Scriptures
Mosiah 3


3. Kapitel

De Kinnek Benjamin setzt seng Ried fort—Den Här, den Allmächtegen, wäert ënnert de Mënschen an engem Tabernakel aus Leem déngen—Blutt kënnt aus alle Poren, wéi Hie fir d’Sënde vun der Welt versöönt—Säin Numm ass den eenzegen Numm, duerch deen d’Erléisung kënnt—D’Mënsche kënnen den natierleche Mënsch ofleeën an duerch d’Versönung Helleger ginn—D’Qual vun de Béise wäert wéi e Séi aus Feier a Schwiefel sinn. Ongeféier 124 v. Chr.

1 An nach eng Kéier, meng Bridder, wëll ech ëm är Opmierksamkeet bieden, well ech hunn iech nach e bësse méi ze soen; well kuckt, ech hunn iech eppes doriwwer ze soen, wat komme wäert.

2 An déi Saachen, déi ech dir soe wäert, gi mir vun engem Engel vu Gott bekannt gemaach. An hien huet zu mir gesot: Erwäch; an ech sinn erwächt, an hie stoung viru mir.

3 An hien huet zu mir gesprach: Erwäch a lauschter déi Wierder, déi ech dir soe wäert; well kuck, ech si komm, dir déi frou Noriicht vu grousser Freed ze verkënnegen.

4 Well den Här huet deng Gebieder héieren an denger Gerechtegkeet geduecht; hien huet mech geschéckt, dir ze verkënnegen, datt s du dech freeën däerfs an datt s du dengem Vollek verkënnegen däerfs, fir datt och dëst vu Freed erfëllt wier.

5 Well kuck, déi Zäit kënnt an ass net méi wäit, wou den Här, den Allmächtegen, dee regéiert a dee vun aller Éiwegkeet bis an all Éiwegkeet war an ass, mat Muecht vum Himmel erofkomme wäert ënner d’Mënschekanner; hie wäert an engem ierdeschen Tabernakel wunnen an ënner d’Mënschen erausgoen a mächteg Wonner vollbréngen, andeems hie Kranker heelt, Doudeger operwächt a bewierkt, datt déi Schlamm goen, déi Blann hir Siicht empfänken an déi Daf héieren, an andeems hien allerhand Leiden heelt.

6 An hie wäert Däiwelen ausdreiwen, nämlech déi béis Geeschter, déi am Häerze vun de Mënschekanner wunnen.

7 An kuckt, hie wäert Versuchungen a kierperlech Péng, Honger, Duuscht a Middegkeet leiden, nach méi wéi de Mënsch erdroe kann, ausser et ass bis zum Doud; well kuckt, Blutt kënnt aus all Poren, sou grouss wäert seng Qual si wéinst der Béist an den Abscheilechkeete vu sengem Vollek.

8 An hie wäert Jesus Christus heeschen, de Jong Gottes, de Papp vum Himmel an der Äerd, de Schëpfer vun all Saache vun Ufank un; a seng Mamm wäert Maria heeschen.

9 A kuck do, hie kënnt a säin Eegentum, fir datt de Mënschekanner Erléisung accordéiert gëtt, jo, duerch feste Glawen u säin Numm; mee souguer no all deem wäerten si hie fir ee Mënsch halen a soen, hien hätt een Däiwel, a wäerten hie gäisselen a wäerten hie kräizegen.

10 An um drëtten Dag wäert hie vun den Doudegen operstoen; a kuck, hie steet do, d’Welt ze riichten; a kuck, dëst alles geschitt, fir datt ee gerecht Geriicht iwwer d’Mënschekanner kéim.

11 Well kuckt, säi Blutt versöönt och fir d’Sënde vun deenen, déi duerch d’Iwwertriedung vum Adam gefall sinn, déi gestuerwe sinn, ouni de Wëlle vu Gott ze kennen, oder déi aus Onwëssenheet gesëndegt hunn.

12 Mee Wéi, Wéi deem, dee weess, datt hien sech géint Gott rebelléiert! Well sou engem wäert keng Errettung accordéiert ginn, ausser duerch Ëmkéiert an de Glawen un den Här Jesus Christus.

13 An den Här Gott huet seng helleg Propheten ënnert all Mënschekanner geschéckt, fir dës Saachen all Geschlecht, Natioun an Zong ze verkënnegen, fir datt doduerch jiddereen, dee gleeft, datt de Christus kënnt, d’Verzeiung vu senge Sënde kritt a sech mat aussergewéinlech grousser Freed freeë kann, wéi wann hie scho bei si komm wier.

