerzen zum Här wennt, äert Vertrauen an hie setzt, an him mat allem Fläiss déngt, wann dir dat maacht, da wäert hien iech, no sengem eegene Wëllen a Pleséier, aus der Sklaverei befreien.