22. Kapitel
Et gi Pläng gemaach, fir datt d’Leit aus der lamanitescher Sklaverei flüchte kënnen—D’Lamanite gi bedronk gemaach—D’Vollek flücht, geet zeréck op Zarahemla a gëtt dem Kinnek Mosiah ënnerworf. Ongeféier 121–120 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: Den Ammon an de Kinnek Limhi hunn ugefaangen, sech mam Vollek ze beroden, wéi si sech aus der Sklaverei befreie sollten; an esou hunn si d’ganz Vollek sech versammele gelooss; a si hunn dëst gemaach, fir d’Stëmm vum Vollek an dëser Saach ze héieren.
2 An et huet sech erginn: Si hu keen anere Wee fonnt, sech aus der Sklaverei ze befreien, ewéi hir Fraen a Kanner an hir Schof a Kéi an hir Zelter ze huelen an an d’Wüüst eraus ze zéien; well do d’Lamaniten esou vill waren, war et fir d’Vollek vum Limhi net méiglech, mat hinnen ze streiden an dorunner ze denken, sech mam Schwäert aus der Sklavereit ze befreien.
3 Elo huet et sech erginn: De Gideon ass dohinner gaangen, ass virun de Kinnek getrueden an huet zu him gesprach: Elo, o Kinnek, du hues bis elo dacks op meng Wierder héieren, wa mir mat eise Bridder, de Lamaniten, gestridden hunn.
4 An elo, o Kinnek, wann s du mech net als een onnëtze Kniecht ugesäis oder wann s du bis elo menge Wierder iwwerhaapt nogelauschtert hues a se dir zu Déngscht waren, sou wënschen ech mir, du géifs och dës Kéier menge Wierder nolauschteren, an ech wëll däi Kniecht sinn an dëst Vollek aus der Sklaverei befreien.
5 An de Kinnek huet him erlaabt ze schwätzen. An de Gideon huet zu him gesprach:
6 Kuck den hënneschten Duerchgang duerch déi hënnescht Mauer an der hënneschter Säit vun der Stad. D’Lamaniten, nämlech d’Waache vun de Lamaniten, sinn nuets bedronk; dofir loosst ons un all dëst Vollek een Opruff schécken, nämlech datt si all hir Schof a Kéi zesummen zéien, fir se nuets an d’Wüüst ze dreiwen.
7 An ech wëll no dengem Gebot higoen an de Lamaniten de leschten Tribut u Wäi ginn, a si wäerte bedronk sinn; a mir wäerten duerch de geheimen Duerchgang lénks vun hirem Lager goen, wa si bedronk sinn a schlofen.
8 Sou wäerte mir mat eise Fraen a Kanner, mat eise Schof a Kéi an d’Wüüst eraus zéien, a mir wäerten de Wee ëm d’Land Schilom huelen.
9 An et huet sech erginn: De Kinnek huet op dem Gideon seng Wierder héieren.
10 An de Kinnek Limhi huet gesot, datt säi Vollek seng Häerden zesummen dreiwe soll; an hien huet de Lamaniten den Tribut u Wäi geschéckt; an hien huet fir si als Geschenk nach méi Wäi geschéckt; a si hu gäre vun deem Wäi gedronk, deen de Kinnek Limhi hinne geschéckt huet.
11 An et huet sech erginn: D’Vollek vum Kinnek Limhi ass bei Nuecht mat senge Schof a Kéi an d’Wüüst eraus gezunn, a si sinn ëm d’Land Schilom an d’Wüüst gezunn a Richtung zum Land Zarahemla hin; a si goufe vum Ammon a senge Bridder gefouert.
12 An an d’Wüüst haten si all hiert Gold a Sëlwer an hir wäertvoll Saache matgeholl, déi si droe konnten, an och hir Iesssaachen; a si si weider gezunn.
13 An no villen Deeg an der Wüüst koumen si an d’Land Zarahemla an hu sech dem Mosiah sengem Vollek ugeschloss a goufen hir Dénger.
14 An et huet sech erginn: De Mosiah huet si mat Freed empfaangen; hien huet och hir Opzeechnungen an Empfang geholl, och déi Opzeechnungen, déi vum Vollek Limhi fonnt gi waren.
15 An elo huet et sech erginn: Wéi d’Lamanite gemierkt haten, datt d’Vollek Limhi nuets aus dem Lager fort gezu war, hunn si eng Arméi an d’Wüüst geschéckt, fir si ze verfollegen.
16 An nodeems si se zwee Deeg laang verfollegt haten, konnten si hire Spuren net méi nogoen; dofir hunn si sech an der Wüüst verluer.