14 Mee den Här Gott huet gesinn, datt säi Vollek een tockskappecht Vollek war, an hien huet hinnen ee Gesetz bestëmmt, jo, d’Gesetz vum Moses.

15 A vill Zeechen a Wonner a Symboler a Virzeechen a Bezuch op säi Kommen huet hien hinne gewisen; an och helleg Propheten hunn zu hinne gesprach a Bezuch op säi Kommen; an awer hunn si hiert Häerz verhäert an hunn net verstanen, datt d’Gesetz vum Moses näischt fäerdeg bréngt, ausser duerch d’Versönung duerch säi Blutt.

16 An och wann et méiglech wier, datt kleng Kanner kéinte sëndegen, kéinten si net gerett ginn; mee ech soen iech, si si geséint; well kuckt, wéi si an Adam, oder duerch d’Natur, falen, sou versöönt och d’Blutt vum Christus hir Sënden.

17 A weider soen ech iech: Et wäert keen aneren Numm nach iergendeen anere Wee oder een anert Mëttel gi ginn, wouduerch de Mënschekanner Errettung accordéiert ka ginn, wéi nëmmen am an duerch den Numm vum Christus, vum Här, vum Allmächtegen.

18 Well kuckt, hie riicht, a säi Geriicht ass gerecht; an dat Puppelchen, dat a senger Kandheet stierft, geet net ënner; mee d’Mënschen drénke Verdaamt fir hir eege Séilen, ausser si humiliéieren sech a gi wéi kleng Kanner, a gleewen, datt d’Erléisung war, ass, a kënnt, duerch dat versönend Blutt vum Christus, dem Här, dem Allmächtegen.

19 Well de natierleche Mënsch ass ee Feind Gottes an ass et zënter dem Fall vum Adam gewiescht a wäert et fir ëmmer an ëmmer sinn, wann hien net den Inspiratioune vum Hellege Geescht nogëtt, den natierleche Mënsch ofleet an duerch d’Versönung vum Christus, vum Här, een Hellege gëtt an esou gëtt wéi ee Kand, ënnerworf, duuss, bescheiden, gedëlleg, voll vu Léift a wëlleg, sech allem ze ënnerwerfen, wat den Här fir richteg hält, him op ze erleeën, jo, wéi eben ee Kand sech sengem Papp ënnerwerft.

20 A weider soen ech iech: Déi Zäit wäert kommen, wou sech d’Wësse vum Erretter a jiddwer Natioun, jiddwer Geschlecht, jiddwer Sprooch a jiddwer Vollek ausbreede wäert.

21 A kuckt, wann déi Zäit kënnt, da wäert keen als nëmme kleng Kanner viru Gott ouni Schold befonnt ginn, ausser duerch Ëmkéiert an de Glawen un den Numm vum Här, den Allmächtegen.

22 An eben elo, wann s du dengem Vollek dat geléiert wäerts hunn, wat den Här, däi Gott, dir gebueden huet, eben elo ginn si an den Ae Gottes net méi ouni Schold befonnt, ausser no de Wierder, déi ech zu dir gesprach hunn.

23 An elo hunn ech déi Wierder gesprach, déi den Här Gott mir gebueden huet.

24 An esou seet den Här: Si wäerten als hell liichtenden Temoignage géint dëst Vollek dostoen um Dag vum Geriicht, opgrond vun deem wäerten si geriicht ginn, jiddwereen no senge Wierker, sinn se gutt oder sinn se béis.

25 A wann se béis sinn, da ginn si engem fuerchtbare Wësse vun hirer eegener Schold an hirer eegenen Abscheilechkeeten iwwerlooss, wat si virun der Géigewaart vum Här zeréck schrecke léisst an een Zoustand vu Misär an der Qual ouni Enn, vu wou si net méi zeréckkéiere kënnen; dofir hunn si Verdaamt gedronk fir hir Séil.

26 Dofir hunn si aus dem Becher vun der Roserei vu Gott gedronk, deen hinnen d’Gerechtegkeet net méi verleegne konnt, wéi et verleegent konnt ginn, datt den Adam wéinst sengem Gräife vun der verbuedener Fruucht fale sollt; dofir kéint d’Barmhäerzegkeet ni méi en Usproch op si hunn, fir ëmmer.

27 An hir Qual ass wéi ee Séi vu Feier a Schwiefel, deem seng Flamen onläschbar sinn an deem säin Damp fir ëmmer an ëmmer erop steigt. Sou huet den Här et mir gebueden. Amen.