5. Kapitel
Déi Helleg gi Jongen an Duechtere vum Christus duerch de Glawe—Si ginn da mam Numm vum Christus genannt—De Kinnek Benjamin ermontert si, standhaft an onbeweeglech a gudde Wierker ze sinn. Ongeféier 124 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: Wou de Kinnek Benjamin sou zu sengem Vollek gesprach hat, huet hien zu hinnen hi geschéckt a wollt vu sengem Vollek wëssen, op si de Wierder gegleeft hunn, déi hien zu hinne gesprach hat.
2 A si all hunn eestëmmeg geruff, nämlech: Jo, mir gleewen all de Wierder, déi s du zu eis gesprach hues; a mir wëssen och, datt se gewëss a wouer sinn, an zwar duerch de Geescht vum Allmächtegen Här, deen an eis, nämlech an eisem Häerzen, eng mächteg Wandlung bewierkt huet, sou datt mir keng Loscht méi hunn, Béises ze maachen, mee stänneg Guddes ze maachen.
3 An duerch déi onendlech Guttheet Gottes an déi Manifestatioune vu sengem Geescht hu mir selwer och ee groussaartegen Ausbléck op dat, wat komme wäert; a wär et richteg, sou kéinte mir iwwer alles prophezeien.
4 An de Glawen un dat, wat eise Kinnek zu eis gesprach huet, ass et, deen eis grousst Wësse bruecht huet, wouduerch mir eis mat sou immens grousser Freed freeën.
5 A mir si wëllens, mat eisem Gott eng Allianz anzegoen, nämlech säi Wëllen ze maachen a sengem Gebot an allem, wat hien eis biede wäert, ze follegen, all eis iwwreg Deeg, op datt mir net eng ni ophalend Qual iwwert eis bréngen, wouvunner den Engel gesprach huet, a fir datt mir net aus dem Becher vun der gëttlecher Roserei drénken.
6 An dës waren awer déi Wierder, déi de Kinnek Benjamin vun hinnen erwaart hat; an dofir huet hien zu hinne gesprach: Dir hutt déi Wierder gesprach, déi ech erwaart hunn; an d’Allianz, déi dir gemaach hutt, ass eng gerecht Allianz.
7 A wéinst der Allianz, déi dir gemaach hutt, sollt dir elo d’Kanner Christ genannt ginn, seng Jongen a seng Duechteren; well kuckt, haut huet hien iech geeschteg prokreéiert; well dir sot, äert Häerz huet sech duerch feste Glawen u säin Numm geännert; dofir sidd dir aus him gebueren a seng Jongen an Duechtere ginn.
8 An ënnert dëser Persoun sidd dir befreit ginn, an et gëtt keng aner Persoun, wouduerch dir befreit kënnt ginn. Et ass keen aneren Numm ginn, wouduerch d’Errettung kënnt; dofir hätt ech gär, datt dir den Numm vum Christus op iech huelt, dir all, déi dir mat Gott d’Allianz agaange sidd, datt dir bis zum Enn vun ärem Liewe follege wëllt.
9 An et wäert sech erginn: Ween dat mécht, dee wäert zur rietsen Hand Gottes fonnt ginn, well hie wäert säin Numm kennen, mat deem hie geruff gëtt; well hie wäert mam Numm vum Christus geruff ginn.
10 An et wäert sech erginn: Ween den Numm vum Christus net op sech hëlt, muss mat engem aneren Numm geruff ginn; dofir fënnt hien sech zur lénken Hand Gottes.
11 An ech hätt gär, datt dir dorunner denkt, datt dës deen Numm ass, vun deem ech gesot hunn, ech géif en iech ginn an e géif nimools ausgeläscht, ausser duerch Iwwertriedung; dofir passt op ze iwwertrieden, fir datt deen Numm iech net aus dem Häerze geläscht gëtt.
12 Ech soen iech, ech hätt gär, datt dir dorunner denkt, datt dir iech deen Numm ëmmer am Häerze geschriwwe behaalt, fir datt dir iech net zur lénken Hand Gottes fannt, mee fir datt dir déi Stëmm, mat där dir geruff gëtt, an och den Numm, woumadder hien iech ruffe wäert, héiert an erkennt.
13 Well wéi soll den Här kennen deen, deem hien net gedéngt huet an dee fir hien ee Friemen ass an deen an de Gedanken an Absichte vu sengem Häerze wäit ewech steet?
14 A weider: Hëlt dann een en Iesel, dee sengem Noper gehéiert, a behält en? Ech soen iech: Neen, hie wäert net eemol zouloossen, datt en zesumme mat senger Häerd weid, mee wäert en ewech joen an en ausstoussen. Ech soen iech, sou wäert et och mat iech sinn, wann dir de Numm net kennt, woumadder dir geruff gitt.
15 Dofir hätt ech gär, datt dir standhaft an onerschëtterlech sidd, ëmmer räich u gudde Wierker, fir datt Christus, den Allmächtegen Här Gott, iech als déi vu Senge sigelt, fir datt dir zum Himmel gefouert gitt, fir datt dir éiweg Errettung an éiwegt Liewen hutt duerch d’Weisheet an d’Muecht an d’Gerechtegkeet an d’Baarmhäerzegkeet vun deem, deen alles erschafen huet am Himmel an op Äerden, dee Gott ass iwwer allem. Amen.