16. Kapitel
Gott erléist d’Mënsche vun hirem verluerenen a gefalenen Zoustand—Déi, déi fleeschlech sinn, bleiwen, wéi wann et keng Erléisung géif ginn—De Christus bréngt eng Opersteeung zum onendleche Liewen oder zur onendlecher Verdaamt eriwwer. Ongeféier 148 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: Nodeems den Abinadi dës Wierder gesprach hat, huet hien d’Hand ausgestreckt a gesprach: d’Zäit wäert kommen, wou alleguerten d’Errettung, déi vum Här ass, gesi wäerten, wou jiddwer Natioun, jiddwer Geschlecht, jiddwer Sprooch a jiddwer Vollek A an A gesinn a viru Gott bekenne wäerten, datt seng Riichterspréch gerecht sinn.
2 An da wäerten déi Béis ausgestouss ginn; a si wäerten Ursaach hunn, ze hurelen an ze kräischen a mat den Zänn ze knirschen, an dëst, well si net op d’Stëmm vum Här lauschtere wollten; dofir erléist den Här si net.
3 Well si si fleeschlech a verdäiwelt, an den Däiwel huet Muecht iwwert si; jo, souguer déi al Schlaang, déi eis éischt Eltere verfouert huet, wat d’Ursaach vun hirem Fall war; wat d’Ursaach war, firwat déi ganz Mënschheet fleeschlech, sënnlech, verdäiwelt gouf, déi dat Béist vu Gutt kennen, déi sech dem Däiwel ënnerworf hunn.
4 Sou war déi ganz Mënschheet verluer; a kuckt, se wär fir ëmmer verluer, wa Gott net säi Vollek vun deem verluerenen a gefalenen Zoustand erléist hätt.
5 Mee denkt dorunner, datt deen, deen a senger fleeschlecher Natur insistéiert a weider op dem Wee vun der Sënd a Rebellioun géint Gott geet, am gefalenen Zoustand verbleift an datt den Däiwel all Muecht iwwert hien huet. Dofir ass et mat him esou, wéi wann keng Erléisung vollbruecht gi wär, an hien ass ee Feind Gottes; an och den Däiwel ass ee Feind Gottes.
6 An elo, wann de Christus net an d’Welt komm wär—fir vun deem, wat kënnt, esou ze schwätzen, wéi wann et scho komm wär—dann hätt et keng Erléisung kënne ginn.
7 An wa Christus net vun den Doudegen opgestan wier, oder d’Bänner vum Doud gebrach hätt, fir datt d’Graf keng Victoire hätt, an den Doud kee Stachel hätt, dann hätt et keng Operstéiung kënne ginn.
8 Mee et gëtt eng Opersteeung, dofir huet d’Graf keng Victoire, an de Stachel vum Doud ass a Christus verschlong.
9 Hien ass d’Liicht an d’Liewe vun der Welt, jo, ee Liicht, dat ouni Enn ass, dat nimools däischter ka ginn, jo, an och ee Liewen, dat ouni Enn ass, sou datt et keen Doud méi ka ginn.
10 Och dës Stierflecht wäert Onstierflechkeet unzéien, an dës Vergänglechkeet wäert Onvergänglecht unzéien, a si wäerte virun d’Geriicht vu Gott bruecht ginn, fir vun him no hire Wierker verurteelt ze ginn, egal ob se gutt oder béis sinn—
11 Wa se gutt sinn, datt si zu Liewen a Glécklechsinn ouni Enn operstinn, wann se awer béis sinn, datt si zu Verdaamt ouni Enn operstinn; well si ginn dem Däiwel iwwerginn, deen si ënnerworf huet, an dat ass Verdaamt—
12 Well si sinn no hiren eegene fleeschlesche Wëllen a Wënsch gaangen; si hunn ni den Här ugeruff, soulaang hinnen d’Äerm vun der Baarmhäerzegkeet entgéint gestreckt waren; well d’Äerm vun der Baarmhäerzegkeet waren hinnen entgéint gestreckt, a si wollten net; si goufe virun hire Sënde gewarnt, an awer wollten si net vun hinne loossen; an et gouf hinne gebueden ëmzekéieren, an awer wollten si net ëmkéieren.
13 An elo, sollt dir net zidderen an Ëmkéiert vun äre Sënde maachen, an iech drun erënneren, datt nëmmen an an duerch Christus dir gerett kënnt ginn?
14 Dofir, wann dir d’Gesetz vum Moses enseignéiert, dann enseignéiert och, datt et de Schied vun deem ass, wat komme wäert—
15 Léiert si, datt d’Erléisung duerch Christus, den Här, kënnt, deen den éiwege Papp selwer ass. Amen